Viru kuerzem hat Porsche op den Hockenheimring invitéiert. Nämlech an de Porsche Performance Center, deen do integréiert ass.

Hei goufen et Informatiounen, wat beim 2022 Taycan alles nei ass. De Rich Simon war fir eis mat dobäi, wou d'Nouveautéite presentéiert goufen.

Automag: Porsche Taycan 2022

Den Taycan, dat ass mëttlerweil bekannt, ass dee Modell mat deem Porsche 2019 an d'Elektrosegment erageklommen ass. An esou lues awer sécher kritt een de Verkaf och un d'Rullen. 20.000 Autoen goufen dat leschte Joer an Europa verkaaft. Op deem Chiffer ass een elo schonns an den éischte 6 Méint vun dësen Joer. Dat huet och domadder ze dinn, datt den Taycan Cross Turismo, also de Shooting Brake, deen am Fréijoer eraus komm ass, virun allem an de skandinavesche Länner richteg gutt ageschloen huet.

D'Nouveautéiten, déi Porsche elo beim Taycan presentéiert huet, sinn net revolutionär an och relativ doséiert. Mee dat ass ee vu Porsche gewinnt, an dat wëll de Porsche-Besëtzer och esou hunn. Den Design vum Auto soll iwwer Joren an d'Ae stiechen an et soll een net d'Gefill hunn, datt een no 3 oder 4 Joer en alen Auto huet.

Apropos al. Fir den 2022 Taycan ass een an d'Retro Faarf-Box wulle gaangen. Den Taycan gëtt et nämlech deemnächst, ënnert anerem, an der legendärer Rubin Rouder Faarf, déi 1994 de Carrera RS verpasst krut. Fir deen Auto an där Faarf,  gëtt ee Sammler gäre mol 300.000 a méi Euro aus. Ob den Taycan an där Faarf an 30 Joer och ee gesichte Model ass, dat wäert d'Zukunft weisen. Bis elo gouf et den Taycan a 17 verschiddene Faarwen. Dat nächste Joer kommen der, wéi déi Rubin Rout, nach 64 anerer dobäi. Et kéint also knalleg a faarweg op eise Stroosse ginn.

Wat den Infotainment beim Taycan 2022 ugeet, setzt een nach ëmmer op déi 6. Generatioun vum Porsche Communication Management. De PCM huet awer bis elo just mat Apple Music a Podcast funktionéiert. Deemnächst ass och den Android mat integréiert. De Smartphone spillt dann och eng nach méi wichteg Roll, wéi dat bis elo de Fall war. Iwwert eng App kann een säin Taycan aus der Garage, respektiv dem Parking eraus manövréieren, ouni datt een am Auto muss setzen. Wëllkomm an der Welt vum Knight Rider reloaded.

Ouni Zuelen ze nennen, seet Porsche, datt déi reell Autonomie mam neien Taycan méi grouss wäert sinn. Fir dat ze erreechen, gëtt ënnert anerem de viischte Motor am Normal respektiv Range Modus bei den Allradmodeller ausgekoppelt. Wann de Chauffeur awer méi Leeschtung brauch, da gëtt de viischte Motor nees an engem Brochdeel vu Millisekonne bäigeschalt.

Och an d'Batterie gouf weider investéiert. Déi verdroen elo méi Hëtzt. Doduercher ass et méiglech, d'Akkue méi séier ze lueden. Well ouni Stroum rullt den Taycan net. An dofir brauch ee Bornen. Zu Zuffenhausen ass een net on-houfreg ze betounen, datt een där mëttlerweil queesch duerch Europa schonns eng 200.000 installéiert huet, a wou d'Ofrechnung direkt iwwer Porsche geschitt.