Datt Ford Autoe mat gudder Stroosselaach baut, ass entretemps bekannt. Wou déi performant Suspensiounen entwéckelt ginn, weess awer net jiddereen.

Zu Lommel an der Belsch, 3 Stonne vu Lëtzebuerg ewech huet Ford ee vu senge wichtegsten Testzenteren, an de Paul Origer gouf elo dohinner agelueden.

Automag: Ford Lommel Proving Ground

Eng wichteg Saach virop, beim Lommel Proving Ground schwätze mer net vun enger Rennstreck!

Richteg, dat hunn och déi responsabel zu Lommel nach emol betount. D’Aufgab vum Testzenter ass d’Entwécklung vun neien Autoen, an dat schonn zënter 1965. All Joers spullen d’Testween hei tëscht 5 an 10 Millioune Kilometer erof, an dat obwuel de Circuit knapp 100 km Längt huet. Mee et ass net nëmmen déi eenzeg Plaz vun deem Genre, déi et an der Belsch gëtt, mee och déi eenzeg Teststreck fir Ford Europa esou wéi Asien an Afrika.

Wat gëtt dann hei genee getest?

Natierlech geet et drëms all Ford-Modell ënnert reale Bedéngungen ze testen. Dat geet u bei der Zouverlässegkeet a wéi laang esou een Autosliewen et packe kann. Dann natierlech ee vun den Haaptpunkte bei Ford, d’Fuerwierk a wéi steif d’Karosserie an deenen eenzele Situatioune bleift, bis bei d’Teste vum Interieur an dem Infotainment. Dacks kritt Ford zu Lommel awer och Besuch vu Clienten oder Concessionnairen, fir wichtege Feedback ze kréien.

Woumat mer och bei engem neie Business wieren, dee Ford de Journalisten zu Lommel virgestallt huet...

Genee, dat war de Grond fir hir Invitatioun. Ford bitt nämlech elo och Fuertrainingen un, an dat fir all Privatleit, ob se ee Ford fueren oder net. Déi richteg Viraussetzungen hu se an hirem Testzentrum jo schonn; sief et kompetent Fuerinstrukteren, déi néideg Infrastruktur oder dat néidegt Geschier, wéi natierlech och d’Autoen, déi vu Ford gestallt ginn.

Wat kann een dann zu Lommel erwaarden?

Do ginn et verschidde Léiergäng mat verschiddenen Ziler. Vum normale Chauffer, deen einfach e puer wichteg Basics léiere wëll, bis zum Profi-Testchauffer. E klengen Abléck an d’Grond-Formatioun krute mer deen Dag och gebueden. Et geet un, wéi mer et jo och schonn an änlecher Form hei am Land zënter iwwer 25 Joer zu Colmer-Bierg ugebuede kréien: d’Fueren op rutschege Stroossen a wéi een den Auto am beschte beherrscht. Zu Lommel ass dofir awer keen extra Circuit mat extra Belag ugeluecht ginn, ma si maachen dat mat sougenannte Skidcars. Heifir gëtt zum Beispill e Ford Focus op e Gerüst mat 4 dréibare Rulle geschrauft, déi hannen a vir an der Héicht verstallt an domat de Grip variéiert ka ginn. D’Reaktiounen op Enner- an Iwwersteiere loosse sech esou ideal trainéieren.

RTL

Eng weider Etapp ass d’Ofbremsen an Evitéiere vun Hënnernesser aus héije Vitessen an d’Fueren am Slalom, dëst mat verschiddene Gefierer vu Focus iwwer Mustang bis zum 2-Tonnen-Transit. Den Highlight vun eisem Besuch war awer virun allem den Handling-Exercice iwwert den Track 7, bei deem den Auto an de Chauffeur gefuerdert sinn. Ideallinn sichen, richteg Beschleunegen, Bremsen a Steieren bei ënnerschiddleche Stroossekonditiounen, dat huet et a sech. Fuere mat héijer Vitesse ass natierlech och um Programm, heifir gëtt et zu Lommel ee 4,2 km laangen Oval mat Steilwand.

All Chauffer ka sech also zu Lommel weiderbilden, egal mat wéi enger Mark e fiert – natierlech interesséiert et eis och wat et kascht?

Hei ginn et eng Rëtsch Formullen vun 249 Euro fir d’Basis-Formatioun vun engem hallwen Dag bis zum 6-Stonne-Modul fir 555 Euro.

Informéiere kann een sech am beschten op www.fordlpg.com.

RTL