• De PLUS

    • Design
    • Fuergeräischer
    • Autonomie
  • De MINUS

    • onpraktesch Mall
    • héicht Gewiicht
    • Foussraum an der zweeter Rei

Esou gutt wéi all Autosmark huet aktuell op d’mannst 1 Elektromodell an der Gamm, wann och dësen technesch dacks op engem Verbrenner baséiert.

Kia huet mam e-Niro och esou ugefaangen. Elo steet awer eng komplett Neientwécklung an de Startlächer, de Kia EV6. Wéi en ausgesäit a wat e kann, dat huet de Paul Origer fir eis op der Presentatioun zu Málaga erausfonnt.

Automag: Kia EV6

De Wee fir d’Zukunft ass ageschloen. Laut dem esougenannte Plan S solle bis 2026 nach ganzer 7 reng elektresch gedriwwe Modeller kommen, an esou d’Gamme op 11 opstocken. An awer sollen och d’Verbrenner am Programm bleiwen, an domat fir jidder Besoin eppes bidden. Mä elo geet et emol ëm deen neien EV6, den éischte Vertrieder op der E-GMP-Plattform.

Den Design

Emotionalen Design mat schwongvolle Linnen, a ganz anescht wéi den technesche Brudder Hyundai Ioniq 5. Esou kéint een de Look zesummefaassen. Déi breet Phare mat der neier Luuchtesignatur sollen en Ersatz fir déi net méi néideg Tigernues-Kalander duerstellen. Am opfällegsten ass den EV6 awer vun hannen. Nieft der ausgepräägter Coupé-Silhouette ass et virun allem dat risegt Luuchteband, wat e grousse Bou iwwert den Heckberäich zitt. Doran onopfälleg integréiert gouf den Deckel fir d’Luedsteckdous. Vun der Säit dominéiere grouss Rieder, vill glat Fläche mat integréierten Diergrëffer an eng duerchgehend Linn vum Sousbassement bis an d’Réckluuchten. Net schlecht geroden, Kia.

Den Interieur

Banne geet et am selwechte Stil virun. Alles wierkt virun allem sober a lëfteg. Um Tableau stécht de grousse liicht gekrëmmte Schierm an d’A, awer och déi onzieleg a grousszügeg Oflagen hunn dat Praktescht net ënnert dem Design leide gelooss. De laange Radstand bréngt e lëftegt Raumgefill mat vill Been a Kappfräiheet, allerdéngs null Plaz fir d’Féiss an der zweeter Rei. An d’Mall leit trotz 520 Liter Volume ënnert dem schife Mallendeckel an dem héije Buedem. Fir klengt Ëmgeréits kann een am EV6 awer och nach vir am sougenannte “Frunk” tëscht 20 an 52 Liter ënnerbréngen.

Den Undriff

4 Leeschtunge stinn zur Wiel: 170, 229, 325 oder esouguer 585 PS ginn ugebueden, déi 2 stäerkst d’office mat Allrad-Undriff. Jee no Motor variéiert och d’Batterie an domat d’Autonomie. Tëscht 394 a 528 km versprécht Kia fir den EV6. Luede soll och keen Thema sinn. Maximal 800 Volt erlaben, ënnert ideale Konditiounen, d’Luede vun 10 op 80 Prozent an nëmmen 18 Minutten. Doheem dauert et dogéint awer e gutt Stéck méi laang.

Op der Strooss

Mëttlerweil wësse mer: Elektroauto fueren ass Wellness. An dat passt och beim EV6 – et dominéiert d’Rou bannenan, déi héchstens mol déi haart ofrullend Rieder oder ee künstlesche Motorsound, zum Gléck ofschaltbar, stéiere kéint. Bis zu 325 PS – de GT mat 585 war nach net disponibel - loossen awer och alt mol d’Loscht op e bësse méi dynamesche Stil opkommen. An hei hu sech nees déi däitsch Fuerwierksspezialisten ausgetoobt. Den EV6 läit sat, d’Steierung bitt genuch Gefill an d’Sëtzer hale gutt fest. Op den zackege Biergstroosse bei Marbella huet sech d’Gewiicht awer gemellt. Knapp 2 Tonne fänken an de Kéieren u mat rappen, ouni awer jeemools Angscht ze maachen. En plus geet engem duerch déi astellbar Recuperatioun an déi wierklech effektiv Assistenzsystemer den EV6 gutt zur Hand.

D’Präisser

Tëscht ronn 42.500 an 63.800 Euro beweege mer eis fir deen neie Kia EV6. Am Mëttelfeld dierf ee fir ee ganz gutt ausstafféierte GT-Line mat 528 km Autonomie ronn 52.000 Euro rechnen.