• De PLUS

    • Motor
    • Brems
    • Soundanlag
  • De MINUS

    • Luuchtenastellung wuel net optimal
    • Sound ze brav fir esou een Auto

Am Automag vun haut gi mer zur Ofwiesslung nees eng Kéier an d’Segment vun den SUV, an dësem Fall aus dem Haus BMW.

A wann do d'M-GmbH hir Fangere mat am Spill huet, kéint et nawell sportlech ginn, oder wéi gesäis du dat Andy Brücker?

Automag: BMW X4 M Competition

Dee ganzen SUV-Hype ass jo eigentlech net sou Menges... ma wou d'Invitatioun komm ass, fir de Facelift vum X4 M ze testen, do hunn ech mech dann awer breetschloe gelooss.

Den Undriff

Geännert huet beim Facelift ënnert anerem de Motor. Et bleift zwar beim 510 PS staarke Biturbo-Reiesechszylinder mam Numm "S58", ma den Dréimoment klëmmt vu 600 op 650 Newtonmeter. Hei goufen deemno och elo d'Updates aus dem M3 an M4 Competition iwwerholl, sou z.B. déi méi liicht a méi steif Kurbelwell, duerch déi de Motor nach méi dréifreedeg soll ginn. Déi Ännerunge gesäit een dann och an den Zäiten, déi mat sou engem schwéieren SUV méiglech sinn. De Sprint vun 0 op 100 ass elo an 3,8 Sekonne méiglech, dat ass 0,3 Sekonne méi séier wéi beim Virgänger... an iwwregens op Niveau vun engem BMW M4 M Competition.

Eng Kritik déi de Virgänger sech dachs huet mussen ulauschteren, war dat dach zimmlech strafft Fuerwierk. Dat huet ee sech bei BMW zu Häerze geholl, an et gouf nach emol méi eng grouss Differenz vum Fuerwierkssetup gemaach, jee nodeem, a wéi engem Modi een ënnerwee ass. Et bleift een allerdéngs op der sportlech-ofgestëmmter Säit vum Comfort... Dat dréit dann och dozou bäi, dass een zimlech séier vergësst, dass een eigentlech an engem SUV sëtzt. Fir d'Fuerwierk u seng Grenzen ze bréngen, muss ee sech scho wierklech dru ginn. Eréischt a ganz enke Kéieren, tendéiert den X4 mat sengen iwwer 2Tonnen an Allrad, iwwert déi viischt Achs ze drécken.

Extrem gutt passt d'8-Gang Automatik bei de staarke Motor, souwuel wann een automatesch schalte léisst, grad ewéi och wann ee selwer iwwert d'Schaltpedals de Kommando iwwerhëlt.

Am Banneraum

Hei mierkt een direkt, dass een an engem M-Modell sëtzt, ouni awer dass et iwwerdriwwe wierkt oder opdränglech. E bësse Carbon, e puer M-Logoen, wéi z.B. um Steierrad oder an de Sëtzer... déi iwwregens liichten, wann een den Auto opspäert. De Cockpit wierkt net iwwerlueden an den Infotainment-System léisst sech gutt an einfach konfiguréieren. Den Head-Up-Display war fir mäi Gout en Tick ze grouss ausgefall, ma och dee kann ee sech méi kleng uweise loossen. Extrem gutt ass d'Harman-Kardon Sounandlag, déi keen Oppräis kascht. E positive Feedback krut ech dann och vun de Leit, déi op den hënneschte Plaze souzen. Och mat 1m88 huet een hannen nach genuch Kappfräiheet.

An d'Mall passen tëscht 525 an 1.430 Liter, wat absolutt passend ass fir sou en Auto. Duerch d'Silhouette vum Auto, dierf d'Gepäck allerdéngs net ze héich gebaut sinn, soss kann et emol enk ginn.

Wat nervt

Eppes woumat ech wärend dem Test ëmmer nees konfrontéiert war, war de Faite, dass d'Leit mer owes geblénkt hunn. Eisen Testauto hat d'BMW Laserlights, déi wierklech immens gutt liichten a sech automatesch um Verkéier upassen. Dat wuel awer net sou gutt, well d'Leit mech ëmmer nees drop wollten hiweisen, dass ech d'Pharen un hätt. Dann hunn ech nach schued fonnt, dass ee bannen, trotz M-Sport Auspuffanlag net wierklech vill vum Sound matkritt... ausser et dréint een d'Gäng wierklech ëmmer bis un den Uschlag... ma da bass quasi stänneg nom Motto ënnerwee: "wou soll ech mäi Führerschäin ofginn?"

Präisser

Lass geet et bei ronn 80.000 Euro... hors TVA! Eisen Testauto, mam M Competition Pack, grousser Bremsanlag, e bësse Carbon, Fuerassistenten asw, loung bei 108.000 Euro TTC.