• De PLUS

    • Variabel astellbar Récksëtzbänk
    • Kann och Offroad iwwerzeegen, falls emol néideg
    • Nohalteg Materialien am Banneraum verschafft
  • De MINUS

    • Keng Hybrid-Motoriséierung am Programm
    • Allrad just a Verbindung mat Top-Motoriséierung

Et gëtt se nach … d’SUVen ganz ouni Hybrid oder Elektro-Motorisatioun. Ee Vertrieder vun där Gattung ass de Skoda Karoq.

Dee gouf dëst Joer optesch an technesch opgefrëscht. Den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun war bei der Presentatioun mat dobäi.

Automag: Skoda Karoq

De Skoda Karoq huet 2017 d’Liicht vun der Welt erbléckst a gouf mëttlerweil iwwert eng hallef Millioun mol produzéiert. Am Joer 2021 war e bei Skoda hannert dem Octavia an dem Kamiq dee Modell, deen am drëttheefegsten ausgeliwwert gouf. En ass mëttlerweil a 60 Länner uechter d’Welt um Marché.

Gréisste Changementer

Besonnesch Wäert gouf drop geluecht, dass de Karoq nach méi effizient soll ginn. Do huet ee virun allem bei der Aerodynamik Verännerunge virgeholl. De Frontgrill gouf geännert, grad ewéi d’Parechocen, de Spoiler an och d’Felgen, bei deenen et elo 3 nei Modeller gëtt. Ma domat geet et net duer. Och ënnert dem Auto gouf Hand ugeluecht, a sou gouf zum Beispill och den Tank nei geformt, sou dass manner Loftverwirbelungen entstinn. Alles an allem gouf et eng aerodynamesch Verbesserung vu bal 10% an et kënnt een op en CW-Wäert vun 0,30, woumat een e Beschtwäert am Segment realiséiert. D’CO2-Emissioune konnte vun 2020 op 2022 ëm bis zu 15% reduzéiert ginn.
Am Banneraum setzt een elo op Wonsch op recycléiert, nohalteg Materialien. Sou sinn am optionalen Eco-Package zum Beispill d’Sëtzbezich deels aus recycléierte Plastiksfläschen hiergestallt.

Nei ass dann elo och d’Ambientebeliichtung an der hënneschter Sëtzrei, oder en elektresch verstellbare Bäifuerersëtz mat Memory-Funktioun.

Net feelen däerf natierlech de komplett digitale Cockpit mat engem bis zu 9,2 Zoll groussen Touchdisplay. D’Kombiinstrument geet vun 8 bis 10,25 Zoll. Jee no Package gehéiert dann och e WLAN-Hotspot zur Ausstattung a Kaarten- grad ewéi Software-Update geschéien «Over the air», ouni dass een extra an e Garage muss fueren.

Motorisatiounen

Wéi scho virdrun ugedeit… nee et gëtt keen Elektro-Karoq. Zur Auswiel sinn 3 Bensinner an 2 Dieselen. De klengen 3-Zylinder Besinner mat 1000 Kubik huet 110 PS an et kritt een e just mat enger 6-Gang manueller Boîte. Den 1500er 4 Zylinder huet 150 PS an ass och als 7-Gang DSG ze kréien. Als 2 Liter TSI mat 190 PS kritt een de Karoq och als 4x4. Den Diesel gëtt et mat 116 oder mat 150 PS, deen Ament dann och als Allrad.

Op der Strooss

Mir haten d’Geleeënheet de Karoq am Hannerland vu Porto ze testen. Hei war et e Mix aus Autobunn, flotte Landstroossen an och en Deel Schotter gouf mat agebaut. Als gebueren Offroader géif een de Karoq elo net onbedéngt betitelen, wann een e gesäit. Eng Buedemfräiheet vu bis zu 168 Millimeter ass uginn… an awer huet eis de virprogramméierten Navi dann op Strecken geschéckt, wou ee wuel besser mat engem Landrover Defender opgehuewe wier. Ob dat wierklech sou geplangt war vu Skoda war bis um Enn net wierklech erauszefannen, ma d’Streck mat décke Steng, enger Waasserduerchfaart, géie Steigungen asw hat et definitiv a sech. Ma ech muss soen, de Karoq huet sech gutt geschloen an huet all Obstakel gemeeschtert, och wann een definitiv besser hat kee Platten ze kréien, well wäit a breet war keng aner Mënscheséil ze gesinn an Handy-Reseau hat een do an der Pampa och net. D’Verantwortlech vu Skoda hunn op alle Fall erstaunt gekuckt, wou se d’Fotoe gesinn hunn, wou mer mam Karoq higeschéckt goufen. Ech ka mer virstellen, dee Parcours gouf duerno nach emol iwwerpréift.

Fazit

Optesch muss ee sech scho wierklech ustrengen, fir d’Ënnerscheeder vum neie Karoq am Verglach mam Alen ze erkennen. E soll elo méi spuersam sinn, an en Offroad-Test, deen ee sou zu Lëtzebuerg wuel net nohuele kéint, huet en och gemeeschtert. Am normale Stroosseverkéier leeft e souverän mat an d’Digitalisatioun ass och elo definitiv am Karoq ukomm. Präislech geet et lass knapps ënner 30.000 Euro. E gutt equipéierte Karoq läit bei ëm 45.000 Euro.