• De PLUS

    • Design bannen a baussen (mol emol keen SUV)
    • Präis-Leeschtung
  • De MINUS

    • knapp Plazverhältnisser
    • synthetesch Steierung
    • komplizéiert Infotainment

Fir den Autosfestival 2022 hu mer eng nei Mark zu Lëtzebuerg: Polestar.

Am Fong keen Onbekannten, schliisslech huet sech Polestar bis elo ëmmer ëm déi méi sportlech Volvo-Modeller bekëmmert. Mee elo geet déi nei Geely-Duechter hiren eegene Wee an dat mam Polestar 2. De Paul Origer war fir eis op der Lëtzebuerger Presentatioun dobäi.

Automag: Polestar 2

Deen neie schweedeschen Autosconstructeur gëtt et schonn zënter 2017 – hiert Haaptgeschäft sinn Elektroautoen am Premium-Secteur. De Sëtz vun der Firma ass wuel zu Göteborg, gebaut ginn d’Polestar-Modeller awer a China. Fir de Moment ass d’Gamme och nach relativ iwwersiichtlech; mam Polestar 1, engem exklusiven High-Tech-Coupé mat 609 PS-Hybrid-Undriff a Carbon-Karrosserie goung et lass – de breede Public a virun allem d’Clientèle vun Tesla soll awer elo de Polestar Nummer 2 lackelen.

Den Design

Deen ass direkt schonn emol sympathesch. Merci Polestar, mol eng Kéier keen SUV mee eng klassesch, a wierklech attraktiv geformte Limousine. Eben am Stil wéi mer e vu Volvo kennen; flott Proportiounen, relativ kompakt Moossen a virun allem op dat néidegst reduzéiert. Klenge Gag, wann och näischt neies, ass de Knéck an der grousser Heckklapp, déi am Fong e Stufenheck virgaukelt, wann och Polestar vun engem Fastback schwätzt. Iwweregens ass e 4m60 laang, also e bësse méi kompakt wéi den Haaptkonkurrent Tesla Model 3.

Den Intérieur

Wéi vu Volvo gewinnt presentéiert sech de Banneraum schwedesch kill a gutt verschafft. Recycling spillt bei de Matièren eng grouss Roll a keen Déier huet misse seng Haut fir de Polestar 2 loossen. Esou minimalistesch wéi de Baussendesign ass dann och den Tableau; op Knäppercher gëtt komplett verzicht a quasi all Funktiounen op de groussen Zentralschierm konzentréiert. Deen ass awer leider, duerch vill Ennermenuen a verstoppte Funktiounen, net immens intuitiv ze bedéngen. Dofir entschiedegt op jidde Fall mol vir de Sëtzconfort emsou méi. Leider geet duerch d’Plattform, déi de Polestar 2 sech mam Volvo XC40 deelt, vill Raum verluer; engersäits duerch e relativ voluminéise Mëtteltunnel, anerersäits duerch den zerklüfte Mallebuedem deen, egal op 1 oder 2 Motoren de Volume op net grad üppeg 405 Liter reduzéiert.

Op der Strooss

Mol eng Kéier war et net deen décksten a stäerksten, mee déi gëlle Mëtt vun am ganzen dräi méigleche Versiounen, déi ech fueren duerft. 170 kW, spréch 231 Päerd an 330 Nm, verdeelt op 2 gedriwwe Rieder - dat ass knapp d’Hallschent vun der Topversioun a wat soll ech soen: et geet largement duer. Well och wann en net duerno ausgesäit, de Polestar 2 bréngt gutt 2 Tonnen op d’Wo, léisst sech awer och mat 231 PS flott beweegen. De Sprint op 100 kritt en a 7,4 Sekonne gemeeschtert ouni déi viischt Rieder ze iwwerfuerderen – e positiven Effekt vun der optimaler Gewiichtsverdeelung. Och beim dynameschen Tour iwwert d’Landstrooss léisst de Polestar esouguer Fuerspaass opkommen a sech anerersäits net aus der Rou bréngen; den ESP reegelt onopfälleg a vermëttelt dem Chauffer déi typesch schwedesch Sécherheet. Klenge Bemol sinn déi grouss 19 Zoll Rieder, déi relativ haart ofrullen an déi total indirekt Steierung – hei kéint sech Polestar awer nach eng Nuesvoll bei der Konkurrenz huelen. Mee fir de Rescht e perfekte Cruiser fir den Alldag, confortabel a lafroueg. Jee no Versioun gi bis zu 540 km Autonomie versprach, geluede gëtt mat maximal 11 oder, um Schnelllueder, 155 kW.

D’Präisser

E Premium-Elektroauto mat ronn 500 km Autonomie, do si mer dach bestëmmt bei 50.000 Euro? Ma hei kënnt d’Iwwerraschung: de Polestar 2 start scho bei 44.400, allerdéngs dann och ouni grousse Luxus. Dierf et emol alles sinn, da lant ee mat der Allrad-Topversioun mat 408 PS an allen Optioune bei ronn 69.000 Euro.

Am Januar soll de Showroom op der Cloche d'Or opgoen, bis dohinner kënnt der iech dem Paul seng Fotoen, esouwéi déi komplett Tariffer vum Polestar 2 op auto.rtl.lu ukucken.