• De PLUS

    • gelongenen Design a gutt Iwwersiicht
    • geraimegen a praktesche Banneraum
  • De MINUS

    • Traktiounsproblemer beim FWD
    • Ufuerschwächt

Déi mannst kënne sech nach drun erënneren, mä keen aneren Auto huet viru 15 Joer déi Erfollegswell vun de Kompakt-SUV esou lassgetrëppelt wéi de Qashqai.

Elo steet déi 3. Generatioun am Showroom an de Paul Origer huet se fir eis am Alldag getest.

Automag: Nissan Qashqai

E klenge Schock war et schonn, wéi et 2006 bei Nissan geheescht huet: kee Kompaktauto à la Sunny oder Almera méi - an déi Plaz kënnt elo ee kompakten, bësse pummelege Crossover, deen no engem Vollek am Iran benannt gouf. Deemools wousst nach keen, dat Nissan domat genee de richtege Schratt gemaach hat.

Den Design

Qashqai Nummer 3 mécht a punkto Ausgesinn e grousse Sprong. Zackeg Linnen, eng dynamesch Silhouett a schaarf Falen am Blech, dat ganzt e bëssen am Stil vum klenge Brudder Juke. Den neien Design huet awer praktesch Virdeeler. Méi dënn Fenstersailen an d’Fixatioun vum Baussespigel un der Dir verbesseren d’Iwwersiicht weesentlech. Soss bleift et bei e puer Zentimeter, déi de Qashqai an all Richtung gewuess ass.

Den Interieur

Dee gewënnt duerch déi nei Plattform CMF-C mat méi Radstand och u Plaz. Been, Knéie, Kapp – am Qashqai ass een och zu méi Passagéier richteg lëfteg ënnerbruecht, d’Mall wiisst em 50 Liter op am ganze 500. Flott Tableaue kritt Nissan zwar nach ëmmer net hin, dofir léisst de Qashqai sech einfach bedéngen a bitt vill Oflagen an esouguer Steckdouse fir all Méigleches. Och am Kapitel Confort gëtt et näischt ze meckeren. D’Sëtzer an eiser Test-Topversioun Tekna Plus passe gutt a maachen och op Laangstrecken net midd.

Op der Strooss

Fir de Moment beschränkt sech d’Motorepalett op zwee 1300er Turbobensinner mat Mildhybrid-Technik. Ze fuere gouf et déi staark Versioun mat 158 PS, Automatik an 2 gedriwwene Rieder. U sech eng Kombi, déi besonnesch op laange Strecken hire Match extrem lafroueg, nawell souverän an, mat tëscht 7 an 8 Liter, esouguer spuersam mécht. Am Alldag op Kuerzstrecken kënnt den Undriff méi onharmonesch eriwwer. Fir d’éischt herrscht eng gewësse Lethargie beim Ufueren, duerno explodéiert de Motor quasi vun Dréimoment a léisst déi viischt Rieder relativ séier duerchdréinen, fir duerno beim Ofbremse mat Gerupps am Undriwsstrang ze nerven. Och den zimmlech synthetesche Feeling vum Gaspedal misst net sinn. Zum Gléck mécht de Qashqai beim Fuerverhale villes besser. Vill Feedback bei der Steierung, duerch déi méi zolidd Plattform mat neiem Fuerwierk a groussen 20-Zoll-Rieder eng knackeg Stroosselag esou wéi e plus un Handlechkeet duerch manner Gewiicht.

D’Präisser

Mindestens 28.000 Euro si fir de Qashqai fälleg, eis Testversioun mat 158 PS an Automatik als Tekna Plus läit bei 42.000. Net geschenkt, allerdéngs dann awer och mat allem wat besonnesch bei der däitscher Konkurrenz deier Oppräisser kascht. Wéi z. B. och déi nei Assistenzsystemer fir semi-autonomt Fueren, déi relativ gutt an zouverlässeg fonctionéieren. Oder Equipementer wéi Head-Up Display, Massagesëtzer am Nappalieder oder Voll-LED-Pharen, déi soss eréischt eng Kategorie driwwer ze kréie sinn.