• De PLUS

    • Gewiicht
    • flotte Retro-Design
    • Fuerverhalen a Fuerspaass
  • De MINUS

    • Oflagflächen am Cockpit deels onpraktesch
    • munch Schalter aus dem Renault-Regal passen net sou richteg bei d'Gesamtkonzept

Haut hu mer et am Automag mat enger franséischer Ikon ze dinn, déi virun allem duerch hir Optrëtter am Rallyesport an de 70er Jore berüümt ginn ass.

Automag - Alpine A110 S

Rieds ass vun Alpine. Gegrënnt gouf d’Mark 1955 vum Jean Rédélé, dee selwer am Automobilsport aktiv war, a vun do och seng Motivatioun hat, selwer en Auto ze bauen, sou wéi hie sech e virgestallt huet. Wierklech bekannt ginn ass d’Mark awer duerch d’Alpine A110, déi vun 1961 – 1977 gebaut gouf. Den A110 war dann och dee Modell, deen an der Rallye-Welt fir Opmierksamkeet gesuergt huet. 1969 stoung de Jean Vinatier bei der Rallye Monte-Carlo op Plaz 3 am General... 1973 war et du souguer en dräifach Erfolleg fir Alpine mat Andruet, Andersson an Nicolas op den dräi éischte Plazen. Dat war och d’Joer, an deem Renault d’Aktien-Majoritéit bei Alpine iwwerholl huet. Bis an d’90er Jore huet d’Mark weider nei Modeller erausbruecht, ma nom Alpine A610 Turbo war Schluss. Eréischt 2017 gouf d’Mark nees an d’Liewen zeréckgeholl an hat du mam Revival vum A110 d’Zeeche vun der Zäit richteg erkannt, an e moderne sportlechen Auto am Retrodesign op de Marché bruecht, deen direkt nees vill Fans begeeschtere konnt. Elo koum dann en éischten dezente Facelift eraus.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Den Undriff

An der Alpine ass e 1800er Turbo 4-Zylinder verbaut, an dat als Mëttelmotor. Mir haten den A110S, bei deem dann net manner wéi 300 PS op déi hënnescht Achs geschéckt ginn. Den Dréimoment ass dann och am Verglach mam Viergänger liicht eropgaangen op elo 340 Newtonmeter. Geschalt gëtt iwwert eng 7-Gang Doppelkupplung, déi fir mäi Gout en Tick méi séier kéint reagéieren, wann een un de Padels zitt, ma dat ass wierklech just e klengen Detail. De Sprint vun 0 op 100 gëtt mat 4,2 Sekonnen uginn, wat duerchaus realistesch erschéint, wann ee bedenkt dass mer eis bei engem Gewiicht vu just ronn 1.100kg beweegen. Dat huet ee soss just bei Modeller vun der Mark Lotus kannt.

Op der Strooss

D’Alpine ass wéi gemaach fir déi flott Landstroossen, déi mer hei am Land hunn. Den Auto ass flénk, agill, huet dobäi net zevill Leeschtung, ma ëmmer nach méi wéi genuch, fir zu kengem Ament ënnermotoriséiert ze sinn. De 4-Zylinder huet säin typesch-rauen Toun, dee geleeëntlech mol vun engem Turbo-Säuselen begleet gëtt. D’Lenkung ass immens präzis, an et däerf een net ze hektesch um Steierrad dréinen, well all Lenkbefeel gëtt direkt ëmgesat. Dofir mat verantwortlech sinn och d’Michelin Cup 2-Pneuen, déi bei richteger Temperatur einfach nëmmen e Genoss sinn, wat Präzisioun e Feedback vun der Strooss ugeet. Déi optional Sabelt-Sportsëtzer an eisem Testauto si mat dat Bescht wat ech bis elo an engem sportlechen Auto hunn duerfe fueren. Onprakesch ass just, dass ee se net an der Héicht verstelle kann, ouni d’Sëtzkonsole musse lasszeschrauwen.

Den Interieur

Nei ass elo de 7-Zoll Display mat Navi- a Multimediasystem mat Touchscreen, Bluetooth, Apple CarPlay an Android-Auto. Fir tëscht Drive, Neutral a Réckgang ze wiesselen, huet een 3 Knäppercher amplaz en Hiewel, déi schéi agebett sinn an enger Carbon-Mëttelkonsol. Tableau de Bord, Steierrad an d’Sëtzer si mat Alcantara iwwerzunn, wat a Kombinatioun mat den Alu-Elementer, dem Carbon a Lieder einfach just extrem gutt a richteg ausgesäit.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Eng Oflagfläch fir den Handy ass och virgesinn, déi ass awer just schwéier ze erreechen, wat eventuell och sou gewollt ass, fir dass ee wärend dem Fueren net einfach un den Handy kënnt a sech op d’Strooss konzentréiert.

RTL

© Andy Brücker / RTL

E bësse Plaz fir Gepäck huet een net just an der Mall, ma och nach vir ënnert dem Capot. Fir gemittle Weekendausfluch zu 2 dierft et allemol duergoen.

Präis

Fir den normalen A110 mat 252 PS geet et bei knapp 58.000 Euro un. Den A110 GT start bei 67.000 Euro an den A110 S bei knapp 70.000 Euro. Eisen Testauto mat Cup2-Pneuen, de Sportsëtzer an Alcantara loung bei 75.000 Euro.