Bei Seat sinn et déi kleng, déi grousse Succès hunn an domat déi wichtegst Modeller an der Gamm sinn.

Rieds geet vum Ibiza an dem klengen SUV-Brudder Arona. Si goufen am Kader vun engem Facelift allen zwee opgefrëscht – wat genee nei ass, huet de Paul Origer fir eis op der Presentatioun zu Bilbao erausfonnt.

Automag: Seat Ibiza & Arona Facelift

Knapp 60.000 Ibiza a 65.000 Arona huet Seat eleng vu Januar bis Juni 2021 ofgesat. Domat si béid Modeller d’Piliere vun der Gamm. Den Ibiza kuckt op 5 Generatiounen zeréck an ass iwwer 6 Millioune mol verkaf ginn. Den Arona gëtt et nach net esou laang. Zënter sengem Debut 2017 rullt awer och hei de Business: 400.000 Unitéite goufe schonn un de Client bruecht. Fir datt den Erfolleg bleift, goufe béid Modeller iwwerschafft.

Den Design

Skurillerweis si beim Arona d’Ännerungen um Baussendesign méi drastesch ausgefall. D’Clientèle wollt méi e graffen Offroad-Look an dee kruten se och. D’Pare-Choce sinn nei, d’Nues mat enger frëscher Calander an anescht positionéierten Niwwelluuchten och, hanne sëtzen en neie Spoiler an Diffusor méi sportlech Akzenter an d’Palett vun de Felgen a Faarwe gouf nei opgestallt. Bal dat selwecht gëllt fir den Ibiza, wann och hei quasi näischt um Look ännert. Wéi et schéngt, gefält dee klenge Spuenier nach ëmmer enorm, dofir war hei de Motto: don’t touch it too much. Säi Facelift beschränkt just op, wéi beim Arona och, 100 % LED-Technik bei de Luuchte, neie Rieder an neie Faarwen. Opfälleg ass bei béiden den neie Logo an Handschrëft.

Den Interieur

Hei huet Seat méi drastesch moderniséiert. De ganzen Tableau, bei béide Modeller identesch, huet komplett geännert a péckt sech weesentlech méi agreabel un. En 10 Zoll groussen digitale Cockpit stécht an d’A, genee wéi deen neien Zentraldisplay, deen net nëmme gewuess ass mä och elo méi fräi schwiewend placéiert gouf. Anengems kruten déi kleng Spuenier een neit Steierrad, neie Stoff fir d’Sëtzer a peppeg faarweg Lëftungsdüsen. Am Verbuergene goufen Ibiza an Arona méi staark vernetzt. Nei sinn de Wireless Full Link System fir sech direkt mat Smartphone etc ze verbannen an all Zort vun Ënnerhalung online kënnen ze profitéieren. Dofir ass dann och eng SIM-Kaart an all Auto verbaut. Last but not least goufen och d’Assistenzsystemer opgestockt. Adaptiven Tempomat, Schëldererkennung, Spuerassistent oder automatesch Pharen – dat alles ass elo dran.

Op der Strooss

A punkto Motoren oder Fuerwierk huet sech, bis op besser Emissiounen, näischt geännert, wat och net néideg war. Arona an Ibiza fueren nach ëmmer knackeg an handlech wéi virdrun, d’Motore sinn, wéi d’Testbensinner mat 3 oder 4 Zylinder esou wéi 110 an 150 Päerd, sprëtzeg a relativ spuersam. DSG gehéiert ëmmer méi dacks dozou an déi automatesch Boîte passt och tiptop. Eenzege Bemol gouf et bei der Traktioun vum stäerkste Bensinner. Den Arona gesäit nëmme wéi e 4x4 aus, zemools op naasser Strooss sinn déi viischt Rieder gäre mol vun den 150 PS iwwerfuerdert.

D’Präisser

D’Tariffer maachen ee klenge Saz no uewen: jee no Versioun läit d’Hausse tëscht 300 an 800 Euro. Den Ibiza start elo bei 15.205 Euro a kascht z.B. als 110 PS Bensinner mat DSG an der mëttlerer Versioun ronn 21.500 Euro. Sëtzt ee gär méi héich a gräift zum Arona, léisst sech Seat dat gutt bezuelen: ronn 2.000 Euro méi sinn dee Moment fälleg.