De Manktem un Elektrobaudeeler suergt bei den Autoshiersteller fir en Hick, Porsche entwéckelt den digitalen Zwilling ...

... äiseg Temperaturen erënneren eis un d’Wanterpneuen a Lancia versprécht den Delta zeréck ze bréngen. D’Automag-News mam Akim Schmit.

Automag: News vum 18. Oktober 2021

D’Lëscht mat de schlechten Nouvellen gëtt ëmmer méi laang. Duerch de Manktem un elektronesche Baudeeler, ginn aktuell bedeitend manner nei Autoe gebaut wéi an normalen Zäiten. Fir Keefer heescht et Gedold ze hunn. VW gëtt Liwwerzäiten vun 3 bis 6 Méint un, bei den Elektromodeller ID3 an ID4 bis zu 12 Méint. Bei Mercedes kënne verschidde Baureien net méi all Optioun bestallt ginn a bei Ford zu Saarlouis steet d’Produktioun. Wien séier op en neien Auto ugewisen ass, huet deemno besser net all ze wieleresch ze sinn oder op e Modell vum Stock zeréck ze gräifen.

Lancia soll zur Premium-Mark am Stellantis-Groupe ginn. Grouss Erwaardunge stiechen d’Italiener an den neie Lancia Delta, deen 2026 komme soll. Wéi den neie CEO vu Lancia, Luca Napolitano, an engem Interview mam „Corriere della Sera“ confirméiert huet, dierf den Delta an den Zukunftspläng vun der Mark net feelen. "Et wäert net just en echten Delta sinn, mee och e Manifest vu Fortschrëtt an Technologie", esou de Chef. An anere Wierder: d’Neioplag vum Klassiker wäert als Elektroauto kommen a sech d’Basis mam Opel Astra an Peugeot 308 deelen.

Porsche schafft un engem digitale Fréiwarnsystem fir néideg Revisiounen oder den Austausch vu Verschläissdeeler scho plangen ze kënnen, ier e Problem optrëtt. Besonnesch bei Sportsween hätt sech erausgestallt, dass déi reegelméisseg Revisiounen net ëmmer zum Notzungsverhale passen. Den digitale Chassis soll d’Léisung sinn: an Zukunft soll et vun all Porsche en digitalen Zwilling an der Datebank vum Hiersteller ginn. Ass de Besëtzer averstanen, gi verschidde Parameter reegelméisseg digital iwwermëttelt. Eng kënschtlech Intelligenz analyséiert d’Donnéeën a gläicht se mat all de gesammelten Donnéeën of, fir méiglech Problemer mat Zäiten ze erkennen. De Pilotprojet leeft aktuell am Elektrosportler Taycan. Schonn 2022 soll den digitalen Zwilling a Serie goen.

Wien an de leschten Deeg fréi aus dem Haus misst, huet et scho gemierkt: d’Temperaturen leien erëm an niddregen eestellege Beräich an domat steet de Wiessel op d’Wanterpneuen un. Zwar gëtt et zu Lëtzebuerg kee Stéchdatum, wéini een d’Wanterpneuen opleeë muss, allerdéngs si se bei wanterleche Konditiounen obligatoresch. An dat aus guddem Grond: duerch hir méi mëll Gummimëschung bidde se e bessere Gripp an hu méi e kuerze Bremswee. Dobäi kënnt e welleförmegt Profil, dat besser um Makadamm gräift. D’Pneuenhiersteller recommandéiere bei Temperaturen ënner 7 Grad op Wanterpneuen ze wiesselen. All-Weather-Pneue sinn dogéint keng perfekt Léisung: si sinn e Kompromëss wat d’Fuerverhalen ugeet, suerge fir méi en héije Verbrauch an notze sech méi séier of.

Ford baut seng Online-Servicer aus: eng nei Funktioun an der eegener App soll et de Besëtzer vun engem Ford erméiglechen, hiren Auto zeréck ze fannen, wann e sollt geklaut ginn. Déi sougenannte "Stolen Vehicle Services" vun der "Ford-Pass-App" schécken eng Push-News op den Handy, wann e versichten Déifstall erkannt gëtt, a soll et der Police erméiglechen, den Auto iwwer GPS ze lokaliséieren. Fir de Service ass déi 4. Generatioun vum Ford-Sync Infotainment néideg, déi an Europa bis elo just am Ford Mustang Mach-E ze kréien ass. De Service ass aktuell eréischt a Groussbritannien an Irland disponibel, soll awer bis 2022 a ganz Europa genotzt kënne ginn.