• De PLUS

    • Motor
    • Fuerspaass
    • Torque-Splitter
  • De MINUS

    • Präis fir gutt-equipéierte Modell
    • Auspuff-Blend

Wann en Autosmodell de Kierzel “RS“ a sengem Numm stoen huet, steet dat am allgemenge fir nawell zimmlech vill Fuerspaass.

Ob dat beim neien Audi RS3 och de Fall ass, weess eis den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun ze berichten.

Automag: Audi RS3

Fir d’Presentatioun vum neien Audi RS3 ass et fir d’Journalisten a Richtung Athen gaangen, wou nieft den Audi-Leit vum Marketing, och d’Entwécklungsekipp mat present war, grad ewéi den Audi-Wierkspilot Frank Stippler. Deemno hat een all déi wichteg Leit ronderëm sech, fir net just mam Auto fueren ze kënnen, ma och déi richteg Froe stellen ze kënnen. No engem kuerze Briefing, wou mer déi neiste Features a wichtegst Ännerungen zum Virgängermodell erkläert kruten, konnte mer dunn entweder mat der Limousine, oder mam Sportsback en Tour ronderëm Athen dréine goen. Eigentlech sinn ech jo e Frënd vun Hatchback-Modeller, ma beim RS3 huet et mech dann dach an enger éischter Phas bei d’Limousine gezunn, well déi mer vun der Linn a vun de Proportiounen nach méi sportlech an attraktiv gewierkt huet.

Design

Un der Front dominéiert de Single-Frame-Grill am Rautendesign mat schwaarzer Mask, entweder blénkeg oder matt. Wann ee sech déi optional Matrix-LED-Luuchte gënnt, gëtt een da mat engem R – S – 3 Schrëftzoch am 15-Felder-groussen-Diplay begréisst, wann een den Auto opspäert. Ass sécherlech just e flotte Gimmick, ma et mécht schonn eppes hier. Grouss Loftaläss un der Front, grad ewéi och direkt hannert de viischte Rieder, suerge virun allem fir eng gutt Killung, déi de Bremsen zegutt kënnt, déi komplett iwwerschafft goufen. Hei hat ee jo beim Virgängermodell e puer Problemer. Déi 2 grouss oval RS-Auspuffblenden gehéieren natierlech och zum RS3… leider gesäit een allerdéngs, dass et wéi gesot just Blenden sinn, an hannendru verstoppe sech déi normal Auspuffréier an enger sozialer Dimensioun.

Bei der Baussefaarf huet ee sech fir d’Pressevirstellung fir rout beim Sportback, a Kyalami-Gréng fir d’Limousine entscheet. Hätt ech op den 1. Bléck nach gesot: Gréng? Ni am Liewen… sou hunn ech mech awer am Laf vun der Zäit nawell ganz gutt domat konnte familiariséieren an et huet mer um Enn souguer gutt gefall. Natierlech kann ee sech am Online-Konfigurator vun Audi och nach méi dezent Faarwen eraussichen.

Am Banneraum ass Audi-typesch d’Veraarbechtung definitiv am héije Segment unzeglidderen. Et sinn immens vill dräi-eckeg Elementer erëmzefannen, déi dach staark u Lambo-Design-Charakteristicken erënneren. D’Steierrad am Alcantara iwwerzunn ass natierlech wonnerbar unzepaken, et muss ee sech just bewosst, sinn, dass dat iwwer d’Joren net ëmmer sou schéin wäert ausgesinn. Et kann een et natierlech och am Lieder bestellen. D’Sëtzer bidde ganz gudde Säitenhalt, bleiwen awer bequem a kënnen och villfälteg agestallt ginn. Erfreelech ass, dass Audi déi wichtegst Bedéngfunktiounen nach iwwert e gudden ale Knäppchen ubitt, an een net fir alles muss an iergendengem Touchscreen ronderëm-swipen.

Op der Strooss

Den 1. Deel vun der Testfaart ass duerch déi kleng, an zimmlech schlecht Stroosse ronderëm Athen gaangen, éier ech dann och op méi schéine flëssege Landstroosse gelant sinn, wou et erop an erofgaangen ass, an ech een éischt Gefill fir déi immens präzis an direkt Lenkung kritt hunn. Un der viischter Achs sinn 19-Zoll Pneue mat enger 265er Breet montéiert, op der hënneschter Achs sinn et just 245er, wat dach éischter ongewéinlech ass. Doduerch huet een allerdéngs immens vill Gripp an e supert Alenkverhalen. Fir dass déi hënnescht Achs dobäi net ze wibbeleg gëtt, dofir suergt ënnert anerem en neie Feature beim RS3, nämlech en Torque-Splitter. Heibäi gëtt d’Kraaft op déi eenzel Rieder iwwer 2 separat Lamelle-Kupplungen optimal verdeelt. Hei kënne bis zu 1750 Nm Dréimoment op een eenzegt Rad iwwerdroe ginn, jee nodeem a wéi enger Situatioun an an a wéi engem vun de 7 Fuermodien een ënnerwee ass.

Ee ganz interessante Modi ass heibäi den „RS Torque Rear“, dee bei aneren Autoen einfach „Drift-Mode“ heescht. A wéi gutt dee funktionéiert, konnte mer owes op engem ofgespaarte Gelänn ausprobéieren. Heibäi koum mir zegutt, dass ech virun net allzelaanger Zäit un engem Fuertraining deelgeholl hunn, wou dat och en Thema war. D’Kombinatioun aus dem 2,5 Liter 5-Zylinder mat 400 PS a 500NM, dem Allrad an dem Torque-Splitter, verlaangt e kontrolléierte Gasfouss, an eng roueg Hand um Steierrad… ma wann een dat alles zesummekritt, da kann een drifte bis d’Pneue platzen. Dat ass bei sou enger Presentatioun natierlech eng immens flott Geleeënheet den Auto am Grenzberäich ze beweegen, ma wann ee sou een Auto bis am Alldag beweegt, wäert een dat keng 2 mol maachen, well een dat éischtens néierens däerf, an zweetens d’Pneuen dofir ze deier sinn.

Um Steierrad huet een dann och nach e grousse rouden RS-Knäppchen, mat deem een den RS-Performance-Modus kann aschalten. Dee suergt virun allem op der Rennstreck fir eng optimal Kraaftverdeelung. Et kann een den RS3 awer och ganz gemittlech a méi spuersam fueren, dat am "efficiency"-Modus.

De Sprint vun 0 op 100 geet an 3,8 Sekonnen, wat 0,3 Sekonne méi séier ass wéi beim Virgängermodell. D'Maximalvitess läit bei 290 km/h. De Verbrauch soll knapp ënner 10 Liter leien. Bei mir loung en, jee no gefuerener Streck, bei tëscht 12 a 15 Liter. Ma et geet sécherlech och méi spuersam, dofir misst een den Auto awer iwwert eng länger Zäit an engem Alldagstest fuere kënnen, wat hei bei der Presentatioun net méiglech war.

Präisser

Lass geet et beim Sportback bei knapps ënner 60.000 Euro a bei der Limousine bei 62.130 Euro. Wann een dann awer am Konfigurator emol sou richteg lassleet… da kënnt ee bei engem top-equipéierten RS3 scho gutt a gär un d’90.000 Euro Grenz. Frënn vum 5-Zylinder-Sound sollte sech op alle Fall iwwerleeën, ob et en Invest wäert ass, well d’Chance, dass et de leschten RS3 mat 5-Zylinder wäert sinn, ass nawell zimmlech grouss, och wann dat op der Presentatioun vum aktuelle Modell nach kee wollt haart ausschwätzen.