An den News vun haut kucke mer an d’Zukunft!

Engersäits déi vum BMW i3, Pionéier vun der Elektromobilitéit. Oder, wéi d’Projete bei Bentley ausgesinn. Richteg vill vir hu se bei Jaguar LandRover, hei gouf am Juni extra an d’Belsch invitéiert, fir hir nei Strategie virzestellen. Den Detail vun all deem gëtt et elo mam Paul Origer.

Automag: News mat BMW, Bentley a Jaguar LandRover

Reimagine – esou heescht déi nei global Strategie vu Jaguar LandRover mat deier sech béid Marken nei opstellen. Ee vun den Haaptsujeten ass nämlech Nohaltegkeet. Bis 2039 gi ronn 2,5 Milliarde Pond an d’Elektrifizéierung investéiert, fir schliisslech zu enger Null-Emissiouns-Entreprise ze ginn.

Schonn éischter gesäit sech Jaguar LandRover awer an enger neier Positioun. Vun 2025 un wëlle si eng reng elektresch Luxusmark sinn. Dofir komme lo an den nächste 5 Joer eleng bei LandRover 6 Elektro-Modeller op de Maart – deen éischten ass 2024 virgesinn a steet wéi weider Modeller op der neier MLA-Plattform. Si erlaabt den Asaz vun Hybrid- a reng elektreschen Undriffer.

Et gëtt sech awer net nëmmen op den E-Undriff fokusséiert. D’Entwécklung vun der Brennstoffzell, déi mat propperem Waasserstoff fonctionéiert, leeft de Moment och. Am kommende Joer sollen déi éischt Prototyppen op den englesche Stroosse fueren. Fir de CEO vu Jaguar LandRover Thierry Bolloré sollen déi zwou Marke sech egal wéi trei bleiwen. Den onverwiesselbaren Design an d’Luxuserwaardunge vun de Clienten solle weider erfëllt ginn, ouni de brittesche Geescht ze verléieren, dat ganzt mat engem positiven Impakt op d’Ëmwelt. Dat ganzt geet natierlech nëmme mat engem zolitte Fondament. Wärend d’Wierker alleguer erhale bleiwen, gëtt de Rescht vun der Infrastruktur rationaliséiert. Gaydon gëtt zur neier Zentral, wou de Virstand an aner wichteg Manager wäerte konzentréiert ginn. Last but not least soll och mat aneren Entreprisen aus der Tata-Grupp méi enk zesummegeschafft ginn. Vum indesche Mammenhaus kritt d’Reimagine-Strategie vu Jaguar LandRover op jidde Fall déi komplett Ënnerstëtzung.

Änlech Ziler striegt och d’Luxusmark Bentley un. Am Programm Beyond100 fir CO2-neutral ze ginn, ass een neie Schratt gemaach. Mat der Hybrid-Versioun vum Flying Spur gëtt d’Gamme vun den elektrifizéierte Verbrenner ausgebaut. An der Luxuslimousine ginn een 2,9 Liter V6 an een E-Motor kombinéiert. Zesumme leeschte si 544 Päerd a 750 Nm a solle global iwwer 700 km packen, reng elektresch gi 40 km versprach. Bei ideale Konditioune soll d’Batterie och nees schnell geluede sinn. Jee no Netz sinn 100% an nëmmen 2 an enger hallwer Stonn erreecht. Vun all deem sollen d’Passagéier awer näischt matkréien. De Wiessel vu Verbrenner op Elektro gëtt iwwer 3 Modi oder voll automatesch geréiert an och als Hybrid sinn d’Fuerleeschtungen op héijem Niveau. De Sprint op 100 ass a 4 Sekonne gedoen. Bestelle kann een elo schonn am Summer.

Hie war senger Zäit viraus, ass opgefall an huet BMW vill Sue kascht – den i3! Déi lescht Stonn vum kompakte Stromer huet awer geschwënn geschloen – spéitstens 2023 soll den i3 aus dem Programm geholl ginn, eventuell schonn 2022 wann den iX1 lancéiert gëtt. De Grond ass d’Konkurrenz am eegenen Haus, déi stänneg méi grouss gëtt. Zum Beispill de Mini Cooper SE, dee sech beim i3 sengem Undriff zerwéiert, soss awer méi modern Technik bitt a besser am Alldag ze gebrauchen ass. En plus schléift d’Konkurrenz à la VW ID.3, Mercedes EQA, Hyundai Kona oder dee fir den November geplangte BMW i4 net – si hunn alleguer a punkto Autonomie deen an Tëschenzäit schonn 8 Joer alen i3 scho laang iwwerholl.