Haut gratuléiere mir am Automag enger Mark aus dem absolutte Luxus Segment: Maybach.

1921 sinn déi éischt Autoe mam duebelen M am Logo, steet fir Maybach Motorenbau, gebaut ginn. 100 Joer Maybach, Luxus fir gëscht an och fir haut. De Christian Schmit mat Detailer, an dem Erliefnes sech an engem Maybach chaufféieren ze loossen.

Automag: 100 Joer Maybach

Den alleréischte Maybach vun 1921, de Modell W3 kennt eigentlech kaum nach een. Wéi och, déi wéineg déi nach existéieren, sti beim Sammler a gi seele beweegt. Bei eis am Grand-Duché war och keen alen Exemplaire opzedreiwen.

„Wat schéin ass muss och gutt sinn“, esou de Credo vum Karl a Wilhelm Maybach ugangs vum 20. Joerhonnert, Pionéier a Saache Luxus am Automobil a Statussymbol. Kinneken a Keeser sollte mat hire Limousinnen ënnerwee sinn.

D’Mark mat Prestige, déi 12-Zylinder-Karosse mat vill Holz a Lieder gebaut huet, sollt awer séier an Turbulenze geroden, bis d’Produktioun ganz huet missten agestallt ginn.Bis 1941 waren et grad mol 1.800 Exemplairen. Wärend dem Krich huet Maybach sech op Motore fir Panzer, Booter, Fligeren a Lokomotive konzentréiert.

Mä zeréck zu den Originnen. Den August Wilhelm Maybach entwéckelt mam Gottlieb Daimler zesummen deen éischte Verbrennungsmotor. 1909 zesumme mam Fils Karl an dem Ferdinand Graf von Zeppelin, mécht e sech selbstänneg. Et gi Motoren entwéckelt, fir di berüümt Zeppelin Loftschëffer.

Eigentlech hat Daimler schonn 1960 d’Mark Maybach iwwerholl, mä eréischt am Joer 2002 sollt si hir Renaissance feieren. Et huet ee mat de Modeller 57 an 62 op sech opmierksam gemaach. Opgebaut um Chassis vun der deemoleger Mercedes S-Klass.

Zënter 2014 ass et elo Mercedes-Maybach, an 2/3 vun de Luxusliner, déi zu Sindelfingen bei Stuttgart bestallt ginn, fanne Gefalen a China. Awer net alleguer. Wien hei am Land an de Genoss vun engem Ausfluch mat Chauffer an engem Maybach wëll kommen, dee kann sech dee Privileeg mat der Executive Lane by Sales-Lentz gënnen.

Déi hunn der gläich zwee zur Dispositioun. Mir waren domat ënnerwee, an et ass wierklech e Pleséier esou chaufféiert ze ginn.

RTL

© Christian Schmit / RTL

A wéi erlieft deen hannert dem Volant dat?

Déjà pour le passager, je pense que c'est très agréable, mais en tant que chauffeur je peux vous dire que c'est très très agréable et facile à conduire. C'est le confort dans toute sa splendeur.

An dann och nach eng Anekdot vun eisem Chauffer, dem Didier?

Eh bien j'ai dormi une fois dans la Maybach. Je me suis mis derrière à la place du passager et j'ai découvert ce que les passagers vivaient. J'ai dormi presqu'une nuit complète. Business Class en voiture? Oui tout à fait!

Fir den 100. Anniversaire koum dann och elo vum neie Modell eng limitéiert Versioun: “Edition 100“.

An op der leschter IAA zu München stoung mam Maybach EQS jo dann och schonn e Prototyp, fir ze weise wéi mir dann 2023 mam Elektro-Maybach ënnerwee sinn.

Sollt dir elo awer méi e Faibel fir Maybach Oldtimer hunn, da gëtt et eng Maybach-Parade zu Neumarkt an der Oberpfalz. Dat leit tëscht Frankfurt a Nürnberg. Am Musée vum Helmut Hoffmann sinn eng 20 Maybach ze bewonneren.

„Meng Passioun well ech deelen, a well et kee Musée gouf, hunn ech mir selwer ee gebaut, esou den houfrege Propriétaire aus der Oberpfalz“.