• De PLUS

    • Motor
    • Stroosselag a Fuerspaass
    • Flexibilitéit
  • De MINUS

    • Materialien am Interieur vum T-Roc
    • Präis

An eisem Automag vun haut, kucke mer eis 2 Modeller aus dem Haus VW un, déi de Kierzel “R” hannert hirer eigentlecher Modellbezeechnung stoen hunn.

Rieds ass vum VW Golf R an dem T-Roc R. Getest a verglach huet béid Gefierer den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun.

Automag: VW T-Roc R a Golf R

Fänke mer u mam T-Roc R. Den T-Roc ass jo e sougenannte Kompakt-SUV, dee sech nawell grousser Beléiftheet bei de Clienten erfreet. An der R-Versioun fällt e bausse virun allem duerch déi méi aggressiv Front op, mat grousse schwaarze Loftaläss. Da ginn et awer och nach e puer R-Logoen, e Spoiler an op Wonsch eng Auspuffanlag vun Akrapovic, déi awer zolitten Oppräis kascht.

Am Banneraum

Am Banneraum waarden da bequeem Sportsëtzer op Chauffer a Bäifuerer, déi mat engem R-Logo gekennzeechent sinn. De Cockpit ass opgeraumt, mat engem groussen Ecran fir Navi, Radio asw. Erfreelech sinn d’Dréireegler fir Lautstäerkt, grad ewéi fir d’Klimaanlag, deemno nees e bësse fort vun der renger Touchscreen-Orgie. Ausser e puer Elementer déi a blo gehale si beim T-Roc R, gëtt een hei net wierklech iwwerschott mat sportlechem R-Feeling.

Definitiv enttschäuschend si virun allem d’Materialie fir den Tableau de Bord, d’Dierpanneauen asw. Alles ass aus haardem Plastik... awer wierklech alles. An engem Auto deen an der Basis 45.000 Euro kascht, erwaarden ech mir eppes anescht. Wat nach genervt huet, war déi hënnescht zweegedeelte Réckbänk. Wann een de Radio aushat, wat ech bei Testautoen dacks maachen, fir eben ze héiere wat den Auto sou mécht, héiert ee stänneg, wéi d’Sëtzer bei all Buedemwell a Knupp laanschtenee schauteren. Wann een dann emol bësse Gas ginn huet an d’Sportauspuffanlag sech dozou gesellt, huet et och op anere Plaze gequietsch a vibréiert.

Op der Strooss

Komme mer dann elo awer bei déi méi angeneem Säit vum T-Roc R, nämlech d’Fuerverhalen. Do gëtt et absolutt näischt ze meckeren. Den 2 Liter TSI mat 300 PS huet an alle Situatioune méi wéi genuch Damp an a Kombinatioun mat der 7-Gang DSG an dem 4Motion, harmonéiert dat ganz gutt op der Strooss an et vergësst ee séier, dass een eigentlech an engem SUV sëtzt. Ma net nëmme geet et stramm no vir beim Beschleunegen, ma och d’Brems funktionéiert richteg gutt. Sou wierklech SUV-Feeling kënnt am T-Roc R net op... et ass méi e Kompaktsportler, deen e puer cm méi héich sëtzt.

De Konkurrent

De Golf 8 R ass dee stäerkste Serie-Golf, dee VW jee op de Maart bruecht huet. Och hei ass den 2 Liter TSI am Asaz, awer anescht wéi beim T-Roc net mat 300 PS, ma mat 320 PS a mat 420 NM. Geschalt gëtt och hei iwwert ent 7-Gang DSG, ma wat beim Allrad hei méi speziall ass, ass de 4Motion R-Performance Torque Vectoring. Dee Prinzip kenne mer scho vum Test beim neien Audi RS3. Heiduerch kann d’Kraaft op der hënneschter Achs variabel op déi eenzel Rieder verdeelt ginn, och alt mol zu 100% op dat baussescht Rad. Dat huet et dann och erméiglecht dann och esou Spillereien, wéi den Drift-Mode. Jo dir hutt richteg héieren... mat engem VW Golf kann een elo och scho vu Wierk aus driften. An ech ka bestätegen, et funktionéiert. An de Fuermodie kann ee vun Eco bis Nordschleifesetup alles astellen oder et setzt ee sech seng perséinlech Individual-Versioun zesummen, wéi een et am Léifsten huet. D’Lenkung ass immens präzis an Ënnersteieren ass e Friemwuert fir de Golf 8 R. Dat war och emol anescht. Fuerspaass ass definitiv garantéiert.

Am Banneraum

Anescht wéi beim T-Roc si mer beim Golf 8 R nees an der Touchscreen-Abteilung. Wéi beim normalen 8er Golf geet hei quasi keng Funktioun laanscht eng Beréirung op engem Touchscreen-Feld. Et gëtt gemunkelt, an Zukunft soll sech dat nees änneren... hoffentlech.

Erfreelech ass, dass de Cockpit mat e bësse méi Léift a Qualitéit gefiddert gouf, wéi dee vum T-Roc. Hei wierkt dach alles bësse méi héichwäerteg. D’Sportsëtzer sinn e Genoss a bidden an alle Situatioune genuch Säitenhalt, ouni onbequeem ze sinn.

D’Mall ass ähnlech grouss bei beim T-Roc, just dass ee se gefillt am Golf besser notze kann, well de Buedem méi wäit erof geet wéi beim T-Roc. Wann een d’Sëtzer emleeët huet een am T-Roc 20 Liter méi Volumen.

Fazit

Den T-Roc ass an dëser Variant net als SUV ze gesinn a mengen Aen, ma éischter eng Alternativ zum Golf, wann engem den Design vum T-Roc besser gefällt, a wann een en Tick méi héich wëll sëtzen. Ech géif mech perséinlech awer ëmmer fir de Golf entscheeden, well en einfach méi konsequent dat bitt, woufir den “R” am Logo dann och stoe soll, ouni awer un alldagstauglechkeet ze verléieren. Präislech trennt déi 2 net vill. Mir haten all kéiers gutt equipéiert Variante, wou mer beim T-Roc bei knapps 57.000 Euro loungen a beim Golf bei just ënner 60.000 Euro.