Zanter iwwer 3 Méint ass et offiziell: D’Mark Alpina gehéiert elo zu BMW.

D'Burkard Bovensiepen GmbH vu Buchloe aus dem Ostallgäu ass net nëmmen ee vun deene klengsten an exklusiivste Constructeuren op der Welt, mee si kucke mat iwwer 50 Joer och op eng grouss Traditioun zeréck. Gëtt déi elo bei BMW virugefouert a wéi koum et iwwerhaapt zu deem Schrëtt - de Paul Origer war bei engem Alpina-Event um Bilster Berg mat dobäi a gouf opgekläert!

Automag: Wéi steet et ëm Alpina?

Schwéier Zäite fir Petrolheads a Fans vun exklusiven Autoen!

Allerdéngs. An enger Zäit vu schlechter Stëmmung wou et iwwerall kriselt an d’Käschten an d’Luucht ginn, denkt een net méi onbedéngt u Spaass a Freed um Autofueren. Iwwer 57 Joer huet awer déi Freed um Fueren an dee Bensin am Blutt d’Famill aus Buchloe dozou motivéiert, als kleng Manufaktur hir Autoen ze bauen. D’Konzept vu grousszügege Motorisatiounen an héichwäerteger Verpackung hat Succès, 1500 – 2000 “exklusiv Automobiller” goufen esou pro Joer verkaf. Déi ongewëss Zukunft huet awer beim Andreas Bovensiepen, ee vun de Geschäftsféierer vun Alpina, Froen opgeworf. Wou sti mer a 5 – 10 Joer? Dann ëmmer nees nei Restriktiounen ronderëm CO2 a Co an dat ugekënnegt Enn vum Verbrennermotor - wann och, duerch déi niddereg Stéckzuelen, verschidden Aschränkunge konnten ëmgaange ginn, den Dag vun engem grousse Changement wier sécher komm.

An deem Changement hätt sech Alpina net kënne stellen?

Scho virun deem Dag, wou BMW un hir Dir geklappt huet - iwweregens fir d’éischt an der Geschicht vun Alpina – gouf sech an der Famill natierlech intensiv beroden. Fir eng kleng Firma wéi Alpina si käschtenintensiv Entwécklungen wéi Hybrid- oder Elektromotorisatiounen einfach net méiglech. 10 Milliounen a méi gi vun esou Projete verschlongen a brauche laang Zäit bis se prett sinn. Och wann déi kleng Manufaktur de Moment finanziell gutt do steet, wier esou ee grousse Schratt net méi an hirem Sënn. Alpina huet sech drop spezialiséiert, existent BMW-Modeller ze vereedelen, sief et duerch Motortuning, nei Fuerwierker an Auspuffanlagen oder natierlech dem typeschen Understatement-Design. Och hat sech d’Kooperatioun mat BMW ganz positiv virun entwéckelt; bis zu 80% sinn d’Alpina-Modeller bei BMW gebaut ginn.

Wéi geet et dann elo mat Alpina virun?

Enn 2025 leeft d’Kooperatioun mat BMW aus, dee Moment gëtt d’Mark an de BMW-Portfolio integréiert fir warscheinlech de Luxussegment auszebauen. Bis dohinner ass natierlech mat engem groussen Zoulaf op déi lescht “richteg” Alpina ze rechnen, besonnesch an den Haaptmäert USA an Däitschland. Well un Demande feelt et nach ëmmer net. No der Coronakris ass d’Nofro esouguer nach emol gewuess, d’Gamm ass esou grouss wéi nach ni virdrun an de Peak vun 2000 Autoen gouf 2021 geknackt.

Alpina wäert vun 2026 un den Numm nach dierfe fir hir Spart “Alpina Classic” viru benotzen; d’Reproduktioun vun Ersatzstécker souwéi d’Konzentratioun op déi méi al Modeller an hire Service wäert zu de Prioritéite ginn. De Standuert zu Buchloe ass fir BMW natierlech net interessant gewiescht. D'Famill Bovensiepen denkt dofir iwwert een Zentrum fir hir Community no, och ee Musée mat Modeller aus hirer grousser Sammlung kéint a Fro kommen. Den Andreas Bovensiepen, Geschäftsféierer a responsabel fir Sales a Management wënscht sech op jidder Fall, dat ënnert BMW hir kleng awer exklusiv Mark weider u Popularitéit gewënnt.