• De PLUS

    • Motor
    • Plazverhältnisser
  • De MINUS

    • Präis
    • Verbrauch

Am Automag hu mir haut een SUV am Test, deen nawell vill Päerd ënnert der Hauf huet.

De perfekte Familljewon, wann een et och bësse méi sportlech wëll hunn. De Rich Simon ass fir eis de VW Tiguan-R gefuer.

Automag: VW Tiguan R

Familljenauto an 320 Päerd ënnert dem Capot. Brauch een dat oder net? Déi rationell a logesch Äntwert ass sécherlech nee. Dacks fält awer al logescht Iwwerleeë wech wann een eppes huet wat engem gefält. Déi verschidden Tiguan-Modeller goufen op dëser Plaz schonns méi dacks virgestallt. Jo et ass sécherlech net de schéinsten SUV awer iwwer d'Verschaffen, d'Plaz déi een am Auto huet, a Funktionalitéit brauch een net de spatze Mëndchen ze maachen. Dat ass alles ganz einfach gutt.

Mam Tiguan R ass elo ee weidere Modell, dee bei d'VW-Famill bäikomm ass. R steet fir Racing, fir Power a wéi VW et gäre seet, fir Understatement. Obwuel deen Understatement beim Tiguan R dach schonns e bëssen opgehuewe gëtt. Ënnert anerem duerch déi blo Bremsbaken, déi sech an den 18 Zoll Bremsscheiwen festkrallen a déi d'Sécherheet matbréngen, déi deen Auto brauch.

Déi 320 Päerd aus dem 4 Zylinder 2 Liter Turbo mussen op de Buedem bruecht ginn. An dat ass beim Tiguan R de Fall. Do spillt engersäits de 4X4 mat. Anersäits awer virun allem duerch de sougenannten "Torque Vectoring". Hei gëtt d'Kraaft variabel tëscht de viischter an der hënneschter Achs agesat. Dobäi kënnt och nach, datt d'Kraaft sech an de Kéiere op dat baussecht hënnescht Rad fokusséiert. Dat mécht een Ënnersteiere praktesch onméiglech. Déi progressiv Lenkung gëtt engem een zousätzlecht Sécherheetsgefill. 7 verschidde Modussen stinn zu Verfügung an d'Sportfuerwierk léist sech och nach ëm 10 Millimeter erof setzen.

Wann ee richteg Spaass mam Tiguan R wëll hunn, dat schalt een an de Race Modus. Engersäits fir op alleguerten déi technesch Méiglechkeeten zeréck ze gräifen, déi ee sportlecht Fueren nach méi schéi maachen, an awer och fir vum Klang ze profitéieren deen duerch d'Auspuffklappen entsteet. Do huet een d'Gefill, datt ee géif an engem 8 Zylinder sëtzen. Sound-Erotik puer!

Apropos sëtzen: Déi sportlech Sëtzer mat R Logo ginn engem ee gudden Halt ouni awer datt een d'Gefill huet dran agequëtscht ze sinn. Beefräiheet huet een op der hënneschter Bänk méi wéi genuch. Den Tiguan R keeft sech sécherlech keen iwwerzeegte Jonggesell. Et ass nach ëmmer ee Familljenauto. An déi brauch Platz an der Mall 615 Liter normal a wann d'Sëtzer erof geklappt sinn 1.655 Liter. Do kënnt een net un de Skoda Karoq mat 1.810 Liter erun, et ass een awer mam Opel Grandland konkurrenzfäeg 

Déi 320 Päerd a 420 Newton Meter katapultéieren den Tiguan R vun 0 op 100 a 4,8 Sekonnen. Dat léist deen een oder anere renge Sportswon bleech ausgesinn. D'Spëtzevitesse läit bei 250 Kilometer an der Stonn. Dee Moment gëtt elektronesch gebremst.

De kombinéierte Verbrauch fir den Tiguan R gëtt VW mat 8,1 Liter un. Dat ass awer Wonschdenken. Bei villem gudde Wëll a mat méi wéi zeréckhalendem rietse Fouss sinn ech net un dee Wäert eru komm. Fir ënner 11 Liter ze kommen ass schonns bal eng Konscht. A wann een déi 320 Päerd dacks këddelt, da mierkt ee spéitstens nees, wat de Bensin aktuell kascht. Duerch ee Bensinstank vun, an dësem Fall just 60 Liter, gesäit een d'Personal vun der Tankstell méi dacks wéi engem dat Léif ass.

Bleift nach de Präis. Dee fänkt beim VW Tiguan R bei 57.390,00 € un.