• De PLUS

    • clever Hybrid-Technik
    • agreabelt Fuerverhalen
  • De MINUS

    • Plaz an der Mall wéinst der Batterie
    • 2.500€ Oppräis fir d'Hybrid-Technik a keen Ëmweltbonus

Den Nissan Juke steet an den nächste Minutten am Automag am Mëttelpunkt. Mä dee gëtt et dach schonn eng Zäitchen, seet ee sech.

Den Nissan Juke steet an den nächste Minutten am Automag am Mëttelpunkt. Mä dee gëtt et dach schonn eng Zäitchen, seet ee sech. Dat stëmmt, mä elo kënnt eng Hybrid-Versioun dobäi. De Christian Schmit hate mir op d’Presentatioun geschéckt.

Automag: Nissan Juke Hybrid

An déi sollt zu a ronderëm Paräis sinn. Esou goung et ganz vif mam TGV an d’Seine Metropole fir den Nissan Juke Hybrid kennenzeléieren.

Den Juke by Nissan huet et net esou einfach. Extrovertéierten Design a just eng eenzeg Motorisatioun, dat huet keng rise Spréng an der Verkafsstatistik mat sech bruecht.

Den Undriff

Elo dann eng zweet Motorisatioun nieft dem 1000er 3 Zylinder mat 114PS. D’Hybrid-Versioun proposéiert 94 PS aus 1600 Bensinner ouni Turbo, mee do kommen dann nach gläich zwee Elektromotoren dobäi. De Starter-Generator leescht 20 PS, an den Elektromotor steiert der 52 bäi.

De Jerôme Grigny aus dem Nissan Entwécklungsteam erkläert, dass een enk mat de Renault-Kolleegen aus der Formel 1 zesummegeschafft hätt. Op eng Trenn-Kupplung tëscht dem Verbrennungsmotor an der Boîte wollt ee verzichten.

D’Allianz mat Renault besteet jo nach ëmmer, an esou gouf di hei Hybrid-Technik och zesummen entwéckelt. Kee Plug-In Hybrid, de Juke gëtt net mam Stécker un eng Borne ugehaangen. Dobäi gehéiert Nissan jo eigentlech mam LEAF zu de Pionéier wat Elektromobilitéit ugeet.

Op der Strooss

Duerch d’Allianz mat den E-Motricë kommen do eng 143 PS als System-Leeschtung zesummen. Dat si 25 % méi wéi 3 Zylinder Turbo Alternativ déi am Programm bleift. An da kréie mir versprach, dass di méi staark Versioun nawell 20% manner Duuscht soll hunn.

Also näischt wéi hannert de Volant an op den Testparcours. Dee féiert eis op charmant Dierfer a laanscht Schlässer ronderëm di franséisch Haaptstad.

Hei mierkt ee séier, wéi dacks een tatsächlech reng elektresch ënnerwee ass. Am renge Stadverkéier kënnen dat bis zu 40% ausmaachen. Eng defensiv Fuerweis virausgesat, an den E-Pedal Knäppchen an der Mëttel Konsol aktivéieren.

Esou kréie mir dann och um Enn um Bordcomputer just eppes iwwer 5 Liter affichéiert. Kloer d’Bremsenergie déi recuperéiert gëtt hëlleft de Verbrauch och nach reduzéieren.

Elo weess ech mech ze erënneren, am Oktober d’lescht Joer den 1000er mat 114 PS am Test gehat ze hunn, an do waren et effektiv eppes iwwer 6 Liter déi mir verbraucht hunn. Positiven Nieweneffekt och nach. Acceleratioune lafe geschmeideg of, an den Dezibel-Peegel hält sech och a Grenzen. Vill besser wéi bei enger stufeloser CVT-Boîte.

E puer Kilometer kann een am EV Modus den Nissan Juke och reng elektresch beweegen.

D’Präisser

Jo do heescht dann awer fir d’Hybrid-Technik déif an Täsch gräifen. Eng 2.500 Euro muss engem dat wäert sinn, a wéinst der Batterie de Verzicht op 70 Liter Volume an der Mall. Dofir e bëssche méi Temperament, a manner Verbrauch bei verhalener Fuerweis. Vu baussen a bannenan ass den Hybrid Juke kaum ze ënnerscheeden. Ausser um neie Külergrill, wat vum neien Elektro Modell Ariya kënnt.

Ob mir den Juke vun Nissan elo méi dacks am Stroossebild gesinn, bleift ofzewaarden. Zu wat esou en Juke alles am Stand ass, konnte mir op der Presentatioun gesinn. Ech soe just R-Snow, Juke GT-R an Juke Rallye Tribute Concept.