• De PLUS

    • Universell asetzbar
    • onverwüstlech
  • De MINUS

    • mëttlerweil richteg deier

Et gëtt Gefierer, déi sinn onverwüstlech. Ee vun hinnen ass den Unimog, an dee feiert dëst Joer seng 75.

Als universaalt Motorgerät ass e geschafe ginn, a sollt zum Kultobjet ginn. Och hei am Land war an ass den Unimog am Asaz. De Christian Schmit war op d‘Sich no ganz alen Exemplairen.

Automag: 75 Joer Unimog

Genee, an hunn dobäi Leit begéint déi eppes ze verzielen hunn. Vun an iwwert hiren Unimog. Deemols nom zweete Weltkrich, wou an Däitschland alles futti war, et vun den Alliéierten de Plang gouf, dass eis däitsch Noperen an e rengt Agrarland sollt ëmgewandelt ginn, du sinn di éischt Skizzen ewell op de Pabeier bruecht ginn.

Erhardt & Söhne hu schonn 1946 di éischt Prototyppe realiséiert.

Den alleréischten Unimog sollt scho vun engem Mercedes Diesel ugedriwwe ginn, och wann den Unimog mam Stär um Külergrill eréischt 1955 koum. Ugangs war et nämlech de Kapp vun engem Ochs, fir d'Kraaft ze symboliséieren.

Mam Alex Mesebuerg hu mir Rendezvous fir en Tour mat sengen Exemplairen ze dréinen. E ganz rare vun 1962 an och een aus dem Joer 1972.

Wat faszinéiert een um Unimog?

D'Symbios tëscht dem Auto an dem Trakter. Déi Aarbechtsmaschinnen, déi jo awer bedeitend méi séier sinn wéi deemools en Trakter. Leeft jo awer mat 50 bis 60 an der Stonn. Op där anerer Säit kann een domat schaffen, duerch d'Stécker domat fueren, a Saachen zéien, an et huet een ëmmer Plaz fir eppes matzehuelen duerch d'Brëtsch déi hannen drop ass, ass e méi flexibel wéi mam Trakter. Ech ginn Holz maachen an de Bësch. Do ass den Unimog einfach ideal. En ass wendeg a mécht mir net vill futti wann et naass ass am Bësch. An et kënnt een iwwerall domat duerch.

Interessanten Detail um Rand. Bei der Transaktioun, krut Daimler-Benz deemools d'Mark Unimog fir e Spottpräis. 600.000 Mark, an de Kaf Vertrag war grad emol zwou Säite laang. Just fir dat emol a Relatioun ze setzen, e VW Käfer huet deemools 4.800 Mark kascht.

Den Unimog huet am zivillen, wéi och am militäresche Beräich Karriär gemaach. Pompjeeën, Arméi, Expeditioun awer och bei de Gemengen a Ponts et Chaussées. A wéi vill goufen der als Camper ëmgebaut, fir op Welt Rees domat ze goen. Ënnerwee begéine mir nach aner Proprietären, wéi den Nico Ruppert mat sengem Unimog vun 1980, an enger Anekdot?

Do war di Geschicht wou den Automag dee gedréint gouf. Do ware si op engem Feldwee fir ze filmen, an dunn hate si sech fest gefuer. Du ware si frou wéi ech den Unimog bei Hand hat fir si erauszezéien. Do ware si begeeschtert dovun.

Den Ursprong an der Landwirtschaft hat séier u Bedeitung verluer. Mä firwat den Unimog deemols esou schmuel war, dat hat domat ze dinn:

Ganz einfach dohier, duerch d'Reie-Kulturen. Gromperen oder Rommelen sinn a 40 Zentimeter oder 70 Zentimeter Ofstand ugeplanzt ginn. Do ass et dorëms gaangen, mat deene Maschinnen iwwer d'Felder ze fueren, ouni si futti ze maachen. Do ware si relativ schmuel an der Spuer, fir do derduerch ze kommen. 

Laang gouf den Unimog zu Gaggenau gebaut, do ass haut de Musée Unimog mat ville raren Unikater.

Zu Wörth lafe si haut vum Band, a vläicht packt den Unimog et jo och an d’Zäitalter vun der Elektrifizéierung. Biller vun engem Mercedes EQ Unimog zirkuléieren op alle Fall schonn um World Wide Web.

Wat als wierklecht motoriséiert Schaffpäerd um Flouer ugefaangen huet, sollt sech am Laf vun der Zäit zu enger grousser Zuel u Kombinatiounsméiglechkeeten entwéckelen.

Haut gëtt et fir all Asaz dee passenden Unimog. Grouss, kleng, maniabel oder extreem staark. „Universal“, deen Numm huet en net gestuel. Och net no 75 Joer!

A wéi heescht et esou schéin „Dee bréngt dech iwwerall hin“. Allerdéngs sinn haut och mindestens dofir ëm di 140.000 Euro fälleg.