• De PLUS

    • Assistenzsystemer
    • Plaz
  • De MINUS

    • Verbrauch
    • Hektesche Gangwiessel

De koreanesche Konstrukteur Hyundai lancéiert ee Modell nom aneren. An der Klass vun de Mini-SUV, déi jo weiderhi boomt, schéngt ëmmer nach Plaz ze sinn,

Dofir ass elo dann de Bayon am Showroom an de Christian Schmit war mat engem Exemplaire e puer Deeg am Land domat ënnerwee.

Automag: Hyundai Bayon

Eigentlech huet Hyundai jo schonn de Modell Kona an där dote Kategorie. Elo dann e weidere Mini-SUV, deen an Europa entwéckelt gouf. Den Numm soll un d'Stad Bayonne a Frankräich erënneren, mä vum Band leeft en an der Tierkei. Et soll anengems och den Nofollger vum i20 Active sinn.

Den Design

De Bayon by Hyundai presentéiert sech erstaunlech eegestänneg. Expressiv, stylish, extravagant gëtt him nogesot. Jo besonnesch d'Front an och den hënneschten Deel mat Luuchten, déi wéi e Boomerang wierken, falen op, a wäerte vläicht net jidderengem gefalen. Offroad Look jo, mä dat ass just Show. Eng 4X4 Traktioun ass net ze kréien.

Den Undriff

Eisen Testauto war den 1000er GDI Mild Hybrid mat 48 Volt Generator. Dee soll de Motor ënnerstëtzen an hëllefe Sprit ze spueren. 100 Päerd gi gebueden, fir den 1000 Kilo schwéiere Bayon op Trapp ze halen.

Deen 3 Zylinder mécht seng Saach ganz gutt, den Dezibelpeegel vun der Motrice bleift an all Dréizuel Beräich present. Idem d'Vibratiounen um Volant.

Eco, Confort a Sport kann agestallt ginn. Sou sinn dann 100 km/h a knapps 11 Sekonnen dran, an eréischt bei iwwer 180 ass Schluss. Dat geet méi wéi duer. Zemools d'Fuerwierk net op Sport ausgeluecht ass, an d'Lenkung och net esou präzis. Mee bon, mir hunn et jo hei och mat engem klengen SUV ze dinn. De Fiederungsconfort geet och an d'Rei fir en Auto an där Klass.

Wien de Bayon fuerdert, dee gesäit beim Verbrauch ganz séier eng 6 oder 7 vrum Komma. 5,8 Liter war, bei braver Fuerweis, dee beschte Wäert dee mir op 100km ermëttelt hunn. Dobäi soll dach den 48 Volt Generater hëllefen de Verbrauch drécken. Do ass awer nach Loft no uewen.

DCT Automatik mat 7 Positiounen sortéiert d'Gäng relativ hektesch, wat net ëmmer ganz agreabel ass.

Just Bensinner dierfen ënnert d'Hauf. Diesel, Plug-In Hybrid oder Elektro sinn tabu. Alternativ si nach 120 PS dran oder de veraalten 1200er mat 84 PS.

Den Interieur

Vill Plaz op 4 Meter 18. Vue SUV sëtzt een e puer Zentimeter méi héich, wat d'Iwwersiicht verbessert. Apropos Sëtzer, déi si bequem, a bidden deen néidege Säitenhalt. Zu 4 kann et duerchaus op den Tour goen. An d'Mall passe wéinst der 48 Volt Generatrice just 335 Liter Volume.

Vill haarde Plastik bannenan, (bei der Konkurrenz gëtt net méi gebueden) d'Veraarbechtung ass korrekt an alles léisst sech ouni vill Gefummels, mat Knäppercher bedéngen. Den Tableau de bord ass digital mat héijer Opléisung, och fir Navi an Entertainment.

Ze notéieren nach, dass de Bayon a Saache Fuerassistenz-Systemer mat deene Grousse mathale kann, an och bei Infotainment an Navi. Last Mile Navigatioun erlaabt engem de Wee beispillsweis um Smartphone weiderzeféieren, bis un d'Zil, och wann de Bayon antëscht scho geparkt ass.

D'Präisser

De Hyundai Bayon gëtt a verschiddene Versiounen ugebueden. Den Testauto als 1000er Mild Hybrid mat 100 PS an der Versioun Tecno koum op 25.500 Euro.

Dofir gëtt e weidere Modell an der SUV Gamme. All ze grouss sinn d'Ënnerscheeder bei Plaz, Confort a Präis zum Schwëstermodell Kona net. Um Enn dann éischter eng Affär de gôut.

A propos Hyundai. Vun der Low Budget Mark zum Trend Maker. Dat an 30 Joer, Respekt!