• De PLUS

    • eegestännegen Design
    • Fuerwierksofstëmmung
    • Plaz an der zweeter Rei
  • De MINUS

    • Klimaanlag zitt
    • Lued nëmme mat 80kW

Am Automag vun haut steet déi zweet Generatioun vum Kia Niro am Mëttelpunkt.

Den Akim Schmit huet sech dee kompakten SUV am Detail ugekuckt.

Automag: Kia Niro

Spéitstens mat der neier Markestrategie déi Kia 2021 an d’Liewe geruff huet, bléist e frësche Wand beim koreaneschen Hiersteller. Nom EV6 steet elo den Kia Niro a senger zweeter Generatioun am Mëttelpunkt. An anescht ewéi erwaart gëtt et dësen net nëmmen als rengen Elektroauto, mee och als Hybrid a Plug-In Hybrid. Mee der Rei no.

Den Undriff
Dräi Variante proposéiert Kia: als Hybrid mat 141 Päerd Leeschtung, als Plug-In Hybrid mat neierdéngs 183 Päerd ënnert dem Capot oder als rengen Elektroauto. Niro EV heescht en dann, huet eng Leeschtung vun 204 Päerd a soll mat sengem 64,8 kWh groussen Akku am Ënnerbueden ronn 460 Kilometer wäit kommen. Ob déi Reechwäit realistesch ass, konnte mer bei der Virstellung am Ëmland vu Frankfurt net iwwerpréiwen. Am Géigesaz zu der Héchstvitesse, déi bei 167 km/h läit.

Dat zielt iwwregens och fir d’Hybrid a Plugin-Hybrid Versiounen, déi scho kuerz virdru Raute wénken. Bei dëse kënnt als Basis en 1,6 Liter Turbobensinner zum Asaz dee vun engem Elektromotor ënnerstëtzt gëtt. Beim Hybrid brauche mer net vun elektrescher Reechwäit ze schwätzen. Beim Plug-in Hybrid gesäit d’Saach schonn anescht aus: seng 11 kWh grouss Batterie soll am Alldag fir 69 Kilometer elektresch Reechwäit duergoen, an bréngt den Niro bis op Autobunnsvitesse ouni dass de Bensinner ënnert d’Äerm gräife muss.

Op der Strooss
Egal wéien Undriff ënnert dem Capot stécht: d’Plattform, also déi technesch Basis, ass ëmmer déi selwecht. D’Fuerwierks-Ingenieuren hu bei der zweeter Generatioun vum Niro de Fokus op de Confort geluecht, ma an awer de Fuerspaass net aus den Aen verluer. D’Lenkung ass präzis, d’Stroosselag gutt an et huet een d’Gefill wéi op Schinnen ze fueren. Dat gëllt ëmsou méi fir den Niro EV, deen d’Passagéier beim Gas ginn erwaardungsgeméis an de Sëtz dréckt an den Auto mat Liichtegkeet op Vitesse bréngt. Dass en am direkte Vergläich zu sengen Hybrid-Bridder wéinst der Batterie am Ënnerbuedem méi héich läit, mierkt een hannert dem Steierrad net.

Den Design
Den Niro gräift déi nei Designsprooch vu Kia op a géif och als Concept-Car op engem Autossalon eng gutt Figur maachen. D’Front gëtt vun den ongewéinleche Pharen dominéiert, déi fir en onverwiesselbaren Optrëtt suergen. D’Tiger-Nues, déi de Kia-Design laang Zäit begleet huet, gëtt esou zur Niewesaach. An der Säiten-Usiicht stécht déi breet C-Säil an d’Aen. En Tunnel léisst d’Loft duerchstréimen, wat fir eng verbessert Aerodynamik suergt. An den Deckel vun der Mall erënnert vun der Linnie-Féierung liicht un den EV6.

Bannendran ass net ze iwwersinn, dass den EV6 d’Virbild ass. Esouwuel déi zwee matenee verbonnen Ecran’en fir den Tacho an den Infotainment, d’Steierrad an d’Multimode-Commanden déi sech d’Klimaanlag an den Infotainment-System deelen, goufen iwwerholl. D’Sëtzer si bequem a bidde genuch Säitenhalt an hu fir d’Passagéier op der Réckbänk USB-C-Uschlëss agebaut fir all méiglech Gadgeten ze lueden. An déi dierften genotzt ginn, well op der Réckbänk méi Plaz ass, wéi een vu Baussen erwaarde géif. Den Niro kéint deemno als Familljenauto duerchgoen. Virausgesat, de Budget passt. Mat 42.500 Euro steet den Niro EV an der einfachster Equipementslinn an der Präislëscht.