• De PLUS

    • Vill Plaz
    • gutt Veraarbechtung
    • Schwächte vum Virgänger verbessert
  • De MINUS

    • Ufuerschwächt vum E-Motor
    • Beschrëftung vu Knäppercher deels net gutt visibel

No 3 Joer ass et Zäit fir ee Facelift vum grousse Hyundai-SUV Santa Fe.

Nieft deenen übleche Retouchen ass virun allem ënnert dem Blech esou munches geschitt. Den Detail mam Paul Origer.

Automag: Hyundai Santa Fe Plug-in Hybrid

Heiansdo ginn et Zoufäll... op d’mannst déi 3 lescht Generatioune vum Hyundai Santa Fe konnt ech testen. An obwuel ech perséinlech elo net dee gréisste Fan vun XL-SUV sinn, den Offroad-Koreaner huet mech bis elo nach net enttäuscht. An esouvill elo schonn, den aktuellste Modell konnt do nach een dropsetzen.

Den Design

Wéi üblech bei engem Facelift, bleift de Santa Fe senge Grondzich trei. Nei ass awer d’Gesiicht, mat elo horizontale Pharen, vergréissertem Grill a modifizéiertem Parechoc. Dat selwecht gëllt fir hannen: d’Luuchte sinn nei an duerch eng rout Sträif verbonnen, den Design vum Parechoc opgefrëscht. Soss bleiwen nach nei Felgen a Faarwen ze ernimmen.

Den Interieur

Bannenan ass méi geschitt. De Cockpit ass elo voll digital, den Navi-Bildschirm ouni Knäppercher an am Widescreen-Format. D’Mëttelkonsol gouf komplett iwwerschafft... zwar huet sech d’Unzuel vu Knäppercher entgéint dem Trend verdräifacht, dofir sinn d’Taste besser erreechbar a spueren engem d’onnéidegt Sichen an iergendengem Menu. Just d’Beschrëftung ass bei Sonneliicht net optimal. Am Géigenzuch koumen nach emol vill praktesch Oflagen dobäi. Wat bleift, dat ass dee grousszügege Banneraum mat vill Kapp- a Beefräiheet, an eng Mall, déi quasi eng hallef Studentenariichtung oder nach 2 zousätzlech Passagéier packt. Och d’Veraarbechtung brauch sech hannert der Premiumkonkurrenz net ze verstoppen. Besonnesch dat hellt Nappalieder an dee flauschege Suede-Iwwerzuch vum Daachhimmel an eisem Testauto ware richteg nobel.

Den Undriff

Elektrifikatioun feiert am Santa Fe Première. Eisen Testauto war de Plugin Hybrid. Konkret heescht dat, ee 1600er Turbobensinner mat elektrescher Hëllef an 265 Päerd Systemleeschtung. Reng elektresch ginn 58 km versprach, geluede gëtt un der Borne oder un der Steckdous. Allerdéngs zimmlech lues, mat maximal 3,5 kW dauert et mindestens 4 Stonne vun eidel op voll.

Op der Strooss

Reng elektresch Fueren ass am Santa Fe natierlech och faszinant. Kuerzstrecken am Alldag sinn esou wonnerbar ze managen, eenzeg nom Ofbremsen huet den E-Undriff eng latent Ufuerschwächt, déi een deen een oder aneren Nerv kaschte kann. Virun allem ass a bleift et ee perfekte Laangstrecke-Cruiser. Wärend d’Passagéier d’Téin vun der exzellenter Krell-Audioanlag genéissen, gëtt am Verbuergenen ruckfräi a soft tëscht Verbrenner an Elektro gewiesselt. Esouguer relativ dacks a bei héije Vitesse gëtt de Bensinner ofgeschalt, recuperéiert an domat Sprit gespuert. Just schued, dass den Display mat Detailer dozou knéckeg ass. Spontan Tëschesprints sinn awer duerchaus och méiglech, den dréifreedege 4-Zylinder mam Extra-Boost aus de Batterien, beweegt den 2-Tonne-SUV nawell iwwerraschend flott. Mä gemittlech läit em besser, dee Moment sinn och moderat 7 – 8 Liter Verbrauchsmoyenne méiglech. An et dierf ee getrouscht den neie Fuerhëllefen d’Aarbecht iwwerloossen. Hyundai huet nämlech am Verglach mam Virgänger seng Hausaufgabe gemaach. Den aktive Spuerassistent, esouwéi den Tempomat mat Ofstandsradar maachen hiren Job wiesentlech méi douce an effikass. Och de Problem vum doudege Wénkel gëtt elo anescht geléist. Bei all Winker-setze gëtt e Kamerabild am Kombiinstrument ageblent. Eng pfiffeg Iddi!

D’Präisser

Ronn 59.000 Euro sinn eng Uso. Voll ausstafféiert, wéi eise Santa Fe Plugin Hybrid, sinn et der 64.000. Vill Suen awer och vill Equipement wat gutt fonctionéiert an, on top, 5 Joer Garantie.