Viru kuerzem hat CUPRA op een Event zu Terramar a Katalounien invitéiert. Freeën däerf ee sech op Modeller wéi Tavascan, UrbanRebel oder Terramar.

Et goung drëm de Journalisten an och de Politiker, ënnert anerem war de President vu Katalounien, de Pere Aragonès present, d'Zukunftspläng vun der Mark ze presentéieren.

Zanter datt CUPRA 2018 um Automobilmarché aktiv ginn ass, huet sech vill gedoen. D'Mark war, a wëll och an Zukunft, een onkonventionelle Wee goen. Ënnert anerem ewech vu fäerdege Schablounen, virun allem am Design. Ouni Zweiwel ass CUPRA bis elo eng Succes Story a kee One Hit Wonder. Dat ass um Event dacks gesot ginn. An et muss een de CUPRA-Leit och Recht ginn.

De Chiffre d'Affaire louch 2018 bei grad emol 420 Milliounen. 2021 bei 2,2 Milliarden Euro. Konkret bedeit dat, datt een bis elo eng 200.000 Autoen ausgeliwwert huet. Mëttelfristeg well een der 500.000 pro Joer un de Client bréngen. Dat sinn ambitiéis Ziler, déi den CEO vu CUPRA, Wayne Griffiths, deen duerch déi ganz Presentatioun gefouert huet, annoncéiert huet. Dofir gëtt een an Zukunft och um australesche Marché aktiv an och an de südamerikanesche Länner.

RTL

© Johannes Nollmeyer

Dee CUPRA, dee sech bis elo am beschte verkaaft huet ass de Formentor, mat ronn 50 Prozent vum globale Verkaf. Un deem gëtt natierlech festgehalen. Genee wéi awer de voll elektreschen Born an de Leon, kritt och de Formentor bis 2025 ee Facelift.

2025 gëtt fir CUPRA ee ganz wichtegt Joer. Da kënnt den UrbanRebel op de Marché, e weideren Elektroauto. Dee soll de Wee weisen, fir aus CUPRA eng voll elektresch Mark ze maachen. 2035 léist gréissen. Woubäi ee bei CUPRA schonns 5 Joer éischter voll elektresch ënnerwee wëll sinn.

Virum UrbanRebel kënnt 2024 nach de sportlechen SUV Terramar, mat konventionellem Verbrennermotor an awer och als Plug-in- Hybrid, op de Maart. Do dernieft och nach d'Elektrolimousine Tavascan.

RTL

© Johannes Nollmeyer

D'Fro, ob déi keen eng richteg Äntwert um Event fonnt huet, war: Wat gëtt mat all deem Succès vu CUPRA aus der Mammemark SEAT? D'Zukunft wäert et weisen.