• De PLUS

    • Motor
    • Exklusivitéit
  • De MINUS

    • Digitale Cockpit
    • Präis

E Viva Espania, heescht et haut am Automag. Spuenescht Temperament, an dat net ze knapps am Cupra Formentor VZ5.

Wat stécht do derhannert? De Christian Schmit huet dat op der Presentatioun ronderëm Barcelona erausfonnt.

Automag: Cupra Formentor VZ5

Cupra, eng jonk Mark, déi sech eréischt 2018 vu Seat lassgekoppelt huet a sech u Clienten adresséiert, déi et gäre sportiv hunn. „Cupra, inspire the world from Barcelona“, heescht e ganz selbstbewosst. An de Xavier Ros aus der Kommunikatioun leet nach eng Schëpp no: Eis Autoe gefalen net jidderengem, mä dat musse sinn och net.

Ob dat och fir deen Auto stëmmt, dee mir iech haut presentéieren?

De Modell Formentor dee kenne mir antëscht, an dësen éischten eegestännege Modell aus der Gamme erfreet sech grousser Beléiftheet. Well vun den 28.000 verkaafte Cupra, hu sech der eleng iwwer 17.000 fir de Formentor decidéiert, 40% wieren Hybrid-Modeller. Awer net a Spuenien huet Cupra di meeschte Supporter, neen déi kommen, hei kuck do, aus Israel a Mexico.

Effektiv hate mir Rendezvous mat der ganzer Gamme vu Cupra am Hannerland vu Barcelona. Och de Circuit vu Castelolli gouf gelount, fir dem VZ5 op den Zant ze fillen. Dee wäert just, oder ëmmerhin, 7.000 mol gebaut ginn, dann ass Schluss.

Undriff

Ganz houfreg ass d’Chefetage vu Cupra, dass et hinne gelongen ass de 5-Zylinder Motor vun Audi aus dem RS3 ze kréien. Do hu se esouguer zu Wolfsburg bei VW laang Gesiichter gemaach, well déi wollten déi Motrice och gären an hiren R-Modeller gesinn.

An och wann de Cupra Formentor VZ5 just 390 PS ënnert der Hauf huet, a Plaz 400 bei Audi, esou deet dat net vill zur Saach. Allebéid stinn si gutt am Fudder. 4,2 Sekonnen op 100, 250 km/h Spëtzevitesse, an eng Partie Fuermodi, déi de Spaassfacteur nach an d’Luucht schrauwen.

En Zentimeter méi déif läit d'Karosserie. An de Radkëschte vum SUV Coupé sinn et 20 Zoll Felgen, 4 Auspiff, an aus de bronzenen Endréier kënnt déi Musek, déi e Cupra-Amateur gär verlauschtert.

Eng 4-Rad-Traktioun ass engem och gewëss. De ganze Setup ass méi haart ausgeluecht, och Lenkung a Bremsen kruten nach e bëssche Schlëff.

Um Circuit kréie mir dann och gewisen an dierfen et och ausprobéieren, wéi seng Drift-Qualitéiten ausfalen. Impressionant, mä ob en dat elo wierklech brauch?

Am Cupra-Modus gëtt di progressiv Lenkung da méi straff, d’Acceleratioun nach méi present, an d’Fiederung en Tick méi haart. Och vun Audi iwwerholl gouf den Torque Splitting System. Esou ass de Formentor VZ5 och an extreme Fuersituatiounen a rutschegem Belag gutt an der Gitt ze halen.

Vu baussen ass de sportlechste Cupra just um VZ5 Logo ze erkennen.

Interieur

Bannenan sinn et Schuelesëtzer, déi opfalen. An deenen ass een agreabel gehalen a nawell confortabel. Mir waren net nëmmen um Circuit, mä och mat him en etlech Kilometer iwwer Land ënnerwee. Soss ass et dat gewinnte Bild vum Tableau de bord mat de Vir- an Nodeeler vu wéinege Knäppercher fir eppes anzestellen oder ze verstellen.

De Cupra Formentor VZ5 ass jo dann elo dee stäerkste Cupra, deen et bis elo gouf. VZ, déi Ofkierzung steet iwwregens fir Veloz, wat am spuenesche Vitess heescht.

Präisser

Natierlech gëtt et di 5-Zylinder-Technik vun de 4 Réng net zum Nulltarif. Op der Presentatioun war nach net konkret definéiert, wat de Cupra Concessionaire iech wäert froen. Mä de Präis dierft sech bei ëm di 60.000 Euro apendelen. Mä wéi gesot, dir hutt dann eppes Exklusives wat op 7.000 limitéiert ass. A wie weess wéi laang esou sportlech Autoen ouni Kabel a Stecker iwwerhaapt nach ze kréie sinn.