• De PLUS

    • Rouege Motor
    • Gutt Boîte
    • Vill Plaz
  • De MINUS

    • Vill haarde Plastik
    • SYNC 4 Infotainment den Ament net ze kréien

Am Automag hu mer de Ford Focus getest. Dee krut genee wéi säi klenge Brudder, de Fiesta, ee Face Lift verpasst.

An deen deet dem Auto gutt. De Rich Simon huet weider Detailer.

Automag: Ford Focus

Zanter 1998 gëtt et de Ford Focus. Hien huet deemools d'Successioun vum legendären Escort iwwerholl. Deemools war de Focus keen, wéi een et haut géif soen, absolutten Eye-Catcher. Dat ass hie sécherlech och haut nach net. Obwuel et mam neien Facelift an déi Richtung geet. Méi Kante vir an hannen. De Logo wandert, genee wéi elo beim Fiesta, vum Capot an d'Calander. Alles dat, a flott Felgen dobäi, loossen de Focus méi sportlech ausgesinn, wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war. Dat gëllt esouwuel fir den normale 5-Dierer wéi och d'Combi-Versioun, déi fir den Test zu Verfügung stoung.

 

Den Interieur

Plaz war nach ëmmer een Atout beim Focus. Domadder wëll ee beim potenziell Keefer punkten. An dat geléngt och. Souwuel hannen, wéi och vir huet ee masseg Plaz. D'Sëtzer sinn ok awer et gëtt sécherlech besser Qualitéit.

Ee Break keeft ee sech dacks wéinst der Mall. Déi ka bis zu 1653 Liter faassen, wat ganz gutt ass. Beim 5-Dierer huet een eng Mall vun 392 Liter a wann een déi hënnescht Sëtzer erofgeklappt huet, vun 1354 Liter. Leider ass och nees beim neie Focus  ze vill haarde Plastik verschafft ginn. Fir am iwwerdroene Sënn beim Interieur ze bleiwen. Markant, villäicht esou guer ze vill Markant, ass den 13,2 Zoll groussen Touchscreen, mam neien SNYC 4 Infotainment. Op der Presentatioun ass vill wäert drop geluecht ginn, wat deen alles kann. Et ass awer leider esou, datt eng Partie Komponente vum SNYC 4 an der Ukrain produzéiert ginn, an dofir ass de System aktuell iwwerhaapt net ze kréien.

Den Undriff

Den Testauto, deen zu Verfügung stoung, war de Focus Clipper, de Combi also, 1 Liter Eco Boost Hybrid mat 155 Päerd. Ouni déi méi kleng Motorisatioun mat 125 PS gefuer ze sinn denken ech, datt den 155 Päerd staarke Motor deen ass, dee perfekt bei den Auto passt. Hie leeft roueg, keng Vibratiounen an et kennt engem net vir, wéi wann hie just 3 Zylinder hätt. Den Auto acceleréiert vun 0 op 100 a gudden 8,6 Sekonnen. De Focus huet keen Iwwer- respektiv Ënnersteieren, hie villt sech an de Kéiere richteg gutt un. Do ginn et Autoen, déi méi kaschten a manner präzis sinn. Dat huet Ford richteg gutt gemaach. Och déi automatesch sougenannte 7-Gang-Powershift-Boîte ass gutt ofgestëmmt. De Verbrauch gëtt Ford fir mäin Testauto mat 5,2 bis 6,3 Liter op 100 Kilometer un. Op den ronn 150 Kilometer a ville Kéieren an der belscher Wallonie a praktesch kenger Schnellstrooss louch de Verbrauch awer bei 8,6 Liter.

Nieft den 125 an 155 PS staarken Bensinner ginn et och nach zwee Dieselen mat 95 an 120 Päerd.

De Präis

Genee Präisser sinn duerch den Ukrainkrich leider den Ament net ze kréien. De Focus Clipper mat 155 Päerd, deen zu Verfügung stoung, dierft awer esou bei 35.000 Euro leien.