• De PLUS

    • Vill Plaz
    • Gutt Fuerassistenten
  • De MINUS

    • Just 2 Joer Garantie
    • Schlecht Siicht no hannen

Am Automag si mir nees elektresch ënnerwee. Nom ID.3 an ID.4 bréngt VW elo den ID.5 op de Maart.

De groussen Ënnerscheed zum ID. 4 ass, datt et kee klasseschen SUV ass, mä een SUV Coupé. De Rich Simon huet fir eis de VW ID. 5 getest.

Automag: Volkswagen ID.5

Optesch kënnt den ID. 5 relativ no un den ID. 4 erun. Well et awer een SUV Coupé ass, fält den hënneschten Deel awer vill méi flaach erof wéi beim ID 4. Dat léist den Auto och méi sportlech ausgesinn. Dat sportlecht vermësst een awer am Interieure. De Cockpit ass iergendwéi ze brav. Touchscreen schéi propper an der Mëtt. Virum Chauffeur nach ee klengen digitalen Display, deen engem déi Informatioune gëtt, déi ee brauch. Alles ok awer iergendwéi dach e bësse langweileg. Hei hätten Designer bësse méi Kreativitéit kéinten un den Dag leeën. Fir beim Interieur ze bleiwen: Et huet ee richteg gutt Plaz souwuel vir wéi hannen. Och d'Kappfräiheet, déi bei Coupé Modeller dacks verluer geet, ass och fir méi grouss Persounen déi un der zwee Meter Grenz krazen, keen Thema.

D'Mall huet 549 Liter. Dat klengt ganz ok. Vun der Fläch hir ass dat och de Fall, allerdéngs ass se net immens héich, sou datt ee relativ limitéiert ass, wat ee ka lueden a wat net. Wa mir schonns bei der Mall sinn. Et gesäit een net vill zu der hënneschter Fënster eraus. Dat ass awer leider een Trend, dee sech an de leschte Jore bei praktesch all Autosmark duerchgesat huet. Dobäi kennt awer beim ID. 5 nach, datt jee no Sëtzpositioun vum  Chauffeur, och nach den hënneschte Spoiler dofir suergt, datt een nach manner gesäit.

Den Undriff

Den ID. 5 gëtt et an 3 Versiounen. De Pro mat 174 Elektro Päerd, de Performance mat 204 an de GTX mat 299 Päerd. Déi zwee éischtgenannte mat 2-Rad an d'GTX-Versioun mat 4-Rad-Undriff. Een aneren Ënnerscheed ass deen, dass déi méi kleng Versiounen eng Spëtzt vun 160 Stonnekilometer hunn an de GTX vun 180 Kilometer. Alimentéiert ginn déi 3 Versiounen vun engem 77 Kilowatt Akku. Dee luet sech offiziell an 29, respektiv an 36 Minutten beim GTX Modell, nees op. D'Autonomie gëtt VW bei deenen zwee méi klenge Modeller mat 520 Kilometer un a bei deem Décken mat 490 Kilometer. Bei der 167 Kilometer Testfaart louch de GTX bei enger Consomatioun vun 18,6 Kilowatt op 100 Kilometer.

Op der Strooss

Den ID. 5 fiert sech gutt. Dat muss ee ganz einfach esou soen. Alles ass optimal ofgestëmmt. Ausser an de méi enke Kéieren, wou ee villäicht e bësse méi sportlech ënnerwee ass, mierkt een awer, datt een en Auto vun iwwer 2 Tonne ënnert dem Hënneschten huet. De Wendekrees geet beim GTX duerch de 4 Rad Undriff ëm knapp annerhallwe Meter erop. Am Stadverkéier ass dat sécherlech net vu Virdeel, allerdéngs dierfte sech déi mannste Leit deen Auto kafen, fir duerch d'Stad ze fueren. Eng helle Wull vun Assistente sollen engem d'Fuere méi einfach maachen. De sougenannten Travel Assist proposéiert engem zum Beispill, wann een op der Autobunn ënnerwee ass, fir méi lues Gefierer ze iwwerhuelen. Dobäi hëlleft den Assist beim iwwerhuelen och aktiv mat. Dat ass eng Spillerei un déi ee sech muss gewinnen, déi awer funktionéiert. Dat mécht och d'Parkhëllef. Déi parkt den Auto net nëmmen. Beim ID. 5 kann een op déi leschte 50 Meter, wann een déi bis eng Kéier a komplizéiert Afaarten ofgespäichert huet, zu all Ament zeréck gräifen, an den Auto fënnt de Wee zeréck a säi Schapp.

De Präis

47.740 Euro kascht an der Basis den ID. 5 Pro. Fir de Performance muss een 49.200 Euro bezuelen a fir de GTX 55.460 Euro. Fir mech ass hei de gëllene Mëttelwee déi beschten Optioun. Fir knapp 1.500 Euro kritt een 30 Päerd méi wéi beim Basis Model a fir iwwer 6.000 Euro manner kritt ee méi Autonomie a manner Luedzäit. Klenge Minus zum Schluss. Et gëtt just 2 Joer Garantie um ID. 5.