• De PLUS

    • Robust
    • Flexibel asetzbar
    • vill Plaz
  • De MINUS

    • Just eng Motoriséierung

Am Automag vun haut schwätze mer iwwert eng Mark an e Modell, déi wuel vill Leit net um Radar hunn. Dobäi handelt et sech ëm e richtegt Schaffpäerd.

Mam neiste Modell léisst dat Schaffpäerd elo och nach aner Qualitéiten opblëtzen.

Automag: Isuzu D-Max V-Cross

Fänke mer mol u bei der Mark. Et geet ëm Isuzu, an déi Mark ass a Japan doheem. Beim Modell handelt et sech ëm den D-Max, an dat ass e Pickup. Seng Geschicht geet schonn zeréck op d'Joer 1963, deemools nach ënnert dem Numm "WASP". Zanterhier huet en puer mol den Numm geännert, fir zanter 2002 als D-Max bekannt ze sinn. 2020 koum dann déi neiste Generatioun op de Marché.

Wierklech vill Leit dierften den Isuzu D-Max wéi gesot net kennen, ma bei deenen déi een hunn, gëllt en als zouverlässeg a robust, sief dat bei Fierschter, Leit vum Bau oder Baueren z.B..
Fir elo awer mat der Pickup-Konkurrenz wéi Toyota Hilux, Ford Ranger oder Nissan Navara mathalen ze kënnen, gouf den D-Max elo och a Saachen Equipement a Veraarbechtung e gudde Strapp méi europäesch.

Den Undriff
Ënnert der Hauf sëtzt en 1,9 Liter 4-Zylinder Diesel mat 163 PS an 360nm Dréimoment, Dee Motor erfëllt déi neisten Euro 6d Norm. Den D-Max ass alles anescht ewéi kleng, dat bei 5,26 Meter Längt, wann ee wéi an eisem Fall de Modell mat duebeler Kabinn huet. D'Luedfläch ass bal 1,6 Meter laang an ausserhalb vun de Radkëschten 1,5 Meter breet. Do kritt ee richteg vill ënner. Maximal kann ee bis zu 1 Tonn hannen oplueden. Wann déi Plaz net duergeet, kann een un der Attache-Remorque och nach eppes nozéien, wat maximal 3,5 Tonne weien däerf.

RTL

© Andy Brücker / RTL

D'Kraaft gëtt entweder op déi hënnescht Achs verdeelt, oder op alle 4 Rieder, wat och wärend dem Fuere ka geännert ginn. Geet et mol iwwert méi schwieregen Terrain, kann een nach eng Ënnersetzung bäischalten, oder och déi hënnescht Achs spären. Mat 24cm Buedemfräiheet, däerfe gär emol och Steng der Äscht am Wee leien, dat mécht dem D-Max guer näischt aus.

Sollt emol eng Baach am Wee sinn, oder wéi rezent bei den Iwwerschwemmungen Héichwaasser, da kann ee mam D-Max och berouegt duerchfueren, soulaang de Peegel net iwwer 80cm héich ass... wat schonn immens vill ass!

Interieur
Do huet Isuzu e risege Schrëtt gemaach an huet mat der Konkurrenz op d'mannst gläichgezunn. D'Veraarbechtung ass net ze vergläiche mam Virgänger. D'Sëtzer sinn am Lieder gehalen a wierklech gutt verschafft. Den Tableau de Bord ass mat Lieder iwwerzunn, et gëtt en 9 Zoll groussen Touchscreen, Apple Carplay grad ewéi Android Auto, gekoppelt mat engem ganz gudde Soundsystem, 2-Zone Klimaanlag, Häerz wat begiers de? Dobäi kommen dann och nach e sëllege Knäppercher, fir d'Manipulatioun vu Radio oder Klimaanlag, oder och nach d'Astellunge vun de Fuer-Modien.

RTL

© Andy Brücker / RTL

D'Iwwersiicht am D-Max ass ganz an der Rei... a fir déi Beräicher, wou een net sou gutt higesäit, huet een entweder e Warnsystem fir den Doudege Wénkel z.B. oder eng Kamera, mat där een ënner anerem och d'Attach-Remorque perfekt gesäit, wat praktesch ass, wann ee mol un Unhänger ukoppele muss.

Sécherheet gëtt och grouss geschriwwen, dëst mat 13 verschidden Systemer u Bord, grad ewéi 8 Airbagen, wat dem D-Max dann och 5 Stären am NCAP-Crashtest abruecht huet.

Präisser
De klengsten D-Max als Single-Cab kritt ee vun 30.390 Euro un.Dee mat der duebeler Kabinn, mat Allrad an der beschter Ausféierung V-Cross, sou wéi mir en haten, kascht 46.770 Euro. Deen ass voll equipéiert a just wann een eng aner Faarf ewéi wäiss wëll, muss een nach e klengen Extra bezuelen.

RTL

© Andy Brücker / RTL