• De PLUS

    • Autonomie a séiert Lueden mat 800 Volt
    • generéis Plazverhältnesser am Interieur
    • Fuerverhalen an Ergonomie
  • De MINUS

    • Diere mat de versenkbare Klensche loosse sech schwéier opmaachen
    • Plaz an der Mall
    • Präis just beim Basismodell gënschteg

Virun 2 Joer stoung op der IAA zu Frankfurt bei Hyundai en Auto als Prototyp, deen elo quasi 1:1 en Serie gebaut an am Showroom steet.

De Modell Ioniq. A genee deen Ioniq 5 als rengen Elektroauto koum elo an d’Automag-Redaktioun. De Christian Schmit huet dierfen hannert de Volant.

Automag: Hyundai Ioniq 5

Jo et ass wierklech seelen, dass e Prototyp da genee och esou an d’Produktioun geet, net beim Hyundai Ioniq 5. Eng komplett nei Formsprooch ass dat anengems fir de koreanesche Konstrukteur.

Seng Missioun

Den Elektroauto ëmmer méi am Alldag ze positionéieren. Ioniq heescht net nëmmen de Modell, mä et ass den Numm vun der Mark, déi elo fir Elektromobilitéit steet.

Nei och d’Plattform E-GMP, mat 800 Volt, wat an där dote Klass revolutionär ass. Wall dat ass Taycan by Porsche Liga.

Bon, dee gëtt elo net gläich als Konkurrent ugepeilt, mä déi grouss ID-Modeller vu Wolfsburg schonn. A mat 800 Volt lueden ass een do kloer am Virdeel. Oder anescht ausgedréckt, hei sinn an 20 Minutten 80% vun der Batterie nees voll.

Den Design

Wann der frou mat geometresche Forme sidd, ma da bienvenue am Ioniq 5. Op den éischte Bléck Kompaktklass, mä da mierkt ee séier, wéi breet de Koreaner ass, an eegestänneg. Kee Crossover, an och nix SUV. Héchstens den Design vum Parechoc an Dekor-Läischten iwwer de Radkëschten deiten et un. A jo, den Ioniq ass och mat enger 4X4 Traktioun ze kréien.

Soss falen engem gläich di avantgardistesch Luuchten op. Kleng Cuben, voll LED bien sûr, an hanne gesäit ee guer keng Luuchten, bis de Hyundai sech a Beweegung setzt. D’Motorhauf mam groussen Hyundai-Logo huet d’Form vun enger Muschel an zitt sech bis op d’Héicht vun de Radkëschten. Bei den Diere fält op, dass d’Grëffer mat der Karosserie verschmëlzen. An dat bréngt mech zum éischte Minuspunkt. Et ass e bëssche Gepiddels fir se opzekréien. Net praktesch, oder wéi seet een haut dofir, net „user friendly“?

Den Interieur

Bannenan huet ee wierklech Plaz, vir an och déi di hanne sëtzen. Kéint een d’Féiss nach ënnert di viischt Sëtzer strecken, da géif de Confort nach zouleeën. Vru sech huet de Chauffer zwee grouss Ecranen. 12 Zoll, iwwersiichtlech, an alles kann een hei ofruffen, ob elo Navi, Infotainment, Verbrauch asw.

Awer et gëtt net just op digital gesat. Klassesch Knäppercher sinn och u Bord. Vereinfacht de Fall dacks. De Mëtteltunnel fält ewech, hei kann een elo villes ofleeën an den Handy induktiv oplueden. Léisst sech verstellen, genee wéi di hënnescht Sëtzrei. Ganz kamoud, an och vläicht net vu Muttwëll.

E Bléck an d’Mall an et freet ee sech, wéi Hyundai do bal 500 Liter Volume versprécht?

Den Undriff

Den Ioniq 5 proposéiert zwou Batterien, 58 kw/h an eng mat 73. Eisen Testauto hat dee schwéieren Akkupak. Bréngt 453 Kilo op d’Wo, an erlaabt awer och iwwer 400km Autonomie, an dat reell. Mam Ioniq 5 muss een net op gréisser Ausflich verzichten, a mat 800 Volt dierf ee jo och un de SuperCharger. Wëll soen, an 20 Minutten erëm 80 % Jus an der Batterie!

D’Leeschtung läit tëscht 218 an 306 PS. Traction arrière oder op di 4 Rieder.

Déi 218 PS suergen och scho fir e souveräänt Virukommen. D’Recuperatioun op 3 Niveaue mat Schalt-Paddelen hannert dem Volant, erméiglechen di zousätzlech Kilometer. D'Acceleratioun am Sportmodus léisst sech weisen. 7,4 Sekonnen op 100, a bei 185 km/h ass Schluss. Et beweegt een ëmmerhin 2,1 Tonnen.

Am Resumé

Et huet Spaass gemaach mam Ioniq 5 ënnerwee ze sinn. Mat sengem eegestännegen Design, Hyundai deeft et „Timeless Value“, fält een op an et kënnt ee mat de Leit an d’Gespréich.

Déi wollten dacks wësse wat e kascht. Mir soten op d'mannst 44.500 Euro, den Testauto mat der 73 kw/h Batterie der dann 48.300 an der Basis Versioun "Core". Den Topmodell "Balance Solar", nach méi innovativ nobäi 60.000 Euro.

A propos Hyundai. Vun der Low Budget Mark zum "Trend Maker", an dat an 30 Joer. Respekt!

De Hyundai Ioniq 5 mécht den Ufank vun enger ganzer Rëtsch un Elektromodeller vum koreanesche Konstrukteur.