• De PLUS

    • Motor
    • Fuerspaass
    • Veraarbechtung
  • De MINUS

    • Präis
    • Suchtpotential

Nodeems an de leschten Automag-Emissioune Rieds war vun Elektroautoen, Stadflitzer bis bei e Pickup, geet et elo bei eng weider Gattung, nämlech e Cabrio.

Den Andy Brücker zielt eis, ob en dann och “oben ohne” fuere konnt.

Automag - BMW M4 Competition Cabrio

Déi Fro kann ech ouni Weideres mat “jo” beäntweren, och wann ech den Dag, wou ech e siche war, dach léiwer mat zouenem Dag gefuer wier, well et war deen Dag, wou mer 39 Grad am Grand-Duché haten. Ma wourëm geet et eigentlech? Majo ëm de BMW M4 Competition Cabrio.

Op der Strooss
De Kolleeg Paul Origer hat am Summer zejoert jo schonn d’Geleeënheet den M3 an den M4 um Circuit zu Zolder ze fueren, an do war eng vu sengen Aussoen “hätte mer en op der Strooss gefuer, hätte mer warscheinlech déi eng oder aner Passfoto kritt.” Also ech muss do dem Paul Recht ginn... deen Auto ass eigentlech einfach ze performant fir d’Strooss, och als Cabrio. De Motor mat 510 PS a 650 NM aus engem Reiesechszylinder Biturbo huet einfach Kraaft ouni Enn, a kënnt och mat de bal 2 Tonne vum Cabrio gutt zu Wee. Ech hu mech ëmmer mol nees musse bremsen, fir net wierklech mäi Fürerschäin ze riskéieren. Wat ech dann awer elo eng éischte Kéier gemaach hunn... ech sinn an Däitschland op d’Autobunn gefuer, fir dann awer emol richteg duerchlueden ze kënnen, mam Daach zou. D’Beschleunegungswäerter si phänomenal... 0 op 100 an ënner 4 Sekonnen an en Topspeed vun 280 km/h sinn uginn. Ech hat et bis 260 probéiert... woubäi bei 230 de Softtop ugefaangen huet sech akustesch bemierkbar ze maachen. Ma e fiert sech op laange Strecke wierklech bequeem an immens sécher. D’Fuerwierk ass och net ze sportlech ausgeluecht. Nach méi Spaass mécht den M4 Competition Cabrio dann awer, wann den Daach erof ass an een iwwer Landstroossen domat fuere kann... et muss een halt just säi rietse Fouss ënner Kontroll hunn, well den Allrad a Kombinatioun mat de Michelin-Pneuen droen hiert dozou bäi, dass een d’Limitte vum Auto eigentlech net wierklech op der normaler Strooss erfuere kann.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Am Banneraum
Wuelgeformte Sportsëtzer am bronge Lieder hu mech ëmmer gutt genau do gehal, wou ee soll sëtzen, nämlech mëtteg hannert dem Lieder-Steierrad mam M-Logo an e puer Carbon-Applikatiounen. D’Sëtzer haten iwwregens net just eng “hëtz-Funktioun” fir de Réck an den Allerwäertesten, ma och e Fön mat waarmer Loft fir d’Genéck.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Oder awer konnt ee sech bei de waarmen Temperaturen déi mer haten an hunn, och mat frëscher Loft de Réck kënne killen. Deemno fir all Situatioun déi richteg technesch Helferlein, fir sech wuel ze fillen. Hanne kënnen iwwregens just 2 Persoune Plaz huelen, dat och just wa se net all ze grouss sinn, a wann een net grad de Wandschott installéiert hat, well béides zesumme geet net. De Wandschott ass iwwregens hannert der hënneschter Réckbänk an enger separater Posch verstoppt, deen ech net direkt fonnt hat.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Plaz an der Mall huet een erstaunlech vill, wann ee mat zouenem Daach fiert. Da sinn et respektabel 385 Liter. Ass de Stoffdaach allerdéngs verstaut, dann huet een nach 300 Liter Mall.  
 
Fazit
Ech wëll mer guer net virstellen, wéi vill Laun en M4 ouni Cabrio op der Strooss mécht, well deen ass jo dann nach emol ronn 150kg méi liicht. An da gëtt et jo och nach den M4 CSL, deen nach emol 100kg méi liicht ass, an och nach 40 PS méi huet. Also dat ass op eise Stroosse wierklech net méi ze fueren, well do steet een all Kéiers wann een de Motor demarréiert direkt mat engem Been am Bing. Ma och de Cabrio ass eng absolutt Fuermaschinn, déi souguer dëst Joer mat de ville Sonnen-Deeg souguer scho bal Sënn géif maachen, och an eisem klenge Lëtzebuerg.

Fir deen, deen et intresséiert. De Verbrauch ass mat 10,2 Liter uginn... bei mir loung e bei knapp 12 Liter.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Präisser
Lass geet et bei 99.250 Euro, virun Optiounen. Deemno gëtt et sécher 6-stelleg, wann ee sech dee Fuerspaass gönne wëlle. Dat beweist dann och de geteste Modell, dee mat sengem individuellen Interieur plus Lackéierung, BMW Laserlight, Soundanlag, an e sëllegen aneren Optiounen op 114.000 Euro kënnt.

RTL

© Andy Brücker / RTL