• De PLUS

    • Veraarbechtung
    • Fuerleeschtung
  • De MINUS

    • Präis

Eigentlech steet bei enger Auto-Presentatioun natierlech déi neiste Kreatioun am Mëttelpunkt.

Mä keng Reegel ouni Ausnam, well wann de Konstrukteur eng Event-Agence bucht, fir op de Lofoten an Norwegen ze fueren, dann ass dat eppes anescht. Esou erlieft dëser Deeg mam Porsche Macan. De Christian Schmit duerft mat an den héijen Norden.

Automag: Porsche Macan

Jo ech muss zouginn, dass et engem bei där Landschaftskuliss zäitweis schwéier gefall ass sech op den neie Macan ze konzentréieren.

D’Fro un d’Nadine Tauberer aus der Kommunikatioun bei Porsche, firwat schleeft een den Auto iwwer 3000km vu Stuttgart op d’Lofoten?

Natierlech hu mir als Mark och den Usproch eise Journalisten nei Fotomotiver a Landschaftsbiller ze bidden. Mir hunn eis ganz bewosst decidéiert, net wéi soss an de Süden ze goen, mee emol eng ganz aner Location. Schéi Strecken, top Kontraster. Mir si ganz zefridden hei, a freeën eis dass et och gutt ukënnt.

600.000 Keefer huet de Macan zënter sengem Lancement 2014 scho fonnt.

Elo dann e softe Facelift. Mat méi Leeschtung, Qualitéit, Confort a Fuerspaass. Keen aktuelle Macan-Proprietär muss verdrësslech ginn, all Karosserie-Changementer falen dezent aus. Vum Designer ass gewuer ze ginn, dass de Macan elo méi muskuléis géif wierken.

Jo dat kann een esou gesinn. Besonnesch vir falen engem Ënnerscheeder zum Virgänger op.

Op der Säit ginn et elo Sideblades am 3D Look, an hannen 3D Luuchten an den Diffuser déi nei konzipéiert gouf.

Ënnert der Hauf deet sech méi. Méi Leeschtung fir all Motorisatioun. Fir de Macan mat 4 Zylinder sinn et der 20, fir den S, der 26, 40Nm méi Dréimoment elo als 2.9 V6 Biturbo, an de GTS huet der elo 60 weider ënnert dem Capot. Méi Power, obscho gewosst ass, dass Porsche schonn 2023 en Elektro-Macan bréngt.

Mam GTS fuere mir als éischt op eng Sightseeing-Tour vun 150km. Direkt an intensiv dat Temperament. Di DNA vun der Zuffenhausener Autoschmëtt spiert een hei am beschten. Léift zum Detail kënnt engem mat all Kilometer an de Sënn. D’Lat gouf ganz héich geluecht bei Veraarbechtung an d’Qualitéit vum Material. Et gëtt eng serieméisseg variabel Loftfiederung, adaptiv Amortisseuren a Pneue mam Label "Sport" suerge fir dat Souveräänt an alle Situatiounen.

A well Porsche jo bekanntlech keng hallef Saache mécht, goufen dann och Audio + Online Navigatioun mat Sproochesteierung, WLAN Hotspot an Online Servicer op den neiste Stand bruecht, a kënnt serieméisseg. Och de Volant aus 911 a Panamera paakt een elo am Macan un.

Wann dir de Macan elo bestellt, da kommen eng Partie nei Faarwen a Fro. Papaya a Gentiane blo. Oder wéi wier et mat Pyhton gréng, exklusiv fir de GTS, awer dat muss engem och 2.800 Euro extra wäert sinn.

De Park Valet ass och elo méiglech. Esou ka ganz easy dat gutt an deiert Stéck propper an ouni Téitsch rangéiert ginn.

Kee Mënsch brauch eigentlech op de Lofoten mat sengen enke Stroossen, Kéieren a vill Schof, déi et sech gemittlech maachen, esou vill Leeschtung. Mä de Chef de projet an der Karosserie beim Macan, ass begeeschtert vun der Topographie.

Di Strecken hei sinn 1A gemaach fir deen Auto. Koppen, Kéieren, an och emol Passagen mat schlechtem Belag. Et mécht einfach Spaass hei ze fueren. 

A mam Fuerspaass huet de Mann méi wéi Recht. An emol eng Kéier gefillt no um Nordpol zu fueren, dat hat schonn eppes.

Nach e Bléck an d’Präislescht. De Konfigurator ass scho prett a Porsche annoncéiert 62.516 Euro fir den iwwerschaffte Modell Macan. De GTS kënnt da schon op 87.500 Euro virun Optiounen. Wie wëll kann och nach de Performence Package ukräizen, an e sëllegen aner Gadgete fir säi Macan ze personaliséieren.

An da wéi mir op de Lofoten a Norwegen erlieft, vun den Einheimeschen, „nice car“nogeruff ze kréien. Jo mir ware mam Macan Exoten an deem nërdleche Breitegrad.