• De PLUS

    • Motor
    • Stroosselag a Fuerspaass
  • De MINUS

    • Position vum Handyhalter
    • Lieder am Banneraum scho bal en Tick ze dënn

Am Automag vun haut hu mer eng amerikanesch Ikon am Test. Déi lauschtert op de Kierzel "C8".

Woumat awer selbstverständlech kee Modell vu Citroën gemengt ass, ma déi neiste Generatioun vun der Corvette. Getest huet fir eis den Andy Brücker.

Automag: Chevrolet Corvette Stingray C8

Et ass scho laang hir, dass ech Corvette gefuer sinn. Déi lescht war d'Corvette C6, an der Topversioun Z06. Deemools allerdéngs ënner zimmlech wanterleche Konditiounen, an och just fir en hallwen Dag. Elo fir d'Presentatioun vun der C8, hat Chevrolet eis op Frankfurt geruff, wou mer iwwert den Dag konnte verschidde flott Strecke fueren, vun Autobunn, iwwer Landstroossen, duerch Dierfer, bis an d'Rush-Hour ronderëm de Fluchhafen. Wat direkt opfält, d'Corvette Stingray ass méi "europäesch" ginn. Dacks goufe jo d'amerikanesch Muscle-Cars kritiséiert, well se vun der Veraarbechtung, respektiv vum Design net wierklech op den europäesche Marché passen. Hei huet sech awer vill geännert an de leschte Joren, zum Positiven!

Undriff

Ugefaange beim Motor. Dee souz bei de Corvetten ëmmer vir... ma ass elo an der 8. Generatioun eng éischte Kéier no hanne geréckelt, virun d'hënnescht Achs. Deemno schwätze mer elo vun engem Mëttelmotor. Dat huet fir d'Ingenieuren natierlech immens vill Aarbecht mat sech bruecht. E Mëttelmotor-Auto fiert sech ganz anescht, wéi wann de Motor op der viischter Achs läit, eleng schonn duerch d'Gewiichtsverdeelung. Als Aggregat kënnt en 6,2 Liter V8-Sauger an den Asaz, mat 482 PS an 613 Nm an der europäescher Variant mat OPF. D'Amien hunn do e puer PS méi.
Geschalt gëtt eng éischte Kéiert iwwert eng 8 Gang Doppelkupplungsautomatik, bei där een awer och selwer iwwer Schaltpedals ka schalten.

Am Géigesaz zu der amerikanescher Versioun, ass bei der europäescher ëmmer den Z51-Package mat u Bord, mat méi sportlechem Fuerwierk, besserer Killung, méi grouss Bremsen an engem Aerodynamik-Update. De Kontakt mam Buedem geschitt iwwert speziell entwéckelt Michelin Pilot Sport 4S-Reefer, op der viischter Achs 19 Zoll, op der hënneschter Achs 20 Zoll. Déi suerge fir ganz gudde Grip, sou zum Beispill fir de Sprint vun 0 op 100, deen an 3,5 Sekonnen iwwert d'Bün goe soll. Den Topspeed läit bei knapp ënner 300 km/h.

Am Banneraum

D'Steierrad ass net méi ronn, ma quasi scho véiereckeg. Chevrolet erkläert dat domat, dass d'Offlaachung dofir suergt, dass een eng besser Vue op d'Streck viru sech huet. Deenen enge gefält et, deenen aneren net. Mech huet et net gestéiert. Riets vum Chauffer huet een dann eng zimmlech massiv Mëttelkonsol an där ënnert anerem all d'Knäppercher fir d'Klimaanlag integréiert sinn, opgedeelt op Chauffer a Bäifuerersäit. Ënnert där Mëttelkonsol verstoppt sech dann och dat sougenannte Réckrad vun der Corvette, dat fir méi Festegkeet suergt.

D'Veraarbechtung huet sech par Rapport zum Virgängermodel nach emol verbessert an et gëtt quasi näischt ze meckeren. Wat mech allerdéngs gestéiert huet, war d'Positioun fir den Handy ënnerzebréngen. Dat Fach, mat induktiver Luedfunktioun, ass tëscht béide Sëtzer hannen ubruecht, wou ee sech bal d'Schëller muss ausrenken, fir drun ze kommen. Praktesch ass anescht.

Et ginn 3 verschidde Sëtzer... Standard, sportlech a Vollschuelesëtzer. Mir haten am Testauto d'Vollschuelesëtzer, déi vill Astellméiglechkeete bidden, gudde Säitenhalt, an trotzdem nach bequem sinn. Et däerf een allerdéngs net ze breet gebaut sinn, soss wier wuel de Sportsëtz eng besser Optioun. Ganz gutt hunn ech d'Soundanlag fonnt... och wann een an esou engem Auto jo eigentlech léiwer dem V8-Sound nolauschtere wëll. Chevrolet huet immens vill mussen tüftelen, fir dass de Motorsound am Banneraum änlech gutt eriwwerkënnt, wéi bei de Virgängermodeller, wou de Moto nach vir ënnert dem Capot verbaut war. Dat ass hinnen awer gutt gelongen.

Op der Strooss

Déi éischt Testfaarte mam neie Mëttelmotorkonzept hunn d'Ingenieure viru grouss Erausfuerderunge gestallt, well den Auto sech net méi sou gefuer ass, wéi een dat gewinnt war vun enger Corvette. Si hunn awer eng Top-Leeschtung bruecht, well den Auto fiert sech immens präzis. Déi verschidde Fuer-Modië brauche beim ëmstelle leider en Tick ze laang fir mäi Goût, ma de Setup u sech ass ganz gutt erausgeschafft. Och am Sportmodus bleift den Auto beherrschbar. Am Track-Modus allerdéngs, sollt ee sech bewosst sinn, dass d'Fuerhëllefe komplett ausgeschalt sinn, an do sollt ee genuch Plaz ronderëm sech hunn, well déi eng oder aner Pirouette ass garantéiert.

D'Magna-Ride Fuerwierk ka souwuel gemittlech cruisen, wéi och Rennstrecke-Setup. Et huet een dann elo och e Lift-System u Bord, falls een emol iwwert eng méi héich Knupp oder en Trottoir erop misst fueren.

D'Corvette Stingray kritt een als Coupe an als Cabrio... woubäi awer all Coupé och d'Méiglechkeet bitt, den Daach mat e puer Handgrëffer ofzebauen an an der Mall ze verstauen. Dat ass souguer ënnert enger Minutt méiglech, wann een 1-2 mol geüübt huet. Beim Cabrio geet dat vollautomatesch via e Knäppchen.

De Verbrauch loung bei menger Testfaart um Enn bei 15,5 Liter op 100 Kilometer. Et sollen 12,1 Liter am Mix méiglech sinn. Da muss een de Gasfouss awer ënner Kontroll hunn.

Präisser

Lass geet et bei 86.400 Euro fir de Coupé an 92.800 Euro fir de Cabrio. Mat e puer Optioune kann ee sech fir ronn 100.000 Euro en Auto gënnen, deen net wierklech vill Konkurrenz a senger Kategorie huet, an dee vill Fuerspaass a Leeschtung bitt.