• De PLUS

    • Veraarbechtung
    • Präis
    • keng Liwwerzäiten
  • De MINUS

    • Sëtzpositioun hannen ze déif a wéineg Plaz fir d’Féiss ze strecken
    • Just maximal 87kw fir séier ze lueden
    • Verbrauch an deemno keng grouss Autonomie

Ee muss den éischte sinn. Déi Kéier fuere mir am Automag mam éischte praktesche Kombi, deen elektresch ugedriwwen ass.

MG5 Electric heescht deen, a kënnt aus China bei eis. Parallel dann och nach de Suzuki Vitara als Full Hybrid. De Christian Schmit hat sech fir di Presentatioun an d‘Belsch deplacéiert.

Automag: MG5 Electric a Suzuki Vitara FullHybrid

An do stoungen charmant Plazen ronderëm Huy an Durbuy um Programm. Chineeseschen a japanesche Kascht haut am Automag.

Fänke mir mam MG un. Kommen net méi aus Britannia, mee vum SAIC Konzern aus China.

Den Design

Onspektakulär. E klassesche Kombi erlieft hei seng Renaissance. Effektiv gouf et bis elo keng Kombiversioun als E-Auto.
4m 60 laang, an d'Mall kënnen eng 480 Liter eragetesselt ginn. Ass ee just zu zwee ënnerwee, da sinn et iwwer 1.350 Liter Volume. Dann ass e strubbel voll.

A wa mir da scho beim Luede sinn. Interessant, zwou Leeschtungsstufe bei der Batterie-Kapazitéit, a ganz erstaunlech Tatsaach, dass och zwee verschidde Batterie-Systemer a Fro kommen.

Dee klengen Akku mat 50 kw/h an der Standard / Confort Versioun versuergt en Elektromotor mat 177 PS. Den 61 kw Akku an der Luxury Versioun komescherweis nëmmen op eng Leeschtung vun 156 PS. Och op Nofro beim PR vun der Mark gouf et keng plausibel Erklärung heifir. Genee wéi op d’Fro, wisou bei der Batterie-Chimie op Lithium Eise Phosphat an och op d’Kombinatioun Lithium Nickel Mangan Kobalt gesat gëtt.

Den Dréimoment leit hei wéi do bei 280Nm, an och d’Fuerleeschtunge si quasi identesch.Vun op 100 sinn et 8,3 Sekonnen, an 185 km/h Spëtzevitesse sinn och respektabel.

Op eisem Testparcours mat engem gudde Mix aus Stad, Iwwerland an Autobunn konnte mir di vun MG annoncéiert 18 kw net erausfueren.

Bei Elektroautoen interesséiert jo och ëmmer d’Autonomie. Di tëscht 320 a 400km annoncéiert, schénge realistesch virausgesat et geet e fein doséiert mat Acceleratioun a Vitesse ëm.

D’Präisser

Fir Famill, Fräizäit a Beruff soll den MG5 Electric a Fro kommen. Mat attraktive Präisser a Leasing Offeren wëll e punkten. Well bei em 35.000 € fir d’Confort Versioun, a 40.000 € fir d’Luxury, gëtt d’Seel definitiv net erof gerappt.

De Fleet Manager dierft heiriwwer och zefridde sinn, net awer doriwwer, dass e rapid Lueden just mat 87kw erlaabt ass. Laang Strecke wëllen deemno virdru gutt geplangt ginn.

Wat positiv opfält, d’Qualitéit vu chineesesche Modeller verbessert sech rasant. E Minus gëtt et beim MG5 Electric fir d’Passagéier an der zweeter Rei. Sëtzpositioun ze déif, a Féiss passe net ënnert di viischt Sëtzer.

A punkto Ekipement ass zimmlech alles u Bord wat e brauch inklusiv eng Partie Assistenzsystemer.

Den MG5 Electric ass ab Summer disponibel, an et hätt en e Stock un Autoen parat, wat jo an dësen Zäite net esou normal ass.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Eriwwer bei de Suzuki Vitara FullHybrid. De Vitara en ale Bekannten an der Gamme. Elo kritt de 1500er mat 102 PS nach en Elektromotor vun 33 PS u seng Säit. Deen hannert dem Volant kritt vun deem Zesummespill net vill mat.

Lount sech de Vollhybrid? Fir kuerz Strecken oder an der Stad jo. A sollt et mol méi wäit op d’Rees goen, dann ass een hei net op Bornen ugewisen. 4 bis 5km kann ee reng elektresch fueren. Och an der 4X4 Allgrip Versioun ass en ze kréien. D’Batterie ënnert der Mall hëlt net ze vill Plaz ewech.

Eng Primm gëtt et net, wat bei engem Präis vu gutt 30.000 Euro fir de klengen Offroad Japaner en Avantage wier.