E chineeseschen Hiersteller dee sech an Europa néierléisst, e Bléck op den éischten Elektroauto vum Boxer-Motor-Spezialist Subaru...

... wanterlech Tipps fir den Auto vu Schnéi an Äis fräi ze kréien an e Bléck op Essen, wou dëser Deeg eng vun de gréissten Tuning-Foiren hir Dieren opgemaach huet. D’Automag-News mam Akim Schmit.

Nodeems « Great Wall Motor » op der IAA seng zwou Marken “Ora” a “Wey” virgestallt huet, leet de chineesesche Constructeur den nächste Gang an. Zu München huet „Great Wall Motor“ seng Europazentral opgemaach. D’nächst Joer sollen zwee „Brand Experience Center“ zu München a Berlin entstoen. Geplangt ass doriwwer eraus de Bau vun enger Fabrick fir Batterie-Zellen, Moduler an Héichvoltspäicher bei eisen Noperen am Saarland. Dass d’Chinesen Münche gewielt hunn ass keen Zoufall: vun 2023 soll an engem Joint Venture mat BMW den neie Mini E a China gebaut ginn.

De Wanter steet an de Startlächer, a mat Temperaturen ënner Null gi moies erëm fläisseg Fënstere fräigekraazt. An och wann et lästeg ass:  d’Fënstere musse virum Depart fräi sinn erënnert den däitschen Automobilclub ADAC. Beim krazen soll een och net ze vill Drock op d’Fënster brengen fir ze verhënneren dass kleng Knaschtpartikelen d’Glas zerschréipsen. Am beschten eegent sech duerfir en Äiskrazer aus Plastik, oder alternativ en Entäisungsspray.

Mee net just d’Fënsteren heescht et ze botzen, och d’Plack, d’Pharen, d’Motorhauf an den Dach musse fräi vun Äis a Schnéi sinn. Sinn d’Fënsteren net gebotzt muss ee mat enger Strof vu 74 Euro rechnen, fir eng verknaschte Plack ginn 49 Euro verrechent. Dat selwecht kascht och d’Waarmlafe loossen vum Motor. Dat schued nämlech net just der Ëmwelt mee och der gudder Noperschaft.

Subaru huet elo säin éischten elektresche Modell virgestallt. De Solterra ass en 4,69 Meter laangen SUV a kënnt mat Front- an Allradundriff an enger Leeschtung vun 150 bis 160 kW. D’Lithium-Ioune-Batterie huet eng Kapazitéit vun 71,4 kWh woumat - no japanescher Verbrauchsnorm - bis zu 530 Kilometer beim vir ugedriwwene Modell méiglech si sollen. Fir d’Allrad-Versioun vum Solterra gëtt Subaru d’Autonomie mat 460 Kilometer un. De Modell ass zesumme mat Toyota entwéckelt ginn a soll Mëtt 2022 zäitgläich a Japan, den USA, China an Europa lancéiert ginn.

Europa kéint sech zum Leader fir de Recycling vun Auto-Batterien entwéckelen. Dat ass d’Conclusioun vun enger Etüd vum Fraunhofer Institut fir System- an Innovatiounsfuerschung. Duerch de Boom un elektresch ugedriwwenen Autoen entwéckelt sech an Europa en ëmmer méi grousse Maart fir Batteriezellen. D’EU geet vun 2,5 Megatonnen un neie Batterien bis 2030 aus. Experten ginn dovun aus, dass vun 2030 un all Joer ronn 230 Kilotonnen un ale Batterien ze recycléiere sinn. Fir dës enorm Quantitéiten ze meeschteren geet d’Branche vun Investissementer vun opt mannst 6 Milliarden Euro bis 2040 aus. Gläichzäiteg kéinten an der Branche europawäit ronn 3.800 Aarbechtsplazen entstoen.
 
Vu Volt a Kilowatt eriwwer bei Bensinn, Chrom an breet Schlappen: dëse Weekend huet d’Essen Motor Show hir Dieren opgemaach. Ronn 400 Aussteller wäerten nach bis de 5. Dezember getuned Autoen an Accessoire weisen. Nach steet den Tuning vu Modeller mat klasseschem Verbrenner am Mëttelpunkt, allerdéngs ass dëst Joer och den Tuning vun Elektroautoen e Sujet. 2019 waren nach 300.000 Visiteure gezielt ginn, fir dëst Joer wieren d‘Organisateure scho mat engem Drëttel dovun zefridden. Ticketen gëtt et nëmmen am viraus online ënner essen-motorshow.de.