• De PLUS

    • echte Cabrio-Feeling
    • Fuerwierk
    • rouege Banneraum
  • De MINUS

    • Iwwersiichtlechkeet
    • Plaz op der Réckbänk

Summerzäit ass Cabrio-Zäit. Abee, vill Hiersteller hunn dem Cabrio de Réck gedréint. Et gëtt se awer nach.

Een Hiersteller, deen um Open-Air Pleséier festhält, ass BMW. Den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp huet sech den neie BMW 4er Cabrio méi genee ugekuckt.

Automag: BMW 420i Cabrio

Wat haut den Trend zum SUV ass, war ëm de Joerdausendwiessel den Trend zum Cabrio. Mir erënneren eis u Citroën Pluriel, Peugeot 206 CC oder Mégane Cabrio. Haut ass de Choix bedeitend méi kleng. Een Hiersteller deen u senger Traditioun zum Open-Air Fuerspaass festhält, ass BMW. Zanter 1936 baut de bayreschen Hiersteller Cabrioen, den neiste Vertrieder ass den 4er Cabrio.

Den Design

Iwwert den Design vum neie 4er ass scho vill geschwat a geschriwwe ginn. Un der riseger Nier scheede sech d’Geeschter. Entweder et spréngt ee vu Begeeschterung an d’Luucht, oder et kann een näischt domat ufänken. Dotëscht gëtt et net vill. Ofgesinn vun enger dach spezieller Front ass den Design awer e Bijou. Eng laang Motorhauw, eng elegant Säitelinn an eng knackeg Heckpartie tréischten iwwert den Design Faux-Pas ewech. Allerdéngs sief gesot: schéin a praktesch sinn zwee Puer Schong. Spéitstens a schmuele Parkhaiser fält op, dass d’Iwwersiichtlechkeet héchstens mëttelméisseg ass. Gutt, dass eng ganz Arméi un Assistenten Alarm schloen wann et bis 5 vir 12 ass.

Bannendran

Den 4er Cabrio entsprécht dem 4er Coupé, dee fir säin Deel um aktuellen 3er baséiert. Beim Intérieur gëtt et also keng Iwwerraschungen, mee déi sinn och net néideg. De Cockpit ass iwwersiichtlech a modern, un der Finitioun gëtt et näischt auszesetzen. Allerdéngs hätt ech mer méi Oflagen gewënscht fir dass och d’Kaap an d’Sonnecreme eng Plaz fannen. D’Setzer bidden eng gutt Balance tëscht Confort a Säitenhalt, allerdéngs gëllt dat just an der éischter Rei. Déi zweet Rei ass dann éischter zu dekorativen Zwecker, als Oflag fir d’Jackett oder als Erweiderung vun der Mall ze gebrauchen. Déi ass nämlech mat 385 Liter wann den Dach zou ass, respektiv 300 Liter wann e bis op ass, net riseg. Ma ëmmerhin sinn dat 80 Liter méi wéi beim Virgänger. Mee e Cabrio ass jo och keen SUV…

Den Undriff

BMW proposéiert am 4er Cabrio dräi Bensinner mat 184, 245 oder 375 Päerd wéi am M440i xDrive oder zwee Diesel Motoren mat 190 an 286 Päerd. Mat sengen 184 Päerd war eisen Testauto als 420i deemno d’Entrée de Gamme woubäi dat de Fuerleeschtungen net gerecht gëtt. An 8,2 Sekonnen ass Tempo 100 erreecht. Dat ass zwar kee Rekord, mee wann d’Verdeck bis op ass, an de Wand engem d’Hoer duerchernee mécht, spiert et sech direkt duebel esou séier un. D’Schalten iwwerhëlt iwwerdeems eng 8-Gang Steptronic. Wien selwer Hand uleeë well, ka sech optional fir Schaltwippen um Steierrad entscheeden. Am Test hunn ech déi awer net gebraucht, d’Elektronik war net just séier mee och präzis wat d’Schalte betrëfft.

De gréisste Changement

Ier et lass geet, muss awer d’Verdeck fir d’éischt an der Mall verschwannen. 18 Sekonnen dauert d’Konschtstéck, mat deem d’Konstruktioun aus Stoff, Dämm-Material a Metallskelett hannert der Réckbänk an der Mall verschwënnt. Den Hardtop vum Virgänger ass Geschicht, ma Bannendran bleift et ëmmer nach agreabel roueg. Zudeem spuert déi nei Konstruktioun 40 Prozent Gewiicht an, wat sech positiv op de Verbrauch an d’Fuerverhalen auswierkt.

Fuerspaass

Déi sportlech Ofstëmmung vum Coupé huet och de Cabrio a senger DNA.  A fir et gläicht vir ewech ze huelen: och mam klengste Vertrieder ënnert dem Capot ass ee mam 4er Cabrio zu all Moment souverän ënnerwee. Trotz deem een oder aneren M-Badge um Testauto ass de 4er Cabrio en Auto fir ze genéissen, an dat entspaant cruisen huet mir perséinlech méi Spaass gemaach wéi d’Juegd no der Ideallinn. Do huet et och gepasst, dass d’Sounddesigner dem 420i en dezent sportlechen Touch verpasst hunn, ouni direkt de groussen Orchester ze invitéieren. Verstännegt fueren gëtt an dësem Fall och mat engem verstännege Verbrauch belount: 7,2 Liter waren et am Test op 100 Kilometer. Dat entsprécht deem, wat och BMW ugëtt.

Am Resumé

E Cabrio ass en Auto fir ze genéissen, bei deem den Notzen an den Hannergrond trëtt a wou de Budget gären Niewesaach ass. Genee esou en Auto proposéiert BMW mam 4er Cabrio. Awer och aner däitsch Premium-Hiersteller leeschten sech de Luxus e Cabrio am Programm ze hunn. Wien de Summer gären u Bord vum neie 4er Cabrio genéisse wëll, muss op’t mannst 52.600 Euro un de Concessionnaire iwwerweisen. Beim Top-Modell, dem M440i xDrive fänkt de Spaass bei 75.200 Euro un. Eng Gutt-Wieder-Garantie gëtt et awer och bei BMW net.