An den Automag-News geet et ënnert anerem ëm eng nei Hybrid-Motorisatioun beim BMW 5er, Ëmbauaarbechten zu Köln bei Ford a keng gutt Nouvelle vun Nissan.

Als Basisversioun huet BMW nieft dem 545e a 530e elo viru kuerzem och e “klengen” Hybrid, de 520e lancéiert. Den Detail vun den Automag-News an den Test vum 520e elo mam Paul Origer.

Automag: News vum 26. August 2021

BMW 520e

Hei litt d’Bezeechnung mol eng Kéier net, et stécht tatsächlech een 2 Liter-Bensinner hannert der 20, verdeelt op 4 Zylinder an eleng 163 PS staark. Ënnerstëtzt gëtt hie vun enger 83 kW-Elektromaschinn, esou datt als Systemleeschtung 204 PS, also e Minus vun 88 PS am Verglach mam 530e, erauskommen. Geet dat nach ëmmer duer, zemools wann, wéi am Fall vun eisem Testauto 520e Touring, nach emol mindestens 1900 Kilo géigeniwwer stinn?
Ee 5er Touring ass de Laangstreckenauto, also firwat net emol bis a seng bayresch Heemecht fueren? Op der Autobunn mécht de klengen Hybrid e gudden Androck. Akustesch bleift hien diskret a ka bis zu 140 km pro Stonn reng elektresch fueren. Déi versprache ronn 50 km elektresch Autonomie sinn dann allerdéngs net méi garantéiert, de Verbrenner gräift relativ fréi mat an. Dotëscht geet en dann awer och nees aus, sief et beim Recuperéieren oder am Seegelmodus, wann et laang biergof geet oder am Stau bei luesem Tempo. Dëse ganze Wiessel geschitt diskret, just e liicht Ruckelen erënnert drun, datt den E-Motor d’automatesch Boîte notzt.

A punkto Leeschtung feelt engem dat bullegt Dréimoment vun engem Diesel, mat sengen 350 Nm war de 520e op der däitscher Autobunn zwar keen Hindernis a konnt gutt mathalen, am Biergop a bei Iwwerhuelmanöver krut dee relativ schwaache Bensinner awer Krämpes. Nieft den Dezibellen goungen dann och d’Literen an d’Luucht. Gemälleg Cruise passt besser – d’Devise ass matschwammen an de Schwong notzen, wéi fréier mam ale Mercedes Diesel. De 520e kritt dat gutt hin. Eng top Aerodynamik an ee fräilafenden Undriffsstrang maachen et méiglech. Um Enn stoung no ronn 1500 km eng Moyenne vu 6.2 Liter um Bordcomputer, dovunner reng elektresch 350 km a 4 mol nogelueden, wat un enger Borne 4 Stonne brauch. Kléngt op den éischte Coup no gënschteg, fuerdert awer Affer. Nieft dem Plus u Gewiicht, kënnt de Minus u Mall, nämlech ganzer 150 Liter gi fleeten, dobäi kënnt een op 46 Liter geschrumpften Tank, wat laang Strecken zum Challenge mécht. A last but not least, si minimum 57.850 Euro fir ee 520e Touring kee Schnapper – ee gläich staarken Diesel kascht 2.500 Euro manner.

Ford

Köln, dat ass d’Heemecht vu Ford a geschwënn och den Zentrum vun der Elektrifikatioun. D’Wierk am Stadtdeel Niehl gëtt nämlech komplett nei opgebaut, fir datt am Joer 2023 d’Produktioun vun engem neien Elektro-Modell ulafe kann. Zu Köln-Niehl gi schonn zanter 1931 Autoe gebaut. Elo gëtt an der Summerpaus en Deel vun der Fabrick ofgerappt, wärend d’Produktioun virugeet. Dat neit High-Tech Gebai soll 2022 fäerdeg sinn, dee Moment ginn hei haaptsächlech Karosserie fir d’Endmontage virbereet. Iwwert den Auto selwer verréit Ford nach näischt, gewosst ass awer, datt dëse Modell a grousse Stéckzuele soll produzéiert a verkaf ginn.

Nissan Z Proto

De Fans ass d’Waasser am Mond zesummegelaf, wéi Nissan mat der Etüd Z Proto een Ausbléck op den Nofollger vum 370 Z ginn huet. Eng sober sportlech Linn an e puer gelongen Zitater vun de Virgänger wéi deem, deemools nach, Datsun 240 Z. Nach méi Opreegung gouf et wéi matgedeelt gouf, datt den Design vun der Serieversioun zimmlech no un der Etüd bleiwe géing. Dat ganz gewierzt mat engem 3 Liter Twin Turbo V6 mat ëm déi 400 Päerd.

Deen Dram ass awer elo geplatzt: Nissan huet decidéiert, den neien Z net méi um ale Kontinent ze verkafen. De Marché fir 2-Sëtzer ass bei eis esou schlecht wéi nach ni, ausserdeem si kommend Emissiounsbeschränkungen alles anescht wéi favorabel.

RTL

© Nissan