• De PLUS

    • Vill Plaz
    • Flexibel asetzbar
    • Präis-Leeschtung
  • De MINUS

    • Verbrauch kéint liicht besser sinn
    • Interieur net sou héichwäerteg wéi bei Konkurrenzmodeller

Am Automag vun haut geet et net ëm en SUV, en Hybrid oder e Sportswon, nee mir kucken eis e ganz praktescht Gefier un.

Automag: Opel Zafira Life

Rieds ass vun engem Won, an deem ee sou richteg vill ënnerkritt. Sief et Persounen, Gepäck, oder och béides. Ech hat fir eng Woch laang den Opel Zafira Life. War den Zafira a sengen Ufanksjoren ëm 1999 e Kompaktvan op Basis vum Opel Astra, sou ass en dann no 3 Generatiounen elo awer duerch méi e grousse Van, a Form vum Opel Zafira Life ersat ginn.

Den Zafira Life ass baugläich mam Citroën Spacetourer, mam Peugeot Traveller oder mam Toyota ProAce Verso. Deemno 4 Gefierer, déi quasi just duerch de Logo an der Calander ze ënnerscheede sinn. Vun der Gréisst hier spillt ee mam Zafira Life dann elo an der Kategorie vun engem Volkswagen Multivan. Deemno ass och am Zafira elo Plaz fir 6 bis 9 Leit. Praktesch ass, dass een d’Sëtzer hin an hier réckele kann, se eenzel kann eraushuelen, a se och ëmdréie kann, fir dass ee sech an der 2. an 3. Rei zum Beispill ka visavis vunenee sëtzen. Da besteet och d’Méiglechkeet, dass een nach en Klapp-Dësch kann dotëscht montéieren, esou dass wärend der Faart och eng Partie Kaart oder Schach kéint gespillt ginn.

Et kritt een den Zafira an 3 verschidde Längten. 4m60, 4m95 oder 5m30. Bei alle Modeller huet ee praktescherweis op béide Säite Schiebedieren.

Sécherheet
Den Zafira ass dann och vollgepak mat de gängegen Assistenzsystemer, wann een déi Optiounen dann ukräizt bei der Bestellung. Sief et de Lane-Assist, oder z.B. d’Schëlder-Erkennung, déi och a Kombinatioun mam Tempomat d’Vitess automatesch upasst. Eng Middegkeetserkennung ass dann och mat u Bord. Optional kritt een en HeadUp-Display, wou engem déi wichtegst Informatiounen ugewise ginn. Dobäi kommen dann nach z.B. e Kollisiounswarner oder en Doudege-Wénkel-Warner.

Motoriséierung
Lass geet et mat engem 1500er Diesel mat 120 PS an enger manueller 6-Gang-Boite. Da gëtt et nach den 2 Liter Diesel mat 140 PS, wou een tëscht manueller an 8-Gang-Automatik wiele kann. D’Top-Motoriséierung ass en 177 PS staarken Diesel.

Da gëtt et den Zafira awer och als Elektro-Variant. Hei ass dann en 100 Kilowatt-Motor am Asaz, mat entweder engem Batterie-Pack v 50kWh oder 75 kWh.

Präisser
Lass geet et bei knapp iwwer 33.000 Euro fir de klengste Modell ouni Schnickschnack. Geet een awer a Richtung Elektro-Zafira, mat dem gaaaanz grousse Kräiz, dann ass ee séier bei 67.000 Euro, woubäi een awer nach laang net an de Präiskategorien vum Klasse-Primus VW-Multivan läit.

Fazit
Ech sinn iwwer 2.400 km mam Opel Zafira Life gefuer, dëst bis op e Rallye an der Tschechescher Republik an och en Ausfluch op Prag war um Heemwee mat dobäi. Um Wee dohin goung et och queesch duerch Däitschland, wou ee Problemlos iwwer länger Strecken och alt emol mat 150 km/h konnt fueren. Op der Plaz selwer goung et och iwwer schlecht Landstroossen, an Deels och alt emol an e Feld, wann et geheescht huet virun enger Rallye-Special ze parken.

Um Enn loung ech bei engem Verbrauch vun ëm 8 Liter op 100km. Plaz hate mer zu 4 méi wéi mer gebraucht hunn an och de Reescomfort war absolutt ginn. Bei den negative Punkte fält mer spontan d’Positioun vum Becherhalter fir Chauffer a Bäifuerer an. Déi ass a mengen Aen e bëssen onpraktesch gewielt, nämlech wäit uewen um Tableau de Bord, wou een net gutt dru kënnt. D’Passagéier an der 2. Rei hätte sech gewënscht, dass een de Sécherheetsgurt méi déif kéint astellen, deen huet no längerer Faart dann alt emol am Hals e bësse gehënnert.

Clever Léisunge fir Saachen ze verstauen, grad ewéi e sëllegen 12V-Uschlëss sinn och ginn. Alles an allem definitiv eng Alternativ fir Leit, déi och alt emol zu méi ënnerwee sinn, awer net op Comfort oder Sécherheet verzichte wëllen, zu engem raisonnabele Präis.