Citan a Sprinter, dat sinn zwee Mercedes Modeller aus der Kategorie vun den Utilitären. Bei deenen zwéi ginn et elo Neiegkeeten.

Deen ee komplett nei, deen anere mat techneschen Evolutiounen. De Christian Schmit war op der Presentatioun zu a ronderëm Frankfurt mat dobäi.

Automag: Mercedes Citan a Sprinter 4X4

Jo déi Kéier fuere mir och mam Stär um Küler, awer déi Kéier als Nutzfahrzeuge, wéi eis däitsch Noperen dat jo nennen.

Fänke mir mam Citan un. Dee leschte Modell war net besonnesch gefrot, de Virgänger Vaneo och net. Elo soll alles besser ginn, mengt op alle Fall emol de Projektleiter Dirk Hipp.

Mir hu vun Ufank u versicht eist Konzept an eis Mercedes DNA ze garantéieren. Bei der Designlinn, dem Interieur, awer och an der Form a Funktioun. Mat Sécherheet.

Och déi Kéier ass et eng Zesummenaarbecht mat Renault. Deenen hiren aktuelle Modell Kangoo steet um selwechte Chassis. Näischt Ongewéinleches an deem Segment.

Kooperatiounen am Van Segment sinn "State of the art". Mir sinn an all Beräich involvéiert, mir stellen d'Fonctionalitéit an d'Sécherheet. Eise "Look and feel" gëtt integréiert. Och bannenan ass de "welcome home" garantéiert, sou dass de Chauffer sech gläich erëm fënnt mat de bekannten Elementer, dem Multifunioun's Steierrad, bis zu MBUX.

Den Citan vu Mercedes kënnt nees als Fourgon an och als Modell fir 5 Passagéier op de Marché. Eng Abberzuel u Variantiounsméiglechkeete ginn do gebueden, an et dierfe bis zu 855kg geluede ginn. Och en E-Citan ass am Portfolio, ouni awer op Bensin a jo esouguer op den Diesel ze verzichten.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Och wann nach näischt iwwer d'Präisser gewuer ze gi war, den Citan als Fourgon, oder als Familljenauto, dierfte weiderhin déi gënschtegst Manéier bleiwen e Mercedes mat Stär um Küler ze beweegen.

Eriwwer da bei de Sprinter. De ganze grousse Brudder vum Citan souzesoen, deen op der ganzer Welt als Bus oder Camionnette am Asaz ass.

En neie Motor, eng nei Boîte, an en neien Allradsystem kommen elo deemnächst ënnert d’Hauf. Mat dësem techneschen Up-date gëtt och elo méi Fuerconfort gebueden. Den 2 Liter 4 Zylinder Diesel kann a 4 verschiddene Leeschtungsvariante bestallt ginn. An déi bekannten 9G Tronic, aus der Benz Limousinne, dierf och elo an de Sprinter. Méi Opwand gouf et bei der 4X4 Traktioun, wann de Sprinter als Allrad elo am September lancéiert gëtt, seet den Entwécklungsingenieur Ulf Zillig.

Inklusiv elo de System Torque on demand, déi eng voll variabel Allrad Steierung zou léisst Dat op der viischter an der hënneschter Achs.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Dat konnte mir dann och op engem usprochsvollen Tout-Terrain-Parcours vum däitschen ADAC selwer ausprobéieren. Ech ginn zou, net esou dacks mat esou Fuerkonditiounen ze dinn ze hunn, mä esou ass Fueren am Bulli a géie Pente ganz easy a mécht Spaass.

Et ass fir de Client e ganz einfach beherrschbare System. E muss sech keng Gedanke méi maachen, ob en Allrad huet oder net. Besonnesch als Camper a mat Unhänger. Vläicht emol op enger naasser Wiss ënnerwee, oder a schwieregem Terrain. De Chauffer muss sech em näischt méi këmmeren, a kënnt nawell an de Genoss vun der ganzer Variabilitéit déi den Sprinter bitt.

Iwwer d’Präisser war och hei nach näischt gewuer ze ginn. Mä mat Speed Delivery Door kann de Chauffer Päck elo méi séier a sécher beim Client ofsëtzen. Eemol méi ginn am Transport Segment vun de Large Vans nei Standarde gesat.