• De PLUS

    • Fuerspaass
    • Fuerwierk
  • De MINUS

    • Kee Wandofweiser
    • Iwwersiicht no hannen

Et gëtt se nach, d’Petrolheads mat Bensin am Blutt – a genee fir déi war ee vun de leschten Testautoe geduecht, nämlech de Mini Cooper S Cabrio.

De Paul Origer huet sech och zimmlech iwwert den Testauto gefreet.

Automag: Mini Cooper S Cabrio

Nee nee, keen Elektro, keen Hybrid, mol kee Mildhybrid – einfach nëmmen een Turbo-Bensinner an e knackegen Auto ronderëm, fir genee dat ze hunn, wat um Ausstierwen ass – Fuerspaass! Verstitt mech net falsch, ech si faszinéiert vun der Elektrifikatioun, mä heiansdo muss de Bensinnspeegel a mengem Blutt nees gehuewe ginn. Dofir, Merci Mini! Mä mol der Rei no.

Den Design

Bal keen aneren Auto gëtt sech esou séier ze erkenne wéi de Mini. Dat ass och no engem Facelift oder Modellwiessel esou. Déi aktuell Generatioun gouf am Fréijoer opgefrëscht. Et blouf vu baussen awer bei klengen Designakzenter an, iwweregens och déi vum Testauto, enger neier knalleger Faarf “Zesty Yellow”. Op oder zou, de Mini Cabrio gesäit ëmmer gutt aus an de Frëschloft-Feeling no nëmmen 18 Sekonnen an dank der wäit no vir geréckelter Frontscheif, intensiv. A wann et net muss sinn, da kann een och just ee klengen Deel vun der Stoffkapuz wéi ee Schiebedaach opmaachen. Leider hunn d’Designer hei awer ee Wandofweiser vergiess, well d’Loft bléist engem dee Moment riicht an d’Gesiicht. Am Fong schued, well soss gouf un alles geduecht, wéi z.B. de Windschott, dee mat engem Handgrëff montéiert ass an eng relativ brauchbar Mall, déi sech, no der Manipulatioun vun e puer Hiewelen, och vun uewe beluede léisst.

Den Interieur

Kloer ass de Mini Cabrio kee Raumwonner, dee klengen Englänner ass éischter ee Kostüm op Mooss. Besonnesch mat de Sportsëtzer am Cooper S. An awer kann een och zu 3 mat ëm reesen, wann och de Publikum op der Réckbänk no e puer Kilometer iwwert de Sëtzconfort klot. Mä dat ass séier vergiess, schliisslech charméiert de Mini mat sengem originell gemaachten Tableau a klenge Gimmicks wéi der Ambiancebeliichtung ronderëm den Zentralecran oder dem analogen Tourenzähler an Digitaloptik.

Den Undriff

Just ee Buchstaf, mä dee mécht den Ënnerscheed. Mat engem "S" hannert dem Cooper däerf de Minifuerer sech iwwer 1 Zylinder a 500 Kubick méi freeën. Also keen op dat lescht Päerd ausgepressten Downsizing, mä e groussen 2 Liter 4-Zylinder, moderat op 163 PS opgelueden. Dann als Kiischt um Kuch nach d’Sportautomatik mat Duebelkupplung an de Petrolhead ass glécklech.

Op der Strooss

...spillt de ganz grousse Kino. Ouni Krawall geet et richteg virun, am Sportmodus wiesselt d’Steptronic d’Gäng ouni ruppeg ze ginn oder d’Touren onnéideg héich ze zéien. Dat bescht um Mini ass awer säi Fuerwierk an de renomméierte Gocart-Feeling. Eng ultradirekt a knackeg Steierung, déi op all Uerder follegt, null Säitenneigung, beschte Gripp a keng béis Iwwerraschungen – schued, dass ech dat nëmmen e Weekend genéisse konnt. Zemools den Duscht mat ënner 8 Liter nach ganz an d’Rei goung. Just d’Traktioun ass am Naassen e bëssen iwwerfuerdert an och d’Iwwersiicht no hannen, egal op Daach op oder zou, zimmlech verbaut. Dofir funktionéieren déi nei adaptiv LED-Pharen exzellent!

D’Präisser

U sech kléngt déi éischt Zeil an der Präislescht mol net esou iwwel. Basispräis fir e Cooper S Cabrio: 31.280 Euro. Okay, gënschteg ass dat elo net, an da wéilt ee jo nach gär den John Cooper Works Package, d’LED-Pharen, den Navi an op eemol sti, wéi bei eisem Testauto iwwer 44.000 Euro beim Total. Mä, iwwerleet iech et, et wäert dee leschte vu senger Aart sinn.