• De PLUS

    • Flotten Design
    • Gutt Sécherheetsassistenten
    • Präzis Lenkung
  • De MINUS

    • Net vill Plaz um Récksetz
    • Kleng Mall vis-à-vis vun der Konkurrenz

De Ford Fiesta ass jiddwerengem wuel e Begrëff. Fir Ford ass et eng "valeur sûre". An dofir gëtt net dru geduecht, fir den Auto aus dem Programm ze huelen.

Elo gouf et ee Facelift fir de Fiesta. Fir eis ass de Rich Simon den Auto gefuer...

Automag: Ford Fiesta

Zanter 1976 gëtt de Ford Fiesta gebaut. Mëttlerweil ass ee bei der 8. Generatioun ukomm. Et ginn net vill Marken, déi esou laang un engem Auto festhalen. Ford mécht dat awer an dat ass gutt esou. Iwwer Generatiounen ass a bleift de Fiesta beléift. Dofir huet et och net vill wäert fir vill drun ze änneren. Quasi nom Motto: "Never change a winning team". Heiansdo deet awer ee Facelift engem Auto gutt. An dat ass elo beim Fiesta geschitt.

Virun allem um Küler gouf vill gebastelt. Deen ass elo méi grouss an doduercher ass elo Plaz entstanen, fir de Ford Logo vum Capot an de Külergrill ze deplacéieren. D'Loftschächt riets a lénks si méi grouss ginn. Déi nei Serieméisseg LED-Luuchten sinn do der géint liicht méi schmuel ginn. Dës Ännerunge loossen de klenge Fiesta optesch elo méi grouss wierken. Do dernieft komme 7 nei Versioune vun Aluminiumfelgen vu 17 respektiv 18 Zoll.

Den Testauto hat 155 Päerd. Dat sinn der méi wéi genuch, fir de Fiesta. Den Auto fiert sech extrem gutt, mat enger direkter a präziser Lenkung, déi an den enke Kéieren voll ze iwwerzeege weess. Dat selwecht gëllt fir d'Bremsanlag, déi fir déi Präiskategorie, an där sech de Ford Fiesta beweegt, wierklech gutt ass. Wat d'Boîte ugeet, steet eng manuell 6 Gang, sou wéi am Testauto, oder eng 7-Gang-Automatik zur Verfügung. Den 155 PS-Modell gëtt et awer just mat der manueller Boîte. Firwat och ëmmer? Et kann een tëscht Connected, der bëllegster Versioun, Titanium, Active an ST-Line, der deierster Versioun wielen.  Fir hei op Detailer anzegoen, géif ze wäit féieren. Ee Wichtege gëtt et awer. Duerch Enkpäss déi duerch den Ukrain Krich ausgeléist goufen, gëtt et just nach d'ST-Line an der 3 a 5 Versioun all déi aner ginn et just als 5-Dierer.

Wat d'Motorisatiounen ugeet, gëtt et eng mat engem 1,1 Liter Motor a 75 Päerd. All déi aner hunn een 1 Liter Motor ënnert dem Capot. Ee mat 100 Päerd , da kommen zwee sougenannten Mild-Hybrid, déi mat enger 48 Volt Technik funktionéieren, mat 125 respektiv 155 PS, an nach den 200 Päerd EcoBoost fir ST Versioun. Alleguerte komme se mat 3 Zylinder zu Wee, wat bei méi héijen Dréizuelen zu relativ vill Kaméidi am Interieure féiert.

Apropos Interieur: Alles ass iwwersiichtlech ubruecht an och an enger uerdentlecher Qualitéit. Zu 3 gëtt et op der hënneschter Bänk enk an dat gëllt och fir d'Beefräiheet. Do huet ee relativ séier d'Oueren tëscht de Knéien. De Fiesta ass eebe kee Familljenauto. Och an d'Mall gi mat 225 Liter eng Partie Liter manner dran, wéi dat bei der direkter Konkurrenz vu VW Polo, Renault Clio oder Opel Corsa de Fall ass.

Houfreg ass ee bei Ford, op den "Wrong Way Alerte", deen engem ee Falschfuerer signaliséiert, respektiv de "Local Hazard" deen een iwwer geféierlech Situatiounen op der Strooss informéiert.

De Verbrauch gëtt Ford fir de Fiesta mat 155 Päerd mat 5 bis 5,6 Liter un. De Computer huet awer 7,3 Liter um Enn vun der Testfaart ugewisen. Woubäi een awer muss soen,  datt déi Testfaart virun allem aus enke Stroosse mat vill Kéiere bestanen huet an deemno gouf och vill acceleréiert.

D'Präisser fir den neie Ford Fiesta fänke bei 19.208 Euro un a ginn erop bis op 28.839 Euro.