• De PLUS

    • lafrouege Motor
    • gutt Stroosselag
    • vill Plaz
  • De MINUS

    • iwwerluedent Steierrad
    • Verbrauch
    • kee Choix vum Undriff

Am Automag vun haut steet en Offroad-Kombi aus Japan am Fokus: den Akim Schmit aus der Automag Ekipp war mam neien Subaru Outback ënnerwee.

En huet sech de Kombi fir de rauen Terrain méi genee ugekuckt.

Automag: Subaru Outback

De Subaru Outback war schonn op eise Stroossen ënnerwee, do huet vum SUV nach kee geschwat. 1996 koum déi éischt Generatioun als Legacy Outback eraus a war d’Offroad-Variant vum Subaru Legacy. Am Laf vun de Joren ass aus der Variant en Eegestännege Modell ginn. Ma d’Erfollegsrezept, also vill Buedemfräiheet, e permanenten Allrad-Undriff an d’Plaz vun engem Familljekombi, ass bis haut dat selwecht.

Design

Dass ee virun der 6. Generatioun vum Outback steet, fält engem net direkt op. D’Changementer beim Design sinn zeréckhalend. Mat enger neier Calande, Led-Pharen, ville Plastik-Applikatiounen déi den Offroad-Charakter ënnersträiche sollen an neie Réckluchten kéint een och op e Facelift tippen.

Well eréischt wann een nomoosse geet, fënnt een eraus dass den Outback an all Richtungen zougeluecht huet: en ass méi laang, méi breet an och méi héich ginn. A mat senger Buedemfräiheet vun 21 Zentimeter – dat ass 1 Zentimeter méi wéi bis elo -  fiert de Subaru sou munchem SUV am Terrain dovun.

Den Interieur

Bannendran bitt den Outback senge Passagéier virun allem vill Plaz, an dat esouwuel an der éischter wéi och an der zweeter Rei. Mat 5 Erwuessenen Kilometer op der Autobunn ofzespullen: kee Problem, d’Setzer si bequem a bidde gudde Säitenhalt. Gutt dass d’Mall mat 561 Liter alles anescht wéi kleng ausgefall ass. Dobai bitt den Outback bannendran awer och eppes fir d‘Aen: déi fuerweg Kontrastnéit an eisem Testauto hu mer gutt gefall, d’Veraarbechtung ass gutt an den Design vum Armaturebried modern. Gutt gefall hu mer déi klassesch analog Instrumenter, eppes wat en ëmmer manner begéint. Manner gefall huet mer dogéint d’Steierrad mat senge sëllege Knäppercher, déi sech net alleguer op den éischte Bléck erklären. Wann ee sech awer bis erageschafft huet klappt et.

Navi an Infotainment

Zentraalt Element am Interieur ass den 11,6 Zoll groussen Ecran, deen an änlechen Dimensiounen och bei Tesla oder Volvo ze fannen ass. Allerdéngs war den Design vum User Interface just zweetrangeg, wat awer der Funktionalitéit näischt deet. Nieft de Multimedia-Funktiounen ginn och Heizung, Klimaanlag an d’Fuerprogrammer iwwert den Touchscreen gesteiert. Dass dat oflenkt, an ech mer méi Knäppercher zeréck wënschen, kann ech net oft genuch widderhuelen. Nei dobäi sinn eng Hellewull u Sécherheetsassistenten déi een dobäi Ënnerstëtzen d’Spuer ze halen oder iwwerhaapt opt Strooss ze kucken. EyeSight heescht de System deen de Chauffeur beim eraklammen erkennt, a matkritt, wann dësen net méi opt Strooss kuckt an dat mat engem opfällegen piipsen a blénken matdeelt.

Den Undriff

Subaru steet wéi keng aner Mark fir Boxer-Motoren. Am Outback kënnt den iwwerschafften 2,5 Liter Véierzylinder-Boxer mat 169 Päerd zum Asaz. Domat ass de Sprint vun 0 op Tempo 100 an 10,1 Sekonn ze packen, bei 193 km/h ass Feierowend. Mee et ass net d’Maximalvitesse, déi d’Clientèle vum Outback interesséiert, mee éischter de prakteschen Notzen: 2,0 Tonnen dierf d’Remorque weien an de permanenten Allrad ass Serie. D’Schalten iwwerhëlt eng CVT-Automatik-Boîte .

Op der Strooss

Obwuel déi héich Sëtzpositioun un en SUV erënnert, fillt ee sech am Outback wéi an engem Kombi. Dozou dréit och déi excellent Stroosselag an dat sportlech ofgestëmmtent Fuerwierk bäi wat d’Säitenneigung a schëtzeg gefuerene Kéieren op e Minimum reduzéiert. Duerch den Allrad-Undriff ass d’Lenkung agreabel neutral a vermëttelt en direkte Feedback vum Ënnergrond, de Boxer-Motor ass kaum ze héieren oder ze spieren wat fir eng agreabel Rouh am Banneraum suergt. De Verbrauch gëtt Subaru mat 8,6 Liter Bensinn op 100 km un. Am Alldag louch mäi Verbrauch bei normaler Fuerweis mat 8,2 Liter esouguer nach drënner, spuersam ass an dësem Fall awer relativ.

De Präis

Apropos spuersam, woumat mer beim Präis wieren. Dräi Equipements-Linnen huet Subaru am Programm. Lass geet et fir 38.675 Euro als „Comfort“, déi deierst Linn heescht „Premium“ a steet mat 45.445 Euro an der Präislëscht.