D’IAA zu Frankfurt – dat war ee vun deene grousse Rendezvousen an der Autoswelt, eng international Bün fir Etüden an nei Modeller! An elo?

D’Internationale Automobilausstellung ass op München geplënnert a gouf reduzéiert. Net nëmmen an der Unzuel vun Halen oder Autosmarken, mä och nach just op een Thema: Mobility. Wat et zu München ze gesinn an ze erliewe gouf, huet de Paul Origer eis matbruecht.

Automag: News vun der IAA 2021

Elektromobilitéit, alternativ Undriffer, autonoomt Fueren – dëst si just e puer Sujete vun der IAA Mobility, déi am Fong net méi vill mat den Editiounen zu Frankfurt ze dinn huet. D’Konzept an der bayrescher Haaptstad ass och ee ganzt anert. Kloer bleift de Kär vum Salon an den Halen direkt un der A94. D’IAA spillt sech awer och zu München selwer of: Marienplatz, Hofgarten, Odeonsplatz fir der e puer ze nennen. Hei am Open Space kënnen d’Visiteure och grouss Autosmarken an Zouliwwerer entdecken.

Trotz reduzéiertem Salon hunn net manner wéi 100 Nouvellë Weltpremière gefeiert. Eng dovunner stoung bei BMW. D’Etude i-Vision Circular soll weisen, dass och en Auto zu 100 % aus recycléierte Matière gebaut ka ginn. Dat gëllt och fir d’Batterie vum kompakte Concept-Car.

E bëssen dreeme duerft ee bei Hyundai. D’Koreaner weise mat der Etude Ioniq 6 wéi si sech eng sportlech Limousine virstellen. Nämlech flaach, elegant a fléissend a ganz anescht wéi de Brudder Ioniq 5. Mëtt nächst Joer soll d’Produktioun lassleeën.

E bëssen onscheinbar an engem Eck vum Mercedes-Stand weist eis smart wéi et bei hinne virugeet. Nodeems komplett op Elektro ëmgestallt gouf, weist d’Mark vun de klengen Autoen eis hiren éischten SUV. Zwar nach ee Konzept, awer schonn zimmlech no un der Realitéit. Ob smart-Fans domat waarm ginn?

Grouss Iwwerraschung bei VW op der Bün. Mat vill Tamtam gouf deen neien ID.Life der Press virgestallt. E kompakte Stromer mat SUV-Touch, Gesiicht am Kindchen-Schema, Lounge-Banneraum an esouguer enger Kinosleinwand. A virun allem bezuelbar: bei 20.000 Euro soll et lassgoen.

Méi konkret geet et bei Renault zou: Den neie vollelektresche Mégane ass dem Renault-Chef Luca de Meo no de GTI ënnert den Elektroautoen. Bis zu 470 km Autonomie, e geraimege Banneraum mat risegen Display an attraktiv verpak.

E richtegt Freedefeier vun Nouvelle gouf et op engem vun deene gréisste Stänn, nämlech bei Mercedes. Nieft dem Flaggschëff EQS hunn d’Stuttgarter och nach de klenge Brudder EQE als Weltpremière virgestallt. Allerdéngs och e bëssen Diskussiounsstoff: geklotzt amplaz gekleckert gouf mam vollelektresche Maybach-Elektro-SUV esouwéi mat enger EQ-Versioun vum Offroad-Methusalem G-Klass.

München war virun allem awer och eng Bün fir d’Chinesesch Marken. Wéi zum Beispill Ora vum Konzern Great Wall. Si weise mam Cat een uspriechend gemaachte klengen Auto mat brauchbaren 300 km, peppegem Banneraum an engem Design-Mix aus Mini a Micra.

Däitlech a Richtung Premium geet et beim chinesesche Constructeur Wey. Hire Coffee 2 ass een SUV mat Plugin-Hybrid mat bis zu 150 km elektrescher Autonomie.

En Drëttel vun der Fläch brauch e Kandidat aus der Schwäiz. De Microlino erënnert optesch ganz staark un d’BMW Isetta aus de 50er Joren a beschränkt sech op dat weesentlecht: 2 Sëtzer, 11 kW, maximal 90 km pro Stonn an eng Autonomie vu maximal 200 km.

En Trouscht fir Fans vum smart fortwo kéint villäicht vun der italienescher Mark XEV kommen. De Yoyo ass optesch relativ no drun, bitt op 2,5 m Plaz fir 2 Persounen an eng kleng Mall. De Clou: seng Akkue kann ee wéi bei enger Spillsaach einfach austauschen.