• De PLUS

    • gelongene Banneraumdesign
    • quasi all Optiounen aus der S-Klass disponibel
    • handlech a komfortabel
  • De MINUS

    • Verarbechtung bannenan net ëmmer "premium"
    • keng 6- oder 8-Zylinder méi
    • relativ kleng Mall

Bei Mercedes sinn d’Rolle kloer verdeelt: op der enger Säit d’S-Klass, déi als Technik-Apostel sämtlech grouss Neiegkeete presentéiert...

... op der anerer Säit d’C-Klass, déi dës nei Technologien der breeder Mass zougänglech mécht an esou Suen an d’Keess spullt. Wéi déi elo 6. Generatioun vun der C-Klass sech am Alldag mécht, dat huet de Paul Origer fir eis getest.

Automag: Mercedes-Benz C-Klass

“De Baby-Benz” gouf en nach deemools gedeeft, den éischte Vertrieder an der kompakter Mëttelklass mat Stär, wéi nach kee vun enger A-Klass geschwat huet. Haut si mer bei der Baurei W206 ukomm an déi huet am Verglach mam Virgänger wierklech e grousse Sprong gemaach.

Den Design

Sportlech geduckt a mat coupé-ähnlecher Silhouette – esou steet se do, déi nei C-Klass. E bësse wéi ee vergréisserten CLA, mam méi oder manner selwechte Grill an, elo bei de Mercedes-Limousine Standard, de breeden Heckluuchten. Passé ass de Stär um Capot, dee kritt een nach just bei de grousse Bridder – dofir gëtt mat Powerdomes an – e bësse peinlech – Fake-Auspuffblenden am Bicherregalformat op déck Muckis gemaach.

Den Intérieur

Och bannen huet Mercedes den Design komplett ëmgekromt. An d’A stécht dat fonkelneit Armaturebriet dat, am Verglach mam Virgänger, weesentlech manner voluminéis an esouguer elegant ausfält. Optesch perfekt a gutt zur Hand integréiert sech doran och den zentrale Schierm am Format wéi bei der S-Klass. Anengems wiisst d’Raumgefill vir an esouguer och hannen, ouni dat een awer elo an der zweeter Rei d’Been iwwertenee schloe kéint. De Premium-Usproch sollen dann ee Konschtlieder-Iwwerzuch vum Tableau, vill Sëlwer-Applikatiounen an eng stylesch Ambientebliichtung erfëllen; op den éischte Bléck klappt dat och, op den zweeten trëfft een awer besonnesch am Sous-Sol op net esou schéinen haarde Plastik. Och wierken déi blénkeg Diergrëffer a virun allem d’Mëttelfach net esou héichwäerteg wéi erwaart. Dat eent oder anert Knistergeräisch huet dann och net laang op sech waarde gelooss. Wat d’C-Klass awer nach ëmmer, an esouguer besser, kann, dat ass Confort; extrem niddereg Geräischer, bequem Sëtzer an eng optimal Positioun – esou soll et sinn. Just de Mallevolume ass mat 455 Liter net grad üppeg ausgefall.

Den Undriff

Eisen Test-C war een 300er. Fréiher stoung dat fir 6 Zylinder, haut sinn et der nach just maximal 4, am C300 mat 2 Liter Hubraum an elektrescher Hëllef. 258 + 20 Päerd këddelt Mercedes aus dësem Aggregat, Fans vu 6- oder 8-Zylinder-Musek gi mat engem Sound-Generator getréischt, dee seng Saach awer mol guer net esou schlecht mécht.

Op der Strooss

D’Trauer iwwert d’Zylinder-Askese ass séier getréischt, den aktuell stäerkste Bensinner geet wéi Feier. Relativ fréi triede seng 400 Nm un, déi serieméisseg 9-Gang Automatik sortéiert zackeg a relativ onopfälleg déi eenzel Fuerstufen. Normal gefuer si 7 – 8 Liter Verbrauch dran. Niddereg bleiwen och d’Fuergeräischer, dozou passt d’Fuerwierk, wat trotz Verzicht op d’Loftfiederung an ausstafféiert mat groussen 19-Zöller, schlecht Stroossen nawell gutt gefiltert kritt. Bei bësse méi dynameschem Fuerstil gefalen déi niddereg Karosseriebeweegungen an déi net ze liichtgängeg Steierung. Aus der S-Klass iwwerholl gouf déi optional Allrad-Steierung déi elo beim Fueren net dermoossen opfält, beim Manövréieren awer dofir emsou méi.

D’Präisser

Beim Startpräis vun 41.500 Euro fir den 180er Bensinner wäert et ni bleiwen, ze lackeleg sinn an net mësse wéilt een déi vill nei an deier Optiounen aus der S-Klass. Ob elo Digital Light, de groussen Headup-Display, d’Assistenzsystemer oder d’Steierung vun der hënneschter Achs – wann ee sech e bëssen zervéiert, da sti séier wéi bei eisem Testauto 70 – 80.000 Euro um Kontrakt.