• De PLUS

    • Präis-Leeschtung
    • Fuerspaass
    • Sound
  • De MINUS

    • Interieur
    • Boîte

Dëse Méindeg geet et net ëm en Elektro- oder Hybridauto, an Downsizing ass och keen Thema... éischter de Géigendeel.

Automag: Ford Mustang Mach 1

Et geet haut ëm e V8 mat 5 Liter Hubraum a 460 PS! Experten dierften elo scho wëssen, ëm wéi een Auto et sech handelt… Richteg, et geet ëm de Ford Mustang. An dësem spezifesche Fall allerdéngs ëm e besonnesche Modell, nämlech de Mach 1.

Deen ass en Homage u säi Virgänger aus de 70er Joren. Dëst virun allem optesch, ma och an der Philosophie. Opfälleg ass z.B. de Kühlergrill, wou een 2 grouss Ausbuchtungen gesäit, fir et mol sou ze nennen, wou beim Modell aus de 70er zwou zousätzlech Luuchte verbaut waren. Eisen Testauto war an der Sonderfaarf Jet grey ausgeliwwert ginn, mat orangen Akzenter, bausse wéi bannen.

Ënnerscheeder Mach 1 vs  Mustang GT

Fänke mer u bei der Leeschtung, do sinn et allerdéngs nëmmen 10 PS méi, nämlech 460 amplaz 450. Dat eleng justiféiert awer op kee Fall en Oppräis vu ronn 12.000 Euro.

Am Mach 1 ass vill Technik vun de Shelby Modeller verbaut oder vum Bullitt. Sief et den Heckdiffuser vum GT500, d‘Ophänkung vum GT350, woubäi d’Fuerwierk och nach emol fir de Mach 1 iwwerschafft gouf. Déi hënnescht Achs an dat mechanescht Differential ginn zousätzlech gekillt, a gebremst gëtt mat enger 6-Kollwen-Anlag vu Brembo.

Dat kléngt alles zimmlech sportlech, a kënnt och net vun ongeféier. De Mach 1 gëtt nämlech als Rennstrecke-Versioun vum Mustang vermaart, mat deem een och op der Strooss fuere kann. Wann ee méi dacks mam Mach 1 op de Circuit wëll, da géif ech definitiv d‘6-Gang manuell Boîte recommandéieren. Déi kënnt aus dem Shelby GT350, huet eng Zwëschegasfunktioun beim Erofschalten an eng No-Lift-Schalt-Optioun, déi ech awer net ausprobéiere wollt, fir net ze riskéieren d’Boite ze sprengen, virun allem well se net ëmmer sou präzis ze schalte war, wéi ech mer dat erwaart hätt. Alternativ gëtt et eng 10-Stufen-Automatik, déi och nach emol optiméiert gouf.

Dat adaptiivt Fuerwierk ass serieméisseg am Mach 1 verbaut an ass nawell zimmlech straff ofgestëmmt, ouni awer onbequem ze ginn. Den Ënnerbuedem gouf och verbessert, wouduerch 22% méi Upressdrock generéiert gëtt am Verglach zum GT.

Déi 529 Newtonmeter Dréimoment an déi aerodynamesch Verbesserunge mussen och iergendwéi op den Asphalt bruecht ginn. Serieméisseg steet de Mach 1 op speziellen 19 Zoll Felge mat Michelin Pilot Sport 4S-Pneuen, déi schon immens vill Gripp hunn, an och nach funktionéieren, wann et mol reent. Optional kritt ee méi breet Felgen, mat Michelin Pilot Sport Cup2-Reefer, wann ee méi um Circuit domat ënnerwee ass wéi am Alldag.

Banneraum

Do fält mol direkt de Schaltknauf op, an der Optik vun enger poléierter Billiardkugel. Wat den Infotainment ugeet, do ass e Sync 3 verbaut, mat engem Touchscreen an der Mëttelkonsol. Déi wichtegst Donnéeë wéi Vitess an Dréizuel kritt een iwwert en digitalen Tacho ugewisen. D’Klimaanlag, grad ewéi d’Sëtzheizung oder -Killung kann ee praktescherweis nach iwwer normal Knäppercher bedéngen. Och de Fuermodus kann ee via kleng Schalter auswielen, sief et Normal, Sport oder Track.

Lauschtert ee bei engem Mustang dach am Léifsten dem sonore V8-Motor no… sou huet een awer och d’Méiglechkeet seng Liblingsmusek ze lauschteren, wat mat der Soundanlag vu B&O einfach e Genoss ass.

Präis a Verbrauch

De Verbrauch ass mat 12,4 Liter op 100km uginn. Ech louch no mengem Test bei 13,1 … wat fir sou een Auto definitiv ganz an der Rei ass.

Beim Präis leie mer bei ronn 60.000 Euro wéi gesot 12.000 Euro iwwert engem normale Ford Mustang GT. Sënn mécht dat just, wann ee wierklech wëlles huet mat sengem Mustang um Circuit ze fueren, oder wann een déi warscheinlech lescht Sondereditioun vum Mustang besëtze wëll, déi als renge Verbrenner op de Marché kënnt.