• De PLUS

    • Wéineg Verbrauch
    • Gudden Handling
    • 10 Joer Garantie op der Batterie
  • De MINUS

    • Keng Händschekëscht
    • Relativ kleng Mall
    • Zum Deel oniwwersiichtlechen Display

Am Automag vun haut, stelle mir iech nees eng voll elektresch Maschinn vir. An dat ass den Toyota bZ4X.

Fir de japanesche Konstrukteur ass dat komplett Neiland. Bis elo gouf et nämlech nach kee Modell vun Toyota, dee just mat Batterien ënnerwee ass. De Rich Simon huet fir eis den bZ4X getest.

Automag: Toyota bZ4X

bZ4X. Dat klengt net immens sexy. De bZ steet fir "beyond zero". Domadder well ee soen, datt ee esouguer mat manner wéi null Emissiounen ënnerwee ass. Bescheidenheet ass wuel eppes aneschters. Dobäi huet sech Toyota laang, jo méi laang Zäit gelooss,  wéi déi meeschten aner Marken, fir den éischte voll elektreschen Auto ze lancéieren. An dat als ee vun de Virreider an der Hybridtechnik.

Wat den Design ugeet, war Toyota awer sécherlech ni ee Virreider. Et ass een ëmmer e bësse säin eegene Wee gaangen. An dat ass och beim bZ4X de Fall. Vill Ecken a Kanten. Domadder heft een sech vun der Konkurrenz, wou dacks dat ronnt souwuel am hënneschten Deel, wéi och iwwer de Capot ewech am Mëttelpunkt, of. Domadder fält ee jiddwerfalls op. Bei deenen engen negativ, bei deenen aner positiv.

RTL

© Rich Simon / RTL

Undriff

Zwou Motorisatioune stinn zu Verfügung. Engersäits een 204 PS staarke Frontundriff an anersäits de 4X4 mat zwee 80 Päerd Motoren op der viischter an hënneschter Achs. Woubäi den hënneschte Motor réischt aktiv gëtt, wann e gebraucht gëtt. De Sprint packt den 218 Päerd staarke Modell vun 0 op 100 a 6,9 Sekonnen. Déi méi kleng Motorisatioun brauch 7,5 Sekonnen. De Crossover fiert sech gutt op der Strooss. Dat huet ënnert anerem domadder ze dinn, datt d'Akkuen esou am Buedem placéiert sinn, datt den Auto een idealen Schwéierpunkt huet. Well et ee Crossover ass, läit den Toyota bësse méi héisch op de Rieder. Dat erlaabt et engem ënnert anerem duerch ee 50 Zentimeter Waassergruef ze fueren. Op awer vill Leit dat maachen, woen ech ze bezweifelen.

RTL

© Rich Simon / RTL

Ee Grip Control erlaabt et engem, ouni vill musse selwer ze maachen, fir extrem Penten erop-, respektiv erofzefueren. Den Duerchschnëttsverbrauch gëtt Toyota mat 18kwh un. Op der Testfaart vun 103 Kilometer louch de Verbrauch mat Klimaanlag esouguer bei 17,9 kwh. Dat ass ganz gutt bei engem Auto, deen ëmmerhin awer 2,3 Tonne schwéier ass. Dee Verbrauch kéint eventuell nach bëssen erofgoen, wann den Toyota eng sougenannte "Seegelfunktioun" hätt. Déi gëtt et awer leider net.

Interieur

Toyota ass bekannt fir praktesch Autoen ze bauen. Dat ass hinne mat hirem Crossover och zum gréissten Deel gelongen. Genuch Plaz vir an hannen. Leider ass awer ze vill haarde Plastik verschafft ginn. Allerdéngs muss ee soen, datt deen net ufänkt mat jiipsen. Jiddwerfalls net bei engem neien Auto, dee logescherweis am Test zu Verfügung stoung. Beim bZ4X ginn et awer och e puer minus Punkten. An där Sëtzpositioun, déi ech am Auto hat, hunn ech de Gros vum Display viru mir net gesinn. Iwwer eng Händschekëscht, hunn ech mir bis elo ni grouss Kappzerbrieches gemaach. Wann déi awer feelt, da weess ee wat een dovunner huet a wat alles dra passt. Där gëtt et awer keng am bZ4X. D'Erklärungen, firwat dat esou ass, ware vun den Toyota Leit net ganz, bis guer net iwwerzeegend.

RTL

© Rich Simon / RTL

Net ganz iwwerzeegend ass och d'Mall mat 452 Liter. De VW ID.5 zum Beispill huet bal 100 Liter méi. Den Hyundai Ioniq 5 huet  esouguer 136 Liter méi.

RTL

© Rich Simon / RTL

D'Präisser fir den Toyota bZ4X fänke bei 48.270 Euro un. D'Liwwerzäite sinn an dësen Zäiten een Dauerthema, wann et ëm nei Autoen geet. Déi solle bei 5 bis 8 Méint leien, ouni Garantie awer. Apropos Garantie. 10 Joer gëtt Toyota op der Batterie, wann een déi all Joer checke léisst.

Den bZ4X ass den éischte vollelektreschen Toyota. Bis 2030 wëll de japanesche Konstrukteur awer 30 Modeller op de Maart bréngen.