• De PLUS

    • Veraarbechtung
    • Méi Plaz
  • De MINUS

    • Iwwersiicht
    • Just eng Motoriséierung

2010 hat Nissan eng éischte Kéier säi Modell Juke an de Showroom gesat. Deen huet deemools vun Ufank u polariséiert.

Et gouf näischt fir ze vergläichen an där Kategorie. Elo an der zweeter Generatioun eigentlech nach ëmmer, wann och manner ausgepräägt. Wat kann dee japanesche Coupé Crossover, a wéi schléit e sech am Alldag? De Christian Schmit war domat duerch d’Land ënnerwee.

Automag: Nissan Juke N-Design

Genee, an dat am Sënn vum Wuert. Hat den Nissan Juke eis dach op der Luxembourg Classic Rallye begleet. An déi goung wierklech queesch duerch de Grand-Duché. Eng gutt Geleeënheet deemno, fir de klenge Japaner op ënnerschiddleche Stroossen ze probéieren. Wat bas du grouss ginn, denkt e bei sech. Den Juke II huet an allen Dimensiounen zougeluecht.

Den Design

Opfalen egal wéi, ass net méi, well an tëscht ass de Choix u klengen SUV enorm gewuess, an de Kuch muss opgedeelt ginn. An awer huet den Juke seng Eegestännegkeet behalen. Geschwonge Linnen treffen op haart Kanten, jo de kompakten SUV kritt eng onverwiesselbar Silhouette attestéiert. Extrovertéiert a keng Grëtz konservativ. Eng Diät-Kur gouf och verschriwwen. Well och wann den Juke gewuess ass, bréngt en nawell elo en hallwen Zenner manner op d’Wo. Den Juke steet op der Renault-Nissan Plattform, déi och fir Clio a Captur a Fro kënnt, leeft awer weiderhin zu Sunderland an England vum Band.

Den Interieur

Eisen Testauto koum an der N-Design Versioun. A wat do gebuede gëtt, Chapeau. Alles wat een esou upaakt, ass héichwäerteg, a vu gudder Qualitéit. Soft-Touch bis op e puer Ausnamen, wou och haarde Plastik dominéiert. Lieder an Alcantara mat de chice sur piqures op Sëtzer an Tableau de Bord. Soft Touch. Do kéinte sech anerer aus deem Haifësch-Becken emol e Beispill huelen!

Och bei der Veraarbechtung gëtt et näischt ze maulen. Den Juke gouf jo méi grouss, an dat mierken och d’Passagéier. Hanne sinn et eng Partie Zentimeter méi Plaz fir d’Knéien, an d’Mall konnt mat iwwer 400 Liter och zouleeën. Um Tableau de Bord a ronderëm ass eigentlech alles do wou et soll, an esou kënnt ee ganz gutt mam Nissan Juke zuwee. Just esou ganz iwwersiichtlech ass en net. Mä eng Réckfuerkamera an akustesch Heinzel-Männercher déi piipse wann et enk gëtt, hëllefen dobäi.

Den Undriff

Jo beim Motor, do dierf ee keng grouss Uspréch stellen. Dee Choix ass séier gemaach. En 1000er 3 Zylinder Bensinner mat 114 PS. Basta. Gekoppelt mat der 7-Gang DCT automatescher Boîte harmonéiert dat awer am Alldag ganz gutt. Also ënnermotoriséiert fillt et sech net un. An och soss sinn d’Fuereegeschaften zimmlech ausgeglach, d’Fiederung méi a Richtung Sport taréiert wéi Confort. Dofir sinn d’Sëtzer awer ganz bequem.
Mam Crossover sinn 180 à l’heure dran. Knapps 12 Sekonne verginn an Tacho Nol steet bei 100. A punkto Verbrauch huet de Bordcomputer bei eis e Beschtwäert vu 6 Liter affichéiert. Mä och alt emol bal 7 war dobäi. SUV jo,4X4 neen. Déi Traktioun ass net méiglech.

Infotainment

Optesch an iwwersiichtlech den Audio an Infotainment. Apple CarPlay, Android, Streaming App, alles do. A via USB kann den Handy och mam Auto gekoppelt ginn. Beim Navi gouf bei der Grafik nach eng Kéier nogeschäerft. Op TomTom-Basis mat aktuellen Informatiounen iwwer den Trafic klappt dat rapid an zouverlässeg.

Mat der Nissan-Connect Service App loosse sech Donnée vum Juke aus dem Bordcomputer ofruffen, an Destinatiounen op den Navi schécken. Eppes op d’Ouere gëtt et mat de Bose Sound Boxen, déi an d’KappStäipen integréiert sinn.

Am Resumé

Jo den Juke ass erwuesse ginn, an allen Hisiichten. Mat iwwer 30-000 Euro fir den Testauto gëllt dat och fir d’Präis-Skala. E polariséiert nach ëmmer, mä dat ass warscheinlech esou vun Nissan gewollt.