An den News vun haut geet et ëm Nouvellë vum japanesche Konstrukteur Toyota, dem moderniséierte Jeep Wrangler an enger ganzer Rëtsch getéitschten Autoen.

Den Detail vun den Automag-News elo mam Paul Origer.

Automag: News vum 16. Dezember 2021

D’Joer ass geschwënn eriwwer an d’Crashtest-Organisatioun EuroNCAP presentéiert déi lescht Resultater fir 2021. 11 nei Modeller hu missen dru gleewen, dovunner sinn der direkt 7 mam volle Score vu 5 Stären ausgezeechent ginn. Als grouss Iwwerraschung kommen déi bescht Kandidaten aus komplett ënnerschiddleche Kategorien; ganz kleng ugefaang beim neie Skoda Fabia, iwwert de Kompakt SUV Nissan Qashqai bis bei den Allrounder VW Caddy. Eng Bescht-Leeschtung beim EuroNCAP gouf et awer och bei zwee Elektromodeller, nämlech dem fonkelneien BMW iX an dem Mercedes-Flaggschëff EQS. Do feelen der nach zwee, sot der? Richteg, Genesis G70 a GV70, allerdéngs um Lëtzebuerger Marché net vertrueden. Bei hinnen alleguer huet besonnesch de Schutz vun de Passagéier an d’Evitéiere vun Accidenter vill Punkte bruecht. Den neie Qashqai konnt sech duerch seng Assistenzsystemer behaapten an am EQS sinn d’Insassen, egal op Kanner oder Erwuessener, am beschte protegéiert. Mat 4 Stären och nach ëmmer zimmlech gutt schléissen zwee weider Elektroautoen of: de Fiat 500e an den MG Marvel R, deen op Lëtzebuerger Stroossen nach net fiert. Eng Datz gouf et allerdéngs fir den fréiere Stäre-Champion Renault. Den éischten Elektro-Dacia Spring kënnt knapps mat engem Stär dervun. Engersäits baut de rumäneschen E-SUV op engem scho problematesche Schwestermodell vum indesch-brasilianesche Renault Kwid op, anerersäits gouf aus Präisgrënn op vill Features verzicht, leider op Käschte vun der Sécherheet. Ganz hannen am Ranking bleift de Elektro-Pionéier Zoé mat null Stären. Seng technesch Basis ass am Fong nach vun 2013 an domat schonn 8 Joer al. Beim Facelift gouf et just besser Batterien, allerdéngs keng Verbesserungen a punkto Crashverhalen. Dës enttäuschend Resultater weisen, dat beim Wiessel op d’Elektromobilitéit bei Renault d’Sécherheet op der Streck bliwwen ass.

Wat fir Mercedes de G-Modell ass, dat ass fir Jeep de Wrangler. Een Offroad-Methusalem, deem säin Design am Fong an den 80er stoe bliwwen ass, an awer bis haut seng Fans behalen huet. Fir ökologesch fit ze bleiwen, kritt dem Wrangler säin 2-Liter 4-Zylinder nach 2 Elektromotoren zur Säit. Als 4xe mutéiert en esou zum Plugin-Hybrid a soll 50 km reng elektresch fuere kënnen ouni seng Offroad-Talenter ze verléieren. Vollgeluede sinn d’Batterien nees no manner wéi 3 Stonnen, dee Moment sti kombinéiert 380 PS an 637 Nm zur Verfügung. Kee Wonner dat de Wrangler domat an nëmme 6,4 Sekonnen op 100 sprinte kann. Net feelen dierfe beim Joergang 2022 natierlech och nei Assistenzsystemer wéi een aktive Kollisiounswarner oder een Assistent géint den doudege Wénkel.

Grouss Première ginn et bei Toyota. Ugefaange beim neie Corolla Cross. De meeschtverkaaften Toyota gëtt elo héichgeluecht a steet op der neier GA-C-Plattform. Dës bréngt Plaz am Banneraum, erméiglecht en dynamescht Fuerverhalen an, wéi soll et anescht sinn, ka mat der fënnefter Hybrid-Generatioun equipéiert ginn. Alternativ geet et virun, an zwar setzt Toyota als ee vun deene ganz wéinege Constructeuren op de Waasserstoff. Genee mat deem Undriff gëtt elo am klenge Sportler GR Yaris experimentéiert. Dee behält de 1600er 3-Zylinder mat Turbo-Opluedung, kritt seng Asprëtzung awer op Waasserstoff ëmgebaut. Net nëmmen d’Uspriechverhalen mee och d’Ëmweltgewëssen gëtt weesentlech verbessert ouni dat d’Sensatiounen an de Spaass um Verbrennungsmotor verluer ginn. An eng ganz aner Richtung geet de bZ4x – bZ fir Beyond Zero, deen éischte vollektreschen Toyota. Mat senger 71,4 kW-Stonne-Batterie packt dee kompakten SUV op d’mannst 450 km a gëtt an zwou Versioune proposéiert; virgedriwwe mat 204 an als Allradler mat 217,5 PS. Komplett Neiland ass dann och deen aussergewéinleche Look, deen den Design vun Toyota nei definéiere soll.