• De PLUS

    • Raumgefill
    • niddreg Geräischkuliss
    • Klang vum Soundsystem
  • De MINUS

    • vill Neierungen nëmmen als Optioun

Am Automag vun haut dréint sech alles ëm de gréissten SUV vu Skoda.

No 4 Joer Bauzäit krut de Kodiaq en éischte Facelift spendéiert. Wat et domat op sech huet, weess den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp.

Automag: Skoda Kodiaq Facelift

2016 ass de Skoda Kodiaq virgestallt ginn an huet den Terrain fir den SUV-Boom bei Skoda preparéiert. Gutt 600.000 gebauten Unitéite méi spéit steet elo den éischte Facelift an de Startlächer. D’Missioun ass kloer: de Kodiaq soll sech géint d’Konkurrenz behaapte kënnen. Dofir goufen direkt e puer Schrauwen ajustéiert, ma och déi eenzel Equipementslinne goufen ënnert d’Lupp geholl a solle sech méi däitlech vuneneen ënnerscheeden.

Den Design

De gréisste Changement ass un der viischter Partie ze erkennen. Kaum en Deel gouf net vun den Designer ugepaakt. Esou gouf de Kühlergrill nei gezeechent, nei a méi schmuel LED-Pharen si Serie an d’Loftaläss si méi grouss. Ënnert dem Stréch sollen déi Upassungen de Kodiaq méi robust a méi modern wierke loossen. Nei ass dann och d’Matrix-LED Technik déi optional fir d’Pharen ze kréien ass, a bei Skoda eng éischte Kéier am Superb ze kréie war.

Och un der hënneschter Partie kënnt LED-Technik zum Asaz. D’Réckluuchte kruten en neien Design an en ugedeiten Ënnerfuerschutz soll dem Kodiaq seng Offroad-Qualitéite betounen. Wie sech awer fir déi bis zu 20 Zoll grouss Aluminium-Felgen entscheet, wäert mat héijer Warscheinlechkeet e grousse Bou ronderëm Bulli a Schlake maachen.

Den Interieur

Bannendran huet sech méi gedoen. Esou gouf d’Armaturebriet iwwerschafft a mat fuerwege Kontrastnéiht opgefrëscht, d’Banneraumbeliichtung adaptéiert, en neie Canton-Soundsystem mat 10 Haut-Parleuren a 625 Watt Leeschtung adoptéiert an en 10 Zoll virtuelle Cockpit integréiert – woubäi villes vun deem, wat den Openthalt méi agreabel mécht, nëmme fir e Supplement ze kréien ass. Dozou zielen och déi nei ergonomesch, belëft a behëtzt Massage-Sëtzer oder als Alternativ sougenannten « Eco-Sëtzer » mat Bezich aus recycléiertem Material, fir déi keen Déier zu Schued koum ass.

Houfreg ass Skoda och ob den neie Multimedia-System deen et an 3 Ausbau-Stufe gëtt a sech iwwert en 9,2 Zoll groussen Ecran steiere léisst. Iwwert eng integréiert Sim-Kaart ass de System mam Internet verbonnen wat eng hellewull un neie Funktiounen zouléisst: Web-Radio an Online-Meteo-Previsiounen sinn der just zwou dovun. Alternativ léisst sech och den eegenen Handy iwwer Wireless-Carplay oder Android Auto verbannen an iwwer Induktioun oplueden.

Den Undriff

Spéitstens an dësem Kapitel dierf et e bësse méi sportlech ginn. 20.000 Exemplaire vum Kodiaq RS goufen zanter 2018 verkaaft, 44 Prozent dovun zu Lëtzebuerg, esouvill wéi soss néierens. A genee dëse Modell krut elo neien neie Motor. Den aktuellen Diesel ass am RS Geschicht, Nofollger ass en 2.0 Liter TSI-Bensinner mat 245 Päerd. Dat sinn der 5 méi wéi bis elo, dobäi kënnt, dass den RS als Bensinner 60 Kilo méi liicht ass.

Fir de Rescht bleift alles beim Alen: déi zwee Bensinner mat 150 an 190 Päerd an déi zwee Diesel mat 150 an 200 Päerd gehéieren zur EVO-Motoregeneratioun aus dem VW Grupp. D’Diesel-Motore gëtt et just a Kombinatioun mat enger 7-Gang-DSG Boîte, bei de Bensinner danzt den 1,5 Liter TSI mat 150 Päerd aus der Rei: dëse gëtt et an der Basis just mat Frontundriff. Déi méi staark Bensinner – dorënner och den RS -  komme mat Allrad an DSG. Eng elektresch Versioun ass net geplangt, dofir huet Skoda den Enyaq am Programm.

Am Test huet sech d’Kombinatioun aus 2.0 Liter TDI mat 200 Päerd, Allrad-Undriff an DSG-Boîte als ganz harmonesch erwisen: d’Boîte schalt douce, de Motor mellt sech just wann e gefuerdert gëtt an d’Bremse si gutt ze doséieren. D’Fuerwierk ass confortabel ausgeluecht, a wien ob schmuele Landstroossen schëtzeg ënnerwee ass, mierkt séier, dass de Kodiaq net dofir gebaut ass. Wien en awer als Familljenauto beweegt - an dat ass de Kodiaq als Raumwonner mat senge bis zu 7 Sëtzer - wäert dës Erfahrung ni maachen a sech och net dru stéieren, dass d’Lenkung méi Réckmeldung verdroe kéint.

Präisser

34.000 € kascht de Entrées-Ticket an d’Welt vum Kodiaq. Dofir kritt een den 1,5 Liter TSI mat 150 Päerd an DSG-Boîte. Abee, méi Leeschtung gëtt et och bei Skoda just fir méi Suen: fir den Top-Modell, de Kodiaq RS, wiesselen 50.600 € de Besëtzer. Wéi ëmmer virun Optiounen.