Knapps 30 a scho Proprietär vu 60 Autoen. Dat ass eise Sujet haut am Automag. Wéi geet dat?

Ze gesinn an der Manro Classic Kollektioun am Salzburger Land. De Christian Schmit war bis dohin, an huet di jonk Madamm mat de ville Gefierer kennegeléiert.

Automag: Manro Classic am Salzburger Land

Manro Classic, net ze iwwersinn, wann een um Wee op de Salzburg Ring ass. An di jonk Madamm, déi mam Virurteel och gläich opraumt, Auto-Klassiker dat wier e rengen Domaine fir Männer, heescht Theresa Rotschne.

Also wa Fraen un Auto-Klassiker interesséiert sinn, dann ass Passioun nach méi grouss, well si jo dacks iwwer Ëmweeër zu deem Thema kommen. E wonnerbaren Hobby, bei deem een interessant Leit kenneléiert. Fraen also gären hannert dem Volant. a Plaz just Bäifuerer.

Déi huet am Sënn vum Wuert elo hei d’Steierrad am Grapp am Familljemusée. Mëttlerweil „de père en fille“ iwwergaangen.

Si ass quasi am Auto, oder soll e soen am Auto-Musée grouss ginn. Dat klengt Oldtimer-Paradäis proposéiert dem Visiteur net nëmmen Autoen a Motorrieder. De Schwéierpunkt läit op raren Objeten aus de 1930er bis 1980er Joren. Italienesch, englesch, amerikanesch an dätsch Modeller dominéieren.

Awer och d'Juke-Boxen, Instrumenter, d'Beatles op der Bün. Et gëtt ee matgeholl op eng Zäitrees an d'1950er a 60er Joren. Kloer, dass do di passend Musek mat Swing a Blues net feelen dierf.

Nom Motto, an all Auto stécht jo eigentlech Musek?

Am Auto lauschteren ech nach seele Radio. D'Geräisch vum Motor, an de Wand schwätzt jo fir sech, an dat genéissen ech.

E Musée mat Beweegung, well di gutt Stécker dierfe reegelméisseg op e Concours d’élégance oder eng Oldtimer Rallye.

Jo ganz oft. Zemools an Eisträich fueren ech op Rallyen, a gläich gesennerter ze treffen. Awer, firwat net, einfach just emol mam Oldtimer e Patt huele fueren oder an de Restaurant.

Sou och um Festival of Speed zu Goodwood an England. Houfreg kréien ech vun do eng Foto gewise mam Bernie Eccelstone. Dok statt Dax mengt Theresa Rotschne, dat klengt och interessant?

Jo de Wäert an den Oldtimer als Invest ass eis wichteg. Awer net nëmmen. Et muss een eng Bezéiung zum Auto opbauen fir en dann ze heegen an ze fleegen. Verschiddener si schonn iwwer 30 Joer an eisem Familljebesëtz.

Hiren absolutte Coup de coeur ass e seelene Maserati Khamsin vun 1977.

Wat dierf an d’Kollektioun Manro? Ganz einfach?

Prinzipiell Autoen déi eis gefalen. Autoen déi net dacks gebaut goufen, déi schonn an de 1950er, 60er a 70er Joren eng Raritéit an eppes Besonnesches waren.

Ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt. Ganz rezent ass elo e Starfighter bei Manro Classic ukomm. Dat ass dann elo di neisten Attraktioun, mä déi muss awer bausse stoe bleiwen. An elo gitt dir vun der charmanter Madamm dann och nach héchstperséinlech an d'Salzburger Land bei Manro Classic invitéiert.

Also ech freeë mech op d'Visiteure vu Radio Lëtzebuerg, ech hoffen hunn dat elo richteg ausgeschwat.