• De PLUS

    • Motor a Leeschtung
    • Gutt Boîte
    • Fuerdynamik
  • De MINUS

    • Eenzel Punkte vun der Veraarbechtung
    • Präis

Wann en Auto vun enger bestëmmter Mark en “M” an der Bezeechnung vum Modell huet, huet dat ganz dacks mat engem erhéichte Risiko vu Fuerspaass ze dinn.

Den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun huet sech deem “Risiko” ausgesat an hat, wéi dir iech et scho kënnt denken, e BMW doheem an der Garagenafaart stoe fir puer Deeg.

Automag - BMW M240i xDrive Coupé

Fir genee ze sinn, war et den neie BMW M240i XDrive Coupe.... e laangen Numm fir en Auto mat just 2 Dieren. Et ass aktuell de stäerksten 2er BMW, an dat mat 374 PS a 500 NM Dréimoment. Zustane kënnt déi Leeschtung, typesch fir BMW, aus engem Reie-6-Zylinder, an dësem Fall mat 3 Liter Hubraum an duerch Bi-Turbo-Technik zwangsbeootement. Nach ass den neie BMW M2 net um Marché, ma dee wäert nach emol eng Schëpp drop leeën, wat d’Leeschtung ugeet. Dobäi muss ee sech dann awer d’Fro stellen, muss et wierklech méi Leeschtung sinn?

An diverse Vergläichstester schneit den aktuellen M240i schonn op d’mannst genausou gutt, wann net esouguer besser of bei der Fuerperformance, wéi den M2 vun der viregter Generatioun, ma de Präis ass dann awer och däitlech méi héich beim M2.

Design

Beim Design ginn d’Meenungen auserneen. Fänke mer vir un... do gëtt et net wéi beim 4er déi grouss Nier, déi vun uewen no ënne geet, a beim M4 oder och beim M3 staark kritiséiert gouf. Beim M240i gëtt et déi méi schmuel a laang Variant, an déi steet ëm och besser, fannen ech perséinlech. Hei sinn dann och vertikal Loftklappe verbaut, déi sech elektresch verstelle loossen, fir d’Aerodynamik ze verbesseren.

Den Auto ass am Verglach mam Virgänger gewuess, souwuel bei de Baussendimensiounen, wéi och beim Radstand, deen z.B 51mm méi laang ginn ass. Just wat d’Héicht ugeet, do ass en ëm 28 Millimeter agaangen, woumat d’Coupé-Linn nach méi zur Geltung kënnt.

Beim Heck vum neien 2er ginn d’Meenungen och wäit auserneen. Vun der Säit gekuckt, wierkt de Capot extrem laang am Verglach mat der Mall. Déi däischter Luuchten hanne verspreeën nach emol méi en aggressive Look. Den Testauto hat d’Faarf “Thundernight”, eng Zort ganz däischtert Mof géif ech mol soen. Definitiv eng speziell Faarf, déi am Stroossebild opfält, ouni awer elo opdränglech ze wierken. Och déi méi muskuléis ausgepräägte Radleef komme mat där Faarf gutt zur Geltung. Den Auto huet op alle Fall vill Opmierksamkeet kritt, souwuel wann ech domat ënnerwee war, grad ewéi och wann en enzwousch geparkt war, hu sech vill Leit den Auto ugekuckt.

Op der Strooss

D’Kombinatioun vu Motor an 8-Gang Steptronic funktionéiert impeccabel. Dobäi nach den Allrad... dat mécht definitiv Laun, wann een domat ënnerwee ass. Den Allrad ass dobäi och tendenziell liicht hecklasteg ausgeluecht, an net ënnersteierend. D’Spär ass dann och variabel astellbar... vun 0 bis 100%. Wann een da wéilt, kéint ee mam M240i ganz einfach ganz schéin Drifts op de Makadamm zauberen, ma dat wollt ech de Pneuen dann awer net undoen.

Och op laange Strecke fiert den M240i sech ganz komfortabel, och dank de gudde Sëtzer, mam M-Logo an der Kappstütz. Just fir deen deen hannendra sëtzt, dierft et net sou gemittlech sinn... op alle Fall dierf een net iwwer 1m75 sinn, wann een net mat schifem Kapp do wëll sëtzen. Ma et ass eben e Coupé.

D’Veraarbechtung ass ganz gutt... och wann ee plazeweis den Androck huet, dass anerer et dach en Tick besser maachen, virun allem wat déi ausgewielte Materialien ugeet. Och op den Dierpanneaue gëtt een Element wat d’Faarwe vun der M-GMBH soll zeréckspigelen... ma wierklech gutt gesäit dat net aus. Do ass d’Gesamtkonzept bei engem Konkurrent wéi z.B. dem Audi RS3 dann dach en Tick besser.

Wat mech z.B. gestéiert huet, war um Walhiewel fir d’automatesch Boite, dass genee do wou ee mam Zeigefanger ëmmer upeekt, do eng Uschlosskant vun zwee Plastikdeeler ass. Dat hätt een anescht kënne léisen, well all Kéiers wann ech dee Schalthiewel ugepak hunn, hunn ech déi Kant gespuert, an dat triggert een dann iergendwann an et wënscht ee sech, dass déi Kant net do wier.

Präisser

En einfachen 2er BMW Coupé kritt ee vun 38.000 Euro un. Mam stäerkste Motor an Allrad ass ee scho bei 57.000 Euro. An eisem Fall koum nach de BusinessPack dobäi, Comfort Pack, e puer Features aus der M-Sport-Kategorie, eng speziell Faarf an HeadUp-Display, woumat mer bei knapps iwwer 66.000 Euro gelant sinn.