• De PLUS

    • Vill Plaz
    • Modernen Design mat cleveren Détailléisungen
    • Den T7 steet elo net méi op engem Utilitaire-Chassis
  • De MINUS

    • Haarde Plastik
    • De Plug-In Hybrid ass am Multivan zäitweis iwwerfuerdert a wéineg Alternativë beim Motor
    • Héich Präisser a Villes kascht Oppräis

Multivan, dat ass e beléifte Modell an der Gamme vu VW fir Leit, déi Plaz brauchen. Sief et fir Passagéier ze transportéieren an oder och vill Gepäck.

Elo steet di nei Generatioun um Depart, an de Christian Schmit konnt e schonn op däitsche Stroosse probéieren, an dat an der Géigend ronderëm Frankfurt.

Automag: VW T7 Multivan

Als T1 huet di Karriär vum VW Bulli, wéi en och oft genannt gëtt, 1950 ugefaangen. Elo dann d’Generatioun 7, an déi presentéiert sech baussen a banne komplett anescht. Den Designer huet awer di typesch horizontal Säitelinn gelooss. Mat enger Chrom-Läischt iwwer di ganz Längt vun der Karosserie gëtt dat elo nach ënnerstrach. Fir di éischte Kéier baséiert de Multivan net méi op engem Utilitär-Chassis, wat dem Confort ze gutt kënnt. Op der Pressekonferenz war ze verlauschteren, dass d’Clientèle déi Wënsch geäussert hätt.

Seng Missioun

En Nofollger vum Multivan ze ersetzen, e schwéiert Ierwen, an dowéinst huet een et dat geschéckt evitéiert?

Véronique Druij: E sollt net ersat ginn, et soll just den Nofollger vum Multivan sinn. Dat heescht et hätt ee weiderhin den T6.1 op Basis vum Transporter, deen dat schwéiert Segment weiderhin ofdeckt. Do wäert een och nach laang dobäi sinn, vun dohir ass hei elo just rieds vum Nofollger vum Multivan.

A bis 2024 wäert dat och emol esou bleiwen, esou d’Véronique Druij aus dem Produkt-Marketing vu VW Nutzfahrzeuge zu Hannover.

Dowéinst ass beim Lancement elo Enn November och nach keng 4-Motion, also Allrad-Versioun méiglech. Dee soll eréischt méi spéit a Kombinatioun mat Plug-In Hybrid nogereecht ginn.

D’Proportiounen hu geännert. Méi laang, méi breet, an den neie Multivan ass an zwou Längten ze kréien. 4m98 a 5m18 dee mam laange Chassis. An där Versioun si bis zu 4050 Liter Volume an der Mall dran. Do gitt dir dann als Propriétaire bestëmmt bei Plënner-Servicer consultéiert.

An der Héicht sinn et 7 Zentimeter manner. Et hätt een de méi niddrege Parkhaiser Rechnung gedroen.

Den Interieur

Modern a mat Stil presentéiert sech den Interieur. D'Veraarbechtung ass top, mä vill ze vill haarde Plastik. Schued!

Bis zu 7 Passagéier kënne mam Multivan weiderhin op den Tour goen, a jiddereen hëlt op eenzele Sëtzer Plaz. Déi kënnen op Schinnen hin an hir beweegt ginn, an et kann ee sech a Fahrtrichtung oder vis-à-vis setzen. Sëtzheizung hannen ass och elo méiglech.

Jee no Konstellatioun passt dann och nach de Vëlo eran. Ausbaue solle sech di Sesselen och ganz easy, a weien och elo manner. Di klassesch Setzrei fält ewech.

Variabilitéit och bei der Mëttelkonsol. Déi kann tëscht de viischten an den hënneschte Setzer hin an hir beweegt ginn, Cup Holder an Dëscher inclus. Clever.

De Multivan huet elo d’office zwou Portes coulissantes, méi Assistenzsystemer serieméisseg, DSG automatesch Boîte,

Keyless Go an den digitale Cockpit, mat all senge Vir- an Nodeeler. Mee wéi esou dacks bleift nach vill Sputt no uewen fir sech an der Oppräis-Lescht ze defouléieren.

Mat zwee Bensinner, an engem Plug-In Hybrid geet et fir de coole chice Lifestyle-Modell lass. Den Diesel mat 150 PS ass eréischt fir Mäerz 2022 programméiert.

Basis ass elo mol den 1.5 TSI an 136 PS. Kléngt no net esouvill, mä wann e weess, dass den neie Multivan 200kg manner op d’Wo bréngt, dann ass dat eppes anescht. Da wier et nach e Bensinner mat 204 PS an de 1400er Plug-In Hybrid mat der Systemleeschtung vun 218 PS, mat deem mir ënnerwee waren.

Wien den Multivan net all ze vill fuerdert, deen erreecht e Verbrauch, deen ënner 7 Liter bleift, an och den Dezibel-Pegel fält dann agreabel aus.

Wann Temperament verlaangt gëtt, da wierkt de Motor awer séier ugestrengt an hält sech an héijen Dréizuelberäicher op. A mat 6,2 Liter Beschtwert, louche mir wäit ewech vun deem wat VW versprécht.

Vläicht awer da besser den 2 Liter mat 204 PS? Wie säi Multivan als Zuchpäerd asetzt, ganz bestëmmt. Zemools d’Hybrid-Variant e gutt Stéck méi héich an der Präislëscht steet, an dat mat der staatlecher Primm jo elo och vum Dësch ass.

Am Resumé

Op d'mannst 42.960 Euro kascht den neie Multivan. Dofir kritt een e chicen awer och deiere „People Mover“ wéi VW en ëmschreift. Uptodate an allen Hisiichten, och bei Assistenz a Konnektivitéit. A mat ID Buzz an ID Cargo wäert d’Famill bei VW Nutzfahrzeuge jo nach wuessen.