• De PLUS

    • Fuerspaass
    • Präis-Leeschtung
  • De MINUS

    • Beschleunegung aus dem Dréizuelkeller

An der Welt vun de klenge Kompaktsportler, gëtt et elo en neie Kandidat, dee scho viru sengem Lancement mat vill Luef iwwerschott gouf.

Ob en d'Erwaardungen erfëlle kann, verréit eis den Andy Brücker aus der Automag-Ekipp.

Automag: Hyundai i20 N

Rieds ass vun engem Südkoreaner, deen op den Numm i20 N héiert. Nodeems den i30 N zanter 2017 fir Hyundai quasi en Duerchbroch um europäeschen Automobilmarché mat sech bruecht huet an d'Mark komplett nei positionéiert huet, war d'Virfreed natierlech grouss wéi et geheescht huet, dass den i20 och als sportlech "N-Versioun" erauskënnt. Wëssentlech, dass an der Rallye-Weltmeeschterschaft och mat engem i20 als Basisauto gefuer gëtt, konnt ee sech erhoffen, dass dee Motorsport-Feeling och am klenge Stroosseflitzer opblëtzt.

Motorisatioun

Ënnert der Hauf sëtzt en 1,6 Liter Turbo 4-Zylinder mat 204 PS an 275 NM. Domat lait een an änlechen Dimensioune, wéi den 3 Zylinder 1500er Ecoboost vum Ford Fiesta ST. De Sprint vun 0 op 100 soll an 6.2 Sekonnen iwwert d'Bün goen a Schluss ass bei 230 Stonnekilometer. Geschalt gëtt net wéi a ville moderne sportlechen Autoe iwwert z.B. eng DSG-Boite, ma hei huet een nach eng 6-Gang manuell Boite. Déi mécht a Verbindung mam Rev-Matching och richteg Spaass a passt perfekt bei den Auto, deen op e Gewiicht vu ronn 1190 Kilo kënnt. Dat mécht deemno 171 PS pro Tonn... wat vill en agilt Fuerverhale versprécht.

Fuerspaass

Et kann een tëscht 3 Fuermodien wiesselen - Eco, Normal a Sport. Dann huet een um Steierrad awer och nach zwee "N-Knäppercher", déi een nach individuell mat senge léifsten Astellunge ka beleeën, sou z.B. fir d'Lenkung, de Motor, Dréizuelupassung oder den Auspuffklang. Do ass definitiv och e Soundprozessor am Banneraum mat um Wierk, ma och hannen eraus héiert een dat eent oder anert knallen, virun allem wann een aus dem Gas geet. Wat en nach mécht wann een aus dem Gas geet... an dat z.B. an enger Kéier oder wann een an e Rond-Point fiert? ma da gëtt den Hënneschten zimlech nervös an et kann een de klengen i20 geziilt mam Kickes an d'Kéier erandréinen. Bei der 1. Kéier gouf ech e bëssen iwwerrascht, ma wann ee bis weess wéi den Auto reagéiert, da mécht dat scho Spaass :) Wou ech e bëssen enttäuscht war, dat war bei der Leeschtungsentfalung. Ënnen erëm wierkt en dann dach e bësse lahm... wat en awer uewen eraus am Toureberäich nees gutt mécht. Fir mäi Gout kéint den Turbo e puer honnert Ëmdréiungen éischter uspriechen.

Interieur

D'Veraarbechtung ass wierklech gutt. Dass et sech ëm en N-Modell handelt, gesait een net nëmmen um Steierrad, ma och un de Sportsëtzer, wou de Logo mat abrodéiert ass, grad ewéi un de Pedallen oder um Schaltknëppel. Den digitale Cockpit huet dann och nach Features wéi z.B. eng LED-Schaltunzeig an am Menu kann ee sech eng hellewull un Donnéeë vum Auto uweise loossen, wéi z.B. mat wéivill Kraaft een d'Bremspedal dréckt. Dat ass dann awer just fir de Bäifuerer interessant, well während dem Fuere sollt een net op deen Ecran an der Mëtt mat de villen Unzeige kucken. Fir gutt Musek suergt eng Anlag vu Bose, falls een emol net dem Sound vun der Auspuffanlag oder dem Motor nolauschtere wëll.

Exterieur

Deen ass natierlech zum Groussdeel um normalen i20 inspiréiert, ma faarwlech Akzenter, grad ewéi en immens opfällege Spoiler hannen um Auto, grad ewéi Verbreederungen um Sous-Bassement, loossen en dann dach kloer als sportlech Variant erkennen, an dat net eréischt op den 2. Bléck.

Präisser

Lass geet et bei knapp 28.000 Euro, woubäi den i20 N da scho ganz gutt equipéiert ass, och mat Sécherheetsfeatures. Da kann just nach d'Faarf wielen, an 2-3 kleng Dommheeten, déi net wierklech an d'Geld schloen, a scho kann ee sech fir ënner 30.000 Euro sou eng kleng Spaassmaschinn zouleeën.